Radioen

On air

Resonanzen  |  Nei Releasen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Relatioun ouni Kanner ass e Stigma

CinEast

Eng Relatioun ouni Kanner ass e Stigma

Et ass hiren éischte Longmetrage, an d'Ana Maria Rossi weist an hirem Film "Ajvar" den Ënnergang vun enger Relatioun. E Bestietnis, dat auserneebrécht, well keng nei Impulser kommen, virun allem kee Kand. Si hätt e Film iwwer hir Generatioun gedréit, sou d'Ana Maria Rossi. D'Valerija Berdi huet am Kader vum osteuropäesche Filmfestival CinEast mat der serbescher Regisseurin geschwat.

auto_stories

5 min

D'Vida an de Bane, béid Ufank 40, liewen zanter enger Rei Joren zu Stockholm. Et geet hinne gutt, si hu gutt Aarbechtsplazen a verdénge genuch fir sech en angenehmt Liewen ze leeschten. Eng Relatioun, déi awer keng méi ass. Et gesäit een d'Koppel zesummen, mee si hu sech näischt ze soen, et kuckt keen deen aneren, mol net bei gemeinsame Moolzechte gëtt sech eppes gezielt.

En eidelt Liewen, wäit ewech vun hirer Heemechtsstad Belgrad. Wou ass de Reiz vun dëser Thematik, Ana Maria Rossi?

Ech mengen, dat ass, well ech mech mat Leit beschäftegt hunn, déi esou e Moment am Liewen haten. Et war net meng Iddi fir e Film iwwer Immigratioun ze maachen a scho guer net eppes Traureges, well et muss jo net traureg sinn, et hänkt dovun of, wéi eng Geschicht een erzielt.

Meng Protagoniste sinn duerch Zoufall an dës Situatioun geroden. Si liewe grad am Ausland an deem Moment, wou hir Relatioun zerbrécht. Dat si Leit, déi an d'Ausland gaange sinn an do gelieft hunn, wéi hir Relatioun an der Rei war, wou et hinne gutt gaangen ass.

Effektiv huet d'Ausernanerliewe vun enger Koppel net primär eppes mat Immigratioun ze dinn. Am Film "Ajvar" reesen d'Vida an de Bane op Belgrad, fir d'Famill a Frënn erëm ze gesinn, a vill Zeenen zeechne genee déi reell Situatioune vun Immigranten, wa si zeréck an hiert Land op Besuch kommen. Kaddoen, déi matgeholl ginn, Fester, déi gefeiert ginn awer och Jalousie, grad wéi eng Form vu Nostalgie an och eleng sinn.

Ech war nach ni laang genuch am Ausland fir ze wëssen, wéi ech géif mat esou Gefiller wéi Nostalgie ëmgoen, oder wéi een dat och nennt, wann ee mat Trauer schwätzt. Mee ech mengen, ech erkenne meng Generatioun hei erëm. Vill vun hinne si fort gaangen, ech weess wéi si liewen, ech kennen hir Suergen a Problemer.

Wéi ech gesot hunn, et wier ni einfach, da mengen ech dat aus der Perspektiv vun deenen, déi net fort gaange sinn. Wann ee fort geet, da mengt een, et géif een an e bessert Liewe goen. Et kann awer keen engem d'Garantie ginn, datt et iergendwou besser ass. Et ass ëmmer eppes besser an aneres net. Et ka kee säi ganzt Liewen an enger Wallis mathuelen, a well een eben a senger Wallis weder seng Famill nach seng Frënn an och net säi fréiert Liewen apake kann, dann hëlt een eben e Glas Ajvar mat: sou als dat Bescht, wat ee mathuele konnt.

Ajvar gëtt och Kaviar vum Balkan genannt. Grondrezept: Poivronen, Sonneblummenueleg, e bëssen Esseg a Salz. Et ginn esou vill Varianten, wéi et Stéit ginn um Balkan. All Haus huet säin eegene Ajvar. A souguer wann d'Rezepter d'selwecht sinn, de Goût ass ni d'selwecht.

Ajvar ass dat Bescht wat ee mathuele kann, et ass eppes vun doheem, eppes dat e spezifesche Goût a Geroch huet. Et kann een Ajvar net an engem Supermarché am Ausland kafen, well wann een e mathëlt, da well d'Groussmammen oder d'Mammen e gemaach hunn. Ajvar huet déi gemeinsam Charakteristik vun Immigrantewallissen.

D'Vida an de Bane wunnen zu Belgrad bei der Vida hirer Mamm. Eng monter Fra, déi een awer ni ouni d'Urn, mat den Äschen vun hirem verstuerwene Mann, gesäit. De Bane huet eng Amante zu Belgrad, eng jonk Studentin, d'Vida fënnt et eraus, mee si seet näischt, ënnerdréckt hir Ängschten, hir Roserei, hir Enttäuschung. De Mann, dee friem geet, d'Fra, déi leit an de Mond hält: sinn dat net ze vill Klischeeën?

Ech kann Iech net soen, ob et Klischeeë sinn. E Klischee muss sech dacks widderhuelen, fir datt et e Klischee gëtt, also gëtt et och eng Wourecht an deem Ganzen. Hei handelt et sech konkret ëm zwee Leit, bei deenen de leschte Moment komm ass, éier den Zuch fir Kanner ze kréie fort ass. Dat ass den decisive Moment an der Relatioun vun zwee Mënschen, wann ee scho laang zesummen ass, och kucke muss, wéi et weider geet. Ech denken net, datt den Haaptgrond iergendeng drëtt Persoun vu baussen ass, et geet ëm d'Relatioun, déi sech verbraucht huet, an eng aner Richtung gaangen ass, iergendwou wesentlech ausenaner gaangen ass. Si haten net déi zousätzlech Qualitéit, déi sech Kand nennt, an dëser Relatioun, also Kanner, e Familljeliewen. A well et an näischt Neies eragewuess ass, ass et eben eidel ginn.

Et war een elo jorelaang gewinnt, datt d'Filmer, déi aus de Länner vum fréiere Jugoslawien bei eis am Weste gewise ginn, praktesch ëmmer een Thema haten: den Zerfall vu Jugoslawien, d'Jugoslawiekricher an d'Folge vun deenen. Hei ass e Film, deen absolut näischt mat deem Thema ze dinn huet, et ass mol u sech kee balkanesche Sujet. Huet dat Auswierkungen op Präsenz vu südslawesche Filmer am Ausland?

Ech mengen, am Moment hu mir iergendwéi Themen, déi déi aner interesséiert hunn, verbraucht. Mir sinn net méi esou spannend wéi an den 2000er Joren, an deenen d'90er Jore filmesch verschafft goufen, an dann déi éischt Jore vun der Transitioun.

Elo si weder mir nach iwwerhaapt d'Balkanlänner interessant. Do denken ech och u Rumänien an u Länner vum fréiere Jugoslawien. Dat ass mol mäin Androck.

Ech wëll net soen, datt ech total am Recht sinn, mee heiansdo kënnt nach e Film, mee, kuck, dëst Joer, ausser zu Berlin mam Film "Savovi - Stitches", si mir net zu Cannes, net zu Karlovy Vary, an och zu San Sebastian, Venedeg, Locarno, hate mir kee kroateschen, serbeschen oder bosnesche Film.