Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Mamm am Hamsterrad

Film

Eng Mamm am Hamsterrad

"One Day" (Egy Nap) ass een intimistesche Portrait vun enger iwwerfuerderter Mamm aus de Mëttelklassen. Den Debut-Film vun der ungarescher Realisatrice Zsófia Szilágy leeft an der offizieller Kompetitioun vum CinEast-Festival. Eng Kritik.

auto_stories

3 min

Zsófia Szamosi (Foto: CinEast)

Der Anna hiren Dag ass gutt gefëllt, fir net ze soe stresseg. Als Enseignante gëtt si Italienesch-Coursen. Als Mamm muss si sech ëm d'Besoine vun hiren dräi Kanner bekëmmeren. Gläichzäiteg muss déi 40 Joer al Fra mat de Säitespréng vun hirem Mann eens ginn. Zu allem Iwwerfloss ass d'Famill mat finanziellen Enkpäss geplot...

Wéi wa si sech misst duerch den Dschungel kämpfen

Déi relativ banal Handlung vu "One Day" ass och am Opbau einfach gehalen. D'Geschicht spillt sech an engem Owend an engem Dag of, woubäi d'Kamera dem Anna op Schrëtt an Trëtt nogeet: wann d'Kanner erwächt ginn, um Kaffisdësch, bei der Schoul, op der Aarbecht, bei de sëllechen Aktivitéite vun de Kanner, am Auto, asw.

Mee de Film ass vill méi komplex wéi een um éischte Bléck kéint mengen. Duerch d'Kombinatioun vu verschiddene Stilelementer bréngt d'Realisatrice et fäerdeg, eng stéckeg, scho bal klaustrophobesch Atmosphär ze schafen. Ugefaange mat den däischteren, gro-bronge Faarwtéin, déi d'Bild dominéieren. Dann d'Kameraféierung. Iwwer laang Strecke gëtt op Knéienhéicht gefilmt, um Niveau vun de Kanner, déi ugedoe musse ginn, déi un der Hand musse gefouert ginn, där hir Spillsaachen a knaschtegt Besteck mussen ewech geraumt ginn... Et ass wéi wa si sech misst an engem Dschungel duerch de Bulli kämpfen.

Duerch déi hektesch Kamerabeweegungen an de schnelle Montage kann et engem als Spectateur scho bal dronke ginn, a fir Kappwéi suergt dann och nach dee permanente Kreesch (Gekrasch, Gejäiz, Gebraddels, Videospiller, Autosverkéier, asw.) - ëmsou besser kann ee sech an d'Situatioun vun der Mamm eraversetzen.

Iwwerfuerderung

D'Gefill vun der Iwwerfuerderung gëtt duerch eng Hellewull u klengen Detailer verstäerkt, all déi Saachen, un déi d'Anna esou muss denken, virop de gutt gefëllte Stonneplang vun den dräi Kanner - an da sollt et jo och nach d'Kanner vu Frënn féieren, asw. Heiansdo féiert deen Duercherneen och zu komesche Situatiounen: wann een dem Kand vu Frënn Schong undeet, déi engem anere Meedche gehéieren, oder wann d'Autosdier fir d'Vrecken net wëll opgoen an ee mierkt, datt et dee falschen Auto ass.

Als zousätzlech Laascht huet d'Anna da permanent d'Suerg am Hannerkapp, hire Mann - deem se souwisou net méi vill ze soen huet - kéint grad mat der beschter Frëndin am Bett leien. Momenter vun der Rou fënnt d'Fra héchstens am Auto oder wa si sech ëm dee jéngste Bouf këmmert, dee krank ass... Am Kontrast zu deem Duercherneen steet dann déi stoesch Haltung vum Anna (gutt gespillt vum Zsófia Szamosi). Woubäi een sech permanent freet, zu wéi engem Moment d'Fra ënnert dem Drock zesummebrécht...

Portrait vun de Mëttelklassen

"One Day" ass iwwert déi individuell Geschicht eraus ee soziale Portrait vun den ungaresche Mëttelklassen, mat deem ee sech wahrscheinlech och a westeuropäesche Gesellschafte kann identifizéieren. D'Kanner gi gefërdert a mat "usprochsvollen" Aktivitéiten - Cello, Ballet... - iwwerlaascht, an der Hoffnung, datt se spéiderhin op deem Kapital kënnen opbauen. D'Elteren, déi sech net nëmme finanziell afferen, bleiwen dobäi dacks op der Streck.

Bei deem rasanten Tempo, mat deem sech den Alldag ofspillt, wou d'Familljememberen just nach fonktionnéieren, bleift fir eng normal Kommunikatioun keng Zäit. Et kann ee sech froen, ob um Enn iergend een domat glécklech gëtt. Déi Fro beäntwert d'Regisseurin Zsófia Szilágy vläicht mat enger Zeen, an där d'Mamm verzweiwelt mam Auto an engem Rond-point fiert a fiert, wéi an engem Hamsterrad, aus deem een net erauskënnt. "One Day" ass ee vun deene beschte Filmer an der offizieller Kompetitioun vum CinEast.


Den ungareschen Drama "One Day" leeft nach eng Kéier am Kader vum CinEast-Festival, den nächsten Donneschdeg um 20h30 an der Cinemathéik.