Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Tennis - In The Morning I’ll Be Better

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Trap ass net gläich eng Trap

Konscht am ëffentleche Raum

Eng Trap ass net gläich eng Trap

Um Kierchbierg schéissen d’Gebaier wéi Champignonen aus dem Buedem. D'Dendrite ass awer kee Gebai, mee eng Skulptur. De Fonds Kirchberg huet d'Wierk beim Kënschtler Michel de Broin bestallt, fir d'Attraktivitéit vum Kