Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng rasant Geschicht mat villen Thematiken

Saleem Haddad - Guapa

Eng rasant Geschicht mat villen Thematiken

De Saleem Haddad beschreift a sengem Debut-Roman "Guapa" 24 Stonnen aus dem Liewe vun dem jonke Rasa. Eng rasant Geschicht, wou d'Gefiller, d'Politik, d'Sich no der Identitéit, Erënnerungen, Ängschten an d'Léift, déi grouss Rolle spillen.

auto_stories

4 min

An iergend engem onbekannte Land lieft de jonke Rasa zesumme mat senger Groussmamm an engem Déngschtmeedchen zesummen. Säi Papp ass dout, d'Mamm huet d'Famill scho laang virdru verlooss. Si liewen an engem Haus, dat voller Souveniren un de Papp ass, en Haus an deem de Rasa probéiert säi Wee ze fannen, sech vun der konservativer Groussmamm, der Teta, ze emanzipéieren, seng Léift ze liewen.

"Dies war die erste Lüge, die ich Teta je erzählte, und in diesem Moment löste sich ein Teil meiner selbst unwiderruflich von ihr. Die klebrige Flüsigkeit in meiner Kehle war so weit weg von den Worten, die aus meinem Mund kamen. Ich war jetzt zwei Personen in zwei verschiedenen Wirklichkeiten, und die Regeln der einen hoben die der jeweils anderen auf."

Zwou Wierklechkeete sinn och de roude Fuedem an dësem Roman, wou d'Widderspréch permanent openee stoussen. Sief et am politesche Sënn an dësem orientalesche Land, sief et an den USA, wou de Rasa eng Zäit laang studéiert huet. Et sinn awer virun allem déi zwou Wierklechkeete vum jonke Mann, deen e falscht Liewen no bausse weisen an dat richtegt vu Banne verstoppe muss.

An hei geet et net just ëm seng Homosexualitéit a seng grouss Léift, déi virun der Teta an der ganzer Gesellschaft muss verheemlecht ginn an dësem ondefinéierten arabesche Land, wou alles am Opbroch an Ëmbroch ass.

24 Stonne mam Rasa

De Lieser begleet de Rasa just een Dag laang. 24 Stonne gefëllt mat Erënnerungen, Reflexiounen, Léift an der intensiver Sich no der Identitéit. D'Sich no der Identitéit - u sech e Begrëff, deen an dësem Roman seng absolut Berechtegung huet, well de Saleem Haddad mat enger Komplexitéit d'Thematik ugeet.

D'Buch ass an dräi grouss Kapitelen agedeelt. Am éischten Deel léiert een de Rasa a säin Ëmfeld kennen, hie schafft als Iwwersetzer, huet eng heemlech Relatioun mam Taymour, déi a sengen Aen awer keng Zukunft dierf hunn an déi hie sech awer méi wënscht wéi soss eppes.

Vun den éischte sexuellen Erfahrunge bis bei den Openthalt an den USA

De Rasa erënnert sech u seng éischt sexuell Erfahrungen an un déi éischt Schrëtt zu der Erkenntnis, datt hie schwul ass an de Versuch sech selwer ze begräifen, sech an enger Gesellschaft erëm ze fannen, déi hien nimools akzeptéiert.

Dës Gesellschaft, déi awer grad am Gaang ass sech ze veränneren, wou Revolutioun ass, do sinn op der anerer Säit och Repressalien a Willkür ganz no.

Déi aner Säit, dat ass am zweete Kapitel Amerika. De Rasa erënnert sech u säin Openthalt an den USA, wou hie studéiere kann an en Job an enger Bibliothéik huet.

"Aus der ganzen Welt gehen Traumtänzer nach Amerika", warnte mich Teta. "Aber der Traum ist nur ein Köder. Amerika ist wie ein Angelhaken, an dem man dich fängt, und dann wirst du entweder kleingehackt und verspeist, oder wenn du ihnen nicht schmeckst, dann wirst du zurück ins Wasser geworfen, mit einem riesigen Loch in der Wange."

An hei dann nach emol d'Sich no der Identitéit, dat baussen a bannen - den intellektuelle schwulen Araber, deen a kenger Gesellschaft eng Plaz huet, well all Deel vun him an iergendenger Welt net akzeptéiert ass.

"Malouf bezeichnete die Identität als etwas Formbares, das den Launen der Gesellschaft unterworfen sei. Er war der Meinung, dass eine Person sich am stäerksten mit dem Aspekt ihres Wesens identifiziere, der gerade angegriffen wird - und tatsächlich war es in Amerika nicht mein Schwulsein, sondern meine arabische Herkunft, die verächtlich schien."

Fir de Rasa ass alles e Kampf

Am drëtte Kapitel ass de Rasa gedanklech erëm a sengem Land, a senger Bidden, am Haus vun der Teta, an a sengem Kierper, deen hien als e Prisong gesäit. "Ich lebe in diesem Gefägnis der Widersprüche, die sich in meinem Kopf wie streunende Katzen bekämpfen."

A kämpfe muss de Rasa och, net just fir seng Léift, fir seng Identitéit, fir d'Iwwerliewen an engem Land, deem seng Zukunft sech tëscht der Revolutioun an dem Terrorismus decidéiert. De Rasa muss och mat der Wourecht kämpfen, akzeptéieren, datt seng Léift a säi Courage net duer ginn, wann deen aneren net de selwechte Wee mat geet.

An den Titel vum Roman?

"Vielleicht sollten wir zu einer Demo gehen"

"Jaja. Super Idee. Lass uns zu einer Demo gehen. Und gegen wen sollen wir demonstrieren?"

"Gegen alles und jeden."

"Klingt gut", antwortet Maj. "Aber zuerst vielleicht ein, zwei Drinks im Guapa."