Radioen

On air

Notturno  |  James Holden & The Spirit Animals - Pass Through The Fire

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng staark Stëmm fir déi schwaarzamerikanesch Populatioun ass net méi

Dout vun der Toni Morrison

Eng staark Stëmm fir déi schwaarzamerikanesch Populatioun ass net méi

D'Toni Morrison huet 1993 als éischt schwaarz Fra de Literaturnobelpräis kritt. Eng wichteg Decisioun vun der schwedescher Akademie, fir all déi wäiss Männer op d'Plaz ze setzen, déi si an der amerikanescher Literaturzeen als Black Mama, Quotefra a mëttelméisseg Schrëftstellerin bezeechent hunn. Elo ass d'Toni Morrison am Alter vun 88 Joer gestuerwen. Hir Literatur ass awer weider e wichtegen Deel vum Asaz fir d'Rechter vun den Afroamerikanerinnen an Afroamerikaner.

auto_stories

5 min

D'Muecht vun der Literatur huet duerch d'Toni Morrison och der ënnerdréckter Populatioun eng Stëmm ginn. De Wee bis dohinner huet 1931 am mëttlere Westen am Ohio ugefaangen, an aus der Chloe Anthony Wofford, dem Kand aus der Aarbechterfamill, ass eng vun de bedeitendste Schrëftstellerinne vun der afroamerikanescher Literatur ginn.

Zanter 1989 huet d'Toni Morrison Literatur op der Princeton University ënnerriicht, nieft de Kritiken a Bicher sinn Essayen iwwer d'Schreiwen an iwwer d'Plaz vun der der afroamerikanescher Populatioun an den USA de Sujet vun hiren Analysen.

E Beispill:

Duerch déi 20. Generalkonferenz am November 1978 huet d'UNESCO d'Erklärung iwwer Rassen a rassistesch Viruerteeler votéiert, déi de Begrëff Rasse souwäit eliminéiert, well et no wëssenschaftlechen Iwwerzeegunge keng tatsächlech Existenz vu verschiddene mënschleche Rasse gëtt.

D'Toni Morrison schwätzt awer vu Rassen. Net als biologeschen, mee als e soziaalt Konstrukt. Si wiert sech géint d'Ënnerbanne vum Begrëff, well si der Meenung ass, datt een, wann een an der Literatur keng Ënnerscheeder tëschent Schwaarzen a Wäisse mécht, der afroamerikanescher Populatioun d'Realitéit vum Leed, dat si zanter dem Kolonialismus erlieft hunn an nach ëmmer erliewen, net méi unerkennt.

"Déi amerikanesch Literatur war Kompliz bei der Elaboratioun vum Rassismus"

An hirem Essay "Schwaarz Affären" setzt d'Toni Morrison sech mat der nordamerikanescher Literaturgeschicht auserneen, wou si dann zur Conclusioun kënnt, datt déi amerikanesch Literatur Kompliz bei der Elaboratioun vum Rassismus war. Si huet gelies fir erauszefannen, wéi eng Symboler, wéi eng Coden a wéi eng literaresch Strategië gebraucht goufen, fir Afrikaner oder afrikanesch Amerikaner an d'Literatur opzehuelen a wéi eng Bedeitung si am Wierk a fir d'Wierk haten.

Et wier fir si wéi e Bléck an en Aquarium gewiescht. Fir d'éischt kuckt een d'Fësch, hir Faarwen, hir Eegenschaften an dono gëtt ee sech eréischt dem ganze Konstrukt bewosst. Datt den Aquarium u sech eng Struktur ass, déi dem geuerdente Liewen, wat dran ass, erlaabt, an der gréisserer Welt ze existéieren.

Sou hätt si d'Weeër vun den amerikanesche Schrëftsteller begraff, déi dës wielen, fir mat Hëllef vun afrikanescher Präsenz an hire Wierker just iwwer sech selwer ze schreiwen.

Och d'Geschicht vum Uncle Tom ass net geschriwwe ginn, fir datt de Monni Tom se a senger Hütt liese soll.

Keen Abenteurroman wier fräi vun der Muecht vun de Schwaarzen, huet den Herman Melville geschriwwen.

"Déi amerikanesch Identitéit ass wäiss"

D'Toni Morrison gräift dës Ausso op, fir et esou ze formuléieren:

Déi schwaarz Populatioun stoung zur Verfügung als Ersatz fir iwwer d'Problemer vun der Fräiheet nozedenken. Déi schwaarz Sklaverei hätt déi kreativ Méiglechkeete beräichert.

Déi amerikanesch Identitéit ass wäiss, et sinn déi Wäiss, déi iwwer de Begrëff vun de Mënscherechter decidéieren, et sinn déi Wäiss, déi sech fir oder géint d'Rechter vun den Afroamerikaner asetzen an decidéieren, wéi eng Begrëffer politesch korrekt sinn fir déi Schwaarz ze betitelen, oder eben drop ze bestoen, datt an enger fortschrëttlecher zäitgenëssescher Literatur d'Hautfaarf keng Roll spillen däerf, ergo, net soll erwäänt ginn.

D'Toni Morrison ass och dogéint, datt klassesch literaresch Wierker am deem Sënn iwwerschafft ginn. Andeem een zum Beispill dat Wuert "Nigger" aus de fréiere Wierker ewechhëlt, hëlt een der afroamerikanescher Populatioun och en Deel vun hirer Geschicht. Et géif ee probéieren eng Realitéit ze verschéineren, eng grausam Vergaangenheet als net-existent duerzestellen.

De Pulizer fir "Beloved"

Mam Roman "Beloved", dee si 1987 publizéiert huet, gouf d'Toni Morrison op d'Lëscht vun den 100 beschte Bicher vum bedeitendem norwegesche Bicherzierkel nominéiert a mam Pulizer-Präis ausgezeechent.

An dësem Roman erzielt d'Morrison d'Geschicht vun der Sethe, enger Fra, déi 1855 vun der Plantage flücht, wou si als Sklavin gehalen an an alle Hisiichte mëssbraucht gouf. Op der Flucht krit si e weidert Kand. Fir hirem Meedchen de selwer erliefte Misär ze erspueren, bréngt si hir Duechter ëm.

Dëse Roman vun der Toni Morrison baséiert op der Geschicht vun der Margaret Garner, enger afroamerikanescher Sklavin, déi 1856 hir Duechter ëmbruecht huet, wéi si op der Flucht vun hire Verfolger gefaange gouf, fir zeréck op d'Farm bruecht ze ginn. D'Margaret Garner ass veruerteelt ginn - net wéinst Mord, mee wéinst Zerstéierung vun Eegentum.

"D'Tony Morison retracéiert d'Evolutioun vum Rassismus an den USA, deen och haut nach eng penibel Presenz huet"

D'Toni Morrison weist an dësem Roman déi schrecklechst Grausamkeeten, deenen d'Sklaven an Amerika ausgeliwwert waren, si wëllt awer och den eenzelen a kollektiven Trauma vun der schwaarzer Populatioun opschaffen amat den Auswierkungen op déi aktuell Situatioun an den USA verbannen. Eréischt wann e Polizist einfach esou op e wäissen Teenager schéisst, dann huet sech eppes geännert, huet d'Toni Morrison an engem Interview mat der Zeit-Journalistin Bernadette Konrad gesot.

Der Toni Morrison hir Romaner hunn ëmmer een Thema, an dat ass d'Geschicht vun der afroamerikanescher Populatioun an den USA. All Roman ass an enger aner Epoch ugesidelt, sou retracéiert si och d'Evolutioun vum Rassismus, deen an den USA nach ëmmer eng penibel Presenz huet.