Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Eng Schueberfouer ouni Karusseller"

Post vum Guy

"Eng Schueberfouer ouni Karusseller"

De Guy Helminger hätt zu Sapa am Norde vum Vietnam gären a Rou eng Nuddelszopp giess. Mee op der grousser Trap nieft dem Stadion an hannert der Kierch ginn et haut keng Stänn méi.

auto_stories

8 min

De Guy Helminger ass am Norde vum Vietnam ënnerwee

Am Norde vum Vietnam kann een eng fantastesch Landschaft bestaunen – wann ee se gesäit. Virun zwanzeg Joer, wou ech hei zu Sapa war, war dat kee Problem, et si mol keng Handvoll Hoteller ginn, de Bléck ass vum Bierg erof op Räisterrasse gefall, rietser Hand d’Ökologieszentrum stoung eleng matten an der Natur, d‘Plaz nieft der Kierch war festgetrëppelte Sand an di eenzel Volleker aus de Bierger – Schwaarz Hmongs a Rout Dao – hu gemittlech versicht, en traditionellt Kleedungsstéck un ee vun den Touriste lass ze ginn. Haut stinn hei bestëmmt 80 Hoteller, fir e Bléck an den Dall brauch een en Helikopter, deen et awer nach net gëtt, d’Duerf ass bis bei Ökologieszentrum gewuess, d’Platz nieft der Kierch heescht „Stadion“ an ass mat beige Plättercher beluecht an d’Hmongs an Daos hunn sech op Verfolgungsjuegten vun Touriste spezialiséiert, loossen net labber, bis een eppes keeft.

Dat kann engem scho mol d’Freed verdierwen, och wann ee weess, datt jiddwereen Recht op Fric huet a Business ebe Business ass. Trotzdem hätt ech meng Nuddelszopp gären a Rou giess, virun allem op der grousser Trap nieft dem Stadion hannert der Kierch. Mee do ginn et di Stänn guer net méi, wou ech mer fréier nach mäi Geméis a mäi Fleesch fir meng Britt konnt selwer zesumme stellen. Ech hu misste schlécken, keng Zopp, mee dat drëschent Näischt, dat esou e Schock an den Hals pecht, wann d’Erënnerung un eng Platz vu bal paradisescher Schéinheet néirens méi op Realitéit trëfft.

Eng Schueberfouer ouni Karusseller

Sapa ass eng Kiermes ginn. Eng Schueberfouer ouni Karusseller, dofir mat haarder Musek am sougenannte Stadion, mat Programm, deen am Duerchschnëtt annerhallwer Stonn dauert an da vu vir ufänkt, Gesang, Danzgrupp, Flütt, e bësschen Theater an dann erëm Gesang, Danzgrupp an esou weider. Freides a Samschdes Owes sinn d’Stroossen esou voll, dat een net méi laanscht enee kënnt. Et sinn net nëmmen auslännesch Touristen, déi kommen, villméi iwwerrennen d’Vietnamese selwer di kleng Uertschaft a wëllen virun allem Spaass. Nu jee, wat wëlls de maachen, duecht ech, ech loossen awer elo de Kapp net hänken, well d’Welt sech verännert an net ëmmer zu hirem beschten.

Ech war nach souzesoen an dëser selbstreflexiver a meditativer Opbauphas, fir aus mengem Wéi Zockerwatt ze dréinen, do hält eng jonk Vietnamesin mech um Aarm fest, laacht mech un, dréckt de Kapp u meng Broscht, ëmäermelt mech, während d’Frëndin mam Handy eng Foto mëscht. Dono huet hatt glécklech meng Hand gerëselt a fënnef Mol „Merci“ gesot ier et verschwonnen ass. Ech duecht, net schlecht, elo huet dat dech grad mam Bruce Willis verwiesselt. Mee wéi zéng Minutte méi spéit en Typ mech gefrot huet, fir mat mir eng Foto ze maachen, si mer Zweiwel u mengem Glach mam Hollywoodstar komm. A beim drëtte Blëtz war kloer, si hate Spaass u menger Gréisst.

