Radioen

On air

Notturno  |  Alan Palomo - Stay-At-Home DJ

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Plaz fir Kënschtler

D'Kënschtlerresidenz Canopée

Eng Plaz fir Kënschtler

Am Pafendall ass sou munch engem schonn dat alt Paschtoueschhaus opgefall, wat renovéiert gouf a wou bont Geméis am Gaart wiisst. Dëst ass déi nei Kënschtlerresidenz vun der Asbl Canopée an der Stad. D'Membere sinn am Mee erageplënnert an hunn dem Lara Bousch gezielt, wat an deene sechs Méint schonn alles lass war a firwat esou eng Kënschtlerresidenz vläicht och wäertvoll ass.

auto_stories

4 min

Canopée huet verschidden Aktivitéiten. Engersäits produzéiere si Theaterstécker an Dokumentarfilmer anerersäits huelen si Kënschtler aus der ganzer Welt am Paschtoueschhaus am Pafendall op. Bis zu fënnef Kënschtler kënne gläichzäiteg do wunnen, meeschtens Schauspiller oder Dänzer, déi an de Stater Theatere prouwen.

Mee d'Këntschlerresidenz ass net nëmmen en Ersatz fir en Hotel, wou déi meeschte Kënschtler soss ënnerkommen. Der Tessy Fritz, Kënschtlerin a Member vu Canopée, geet et net nëmmen dorëm de Kënschtler eng gënschteg Bléif ze bidden:

"Ech mengen, et ass einfach sou en fruchtbare Buedem, net nëmmen Tomate wuessen hei. Voilà et si genuch Iddien a Wuerzelen do, déi ee kann upake fir Saachen zesummen ze maachen. Dir hat mech drop ugeschwat, wat geschitt ass zanter deem mir hei sinn. Ganz vill Renconteren eben. Et sinn eng 35 Kënschtler, mengen ech, déi hei gewunnt hunn eng Zäit. An dat ass vill, also iwwer de leschte sechs Méint. An dat sinn einfach schéi Momenter. Et contribuéiert e bëssen dozou, datt Kënschtler net isoléiert an engem Hotel sinn, mee och fir en abordabele Präis. An dat ass d'Iddi och firwat d'Stad Lëtzebuerg eis do och ënnerstëtzt huet bei där Sich. Datt dann eben net sou vill Suen an d'Hebergement eraginn oder an Hotellen, mee datt ee vläicht zesumme ka liewen. Also ech fannen et schéin, datt Sue vu baussen an d'Kreatioun gestach ginn an net onbedéngt an Hotellen."

Am Fong ass et jo bal net ze vermeiden, datt wa kreativ Mënsche matenee wunnen, och nei Iddie keimen. Iwwer de Kënschtlerduo Borderlovers aus Portugal huet Canopée zum Beispill spontan en Dokumentarfilm realiséiert, mee heiansdo kooperéieren d'Gäscht och mateneen, zielt d'Tessy Fritz. Den Echange géif stattfannen, obwuel jiddweree säin eegent Zëmmer huet. Et géif awer och en Espace commun ginn, wou een eng kleng Jam Session oder en Training kéint organiséieren, dat wiere Reim, wou ee sech treffe kéint.

"Am Dag oder owes, wann een zesummen ësst oder e Patt zesummen hëlt. Ech sinn dovunner iwwerzeegt, datt et dacks an deenen informelle Momenter passéiert, datt een eben einfach matenee schwätzt an da léisst een dat rouen an da mécht een hei säi Projet an da geet een Heem an dann ass et scho virkomm, datt e puer Méint duerno een ugeruff a gesot huet "ah ma mir haten dat doten dach zesumme virun e puer Méint mat engem Dänzer, kanns de mir deem säi Kontakt ginn", a sou hu mir dann erausfonnt, datt en neie Projet entstanen ass och mat verschiddene Länner dann, an dat fannen ech super schéin."

De Wunnmarché: Och fir Kënschtler komplizéiert

Datt de Kollektiv Canopée elo sou frou ass, hu si och enger laanger Sich ze verdanken. Et war net esou einfach eng Plaz an der Stad ze fannen. Den ugespaante Wunnmarché ass fir Kënschtler, déi dacks a prekäre Verhältnisser liewen eng haart Noss:

"Also wou mir dat Joer gesicht hunn, ware mir vill an Administratiounen an der Stad Lëtzebuerg. Mir haten natierlech och eng Demande gemaach beim Kulturministère, déi och geschriwwen hunn, datt se den Ament keen sou ee Bien hätten. Mir hunn och bei anere Fongen ugefrot. Mee méi wäit mir komm sinn, wat mir ebe gemierkt hunn, datt vill Leit sech an den Administratiounen gefrot hunn: mee firwat Kënschtler, firwat brauchen si dat, wisou brauche si speziell dee Raum, fir ze wunnen an ze schaffe méi wei anerer? Obwuel et jo net méi ass wéi anerer. Et war dofir vläicht komplizéiert fir eben ze weisen, datt och Kënschtler vläicht prekär opgestallt sinn an um Marché vill Problemer hunn. Well e groussen Deel vu sengem eegene Budget geet eben an de Loyer an et ass wierklech e Stress do."

De Projet ass am Pafendall net onbemierkt bliwwen. Dat villt Geméis am Gaart, wat zesumme mat der Associatioun équitable ugebaut gëtt, huet bestëmmt och e bëssen zu deem Lien bäigedroe wann et un d'Nopere verschenkt gouf.

"Ech hunn nach ni esou vill Leit an engem Quartier getraff, déi an deem Quartier, wou si wunnen, gebuer sinn. Ech hu sou vill Pafendaller kennegeléiert, déi ganz direkt a riicht eraus sinn, an ech fannen dat super. D'Leit woussten och schonn alleguerten, wéi mir hei erageplënnert sinn, wie mir sinn a wat dat ass. Si si bei eis komm, ganz virwëtzeg a mir hunn am Summer e klengt Gaardefest gemaach, well mir sou vill Geméis haten, zesumme mat Equitable. Dat war e ganz schéine Moment. An ech mengen, mir si ganz richteg hei, well wa mir Projeten entwéckelen, da versiche mir vläicht och Leit ze beréieren, déi vläicht net zwee Mol an der Woch an den Theater ginn, mee vläicht fir si fir eppes ze begeeschteren, wat net onbedéngt muss héich intellektuell sinn, oder wou een einfach keng Angscht muss hunn."