Mat 1,90 Meter sinn ech gutt zwee Käpp méi héich wéi di meescht vun de Vietnamesen. An dann iwwer 100 Kilo Gewiicht a vun uewe bis ënne schwaarz ugedoen. Do muss ee sech einfach dernieft stellen a knipsen. Freides a Samschdes zesummen hunn ech esou 30 Mol Model gespillt, an, léif Vietnamesen, et ass mer eng Éier iech Spaass ze maachen, och nach Deeg, nodeems der Sapa erëm de Réck gekéiert wäert hunn, an äre Frënn di Foto weist. Do fält mer an, ech si schonn eng Kéier wéinst menger Gréisst an eng Situatioun komm, déi ech bis haut net vergiess hunn.

D'Bréck iwwer de Kwai-Floss

1993 an Thailand, an der Géigend vu Kanchanaburi, stoung ech net wäit ewech vun der berühmter Bréck iwwer de Kwai-Floss an engem Boot an hunn mat Honnerten Thailänner d’Befreiung vun där Bréck am Zweete Weltkrich gefeiert. Um Waasser huet ee Boot nieft dem anere geschaukelt an souguer um Himmel houng den Hallefmound wéi eng mëssgléckten Imitatioun vun esou engem Boot. Eng Ried , di ech net verstanen hunn, huet duerch d’Nuecht geschalt a wéi deen offizielle Part zu Enn war, wollten deemools och d’Thailänner Spaass hunn an hu Freedefeier gezünt, wéi wa Silvester wier, just, dat si d’Gewunnecht haten des Rakéiten iwwert d‘Käpp vun deenen aneren fléien ze loossen. A mäin stoung eben eraus. Ech hat hannenno eng gutt Verbrennung direkt nieft dem rietsen A. Do war eng vun de Rakéiten ageschloen.

Zu Sapa gi keng Knupperten iwwert de Briquet gehalen, dofir gëtt de ganzen Dag gebaut. Ween d’nächst Joer heihi kënnt, wäert nach 20 Hoteller méi fannen wéi ech dëst Joer, dofir awer och e Stéck manner un Natur a Schéinheet. A wann d’Vietnamesen 2020 tatsächlech, wéi e Garçon mer erzielt huet, zu Lao Cai, der Provënzhaaptstad , e Fluchhafen opmaachen, da wäert den Tourismus wéi eng Lawin alles ënnert sech begruewen.

Apropos begruewen, d’Vietnamesen kënnen hier Doudeger, wou se wëllen, ënnert de Buedem leeën, net grad matten op d’Autobunn, mee awer a Räisfelder, an der Gaart oder iergendwou an d’Bierger. Natierlech ginn et och Kierfechter, wéi dee bekannten Nghia Trang Van Dien. Zu Hanoi hat Thu Kim Vu mer erzielt, datt et e Brauch gëtt, di Verstuerwen no 3 Joer aus dem Buedem eraus ze huelen an dann d’Schanken ze botzen an ze poléieren bis se blénken. Duerno gi se erëm un enger anerer Platz um Kierfecht begruewen.

Dat hunn ech interessant fonnt a versicht, mat deene Leit, di do nuets zwëschen 12 a 4, virun engem Koup Schanke sëtzen an doraus bal Konschtwierker fabrizéieren, a Kontakt ze kommen. Mee dat war net dran. Di eng hu sech gegrujelt, wéi Thu selwer och, a „Nee merci“ gesot, di aner hunn esou wéineg englesch geschwat, dat esou guer ee geduecht huet, ech wëllt Schanke kafe, fir mat op Lëtzebuerg ze bréngen. Esou en absurden Dialog hat ech scho laang net méi.

Niwwel wéi aus der Literatur

Absurd war awer och mäin Ausfluch op de Fansipan, mat 3143 Meter den héichste Bierg am Vietnam. Normalerweis stellt een sech bei esou enger Seelbunn an d’Schlaang a waart den hallwen Dag, ir een sech mat 50 aneren an d’Kabinn däerf quëtschen. Hei ass et awer keng Schlaang ginn. Kee Mënsch außer mir wollt op de Bierg. Ech hat di ganz Seelbunn fir mech. Wou ech era geklomme sinn, huet d’Sonn geschéngt a schëtzeg ass et an d’Lut gaangen iwwer Beem an e puer Bambushütten. No zwou Minutten sinn di éischt Wolleken em d’Kabinn gedanzt, no fënnef Minutten stoung ech matten am Donscht an dono hunn ech nach genau di puer Kabele gesinn un deene meng Kabinn houng.

En Niwwel, wéi ech e bis elo just aus der Literatur kannt hunn. Heiansdo huet dat Ganzt gewibbelt, da wousst ech, ech fueren nach. Zéng Minutten, zwanzeg Minutten, ech sinn net ukomm. Lues a lues hunn ech begraff, firwat keen do erop wollt. An dunn si Scheinwerfer opgedaucht an ech konnt erkennen, dat ech d’Statioun uewen erreecht hat. Mee och do war den Niwwel esou, dat een di Leit, di do an hirer Kabinn souzen an op Gäscht gewaart hunn, net erkannt huet. An souguer an der Statioun selwer, wou se Souvenire verkaf hunn, war Niwwel.

Ech hu mech dunn d’Trapen erop getaascht op déi Plattform, déi e Bléck op e fantastesche Panorama erméiglecht. Eng geféierlech Saach. Keng Chance ze gesinn, wou di Plattform ophält, op do e Gelänner ass oder et direkt erof geet. Et war, wéi wann ech d’Aen zou hätt a wou ech mech ëmgedréint hunn, war d’Trap fir erof och net méi do. An et huet geblosen a gepaff, wéi wann iergendeng Gottheet sech an de Kapp gesat hätt, mech an d’Géigend ze katapultéieren.

D'Dier zum Himmel

Ech sinn dunn an eng vun de Richtunge geschlach, hu mech géint de Wand gestemmt, bis ech e Gelänner fonnt hunn. Deem sinn ech no gaangen an hunn esou erëm d’Trap fir erof fonnt an de Souvenirsniwwel. Ouni ze laachen huet do e Verkeefer mech gefrot, wéi d’Aussicht war. Ech sot, fantastesch. An hien huet héiflech d’Mondwénkelen no uewe gebéit, ech hu meng Seelbunnskabinn erëm fonnt a sinn duerch den Niwwel no ënne gesegelt. An do hunn ech de ZoomZoom getraff, dee mech bei di sougenannt Dier an den Himmel bruecht huet.

„Heaven’s Gate“ sot hien. En Aussiichtspunkt, wou sou vill Dreck loung, wéi wann all Mënsch, deen sech jeemools op de Wee duerch di onsiichtbar Dier gemaach hat, eng Plastikstut oder eng Bécks do leie gelooss hätt. Iwwregens hunn d’Vietnamese wëlles, och do en Hotel ze bauen, natierlech net all d’Vietnamesen, well eng Handvoll war sech grad am Gang iwwer dee Projet opzereegen, well se woussten, datt se dann aus hiren Hütte ronderëm verdriwwe géifen.

Opgereegt huet sech 5 Minutte méi spéit och de ZoomZoom an zwar ferm. Et war een eis hannendrop geknuppt, e jonken Typ, deen eng am Bitz hat. Ech hunn net verstanen, wat se sech do em d’Ouere geschloen hunn, mee et huet sech net schéin unhéieren an eng Hällewull Leit ugezunn. Nieft mir stoung op eemol eng jonk Fra mat enger grénger Crème am Gesiicht e puer Meter weider e Mann am Pyjama. No 45 Minutten an enger Visite an enger Garage hu se sech gëeenegt an e puer Schäiner si vun Hand zu Hand gaangen, Wéi ech erëm am Auto nieft dem ZoomZoom souz sot hien zefridden: „Gutt, dass du dobäi waars. Du hues mer Gléck bruecht“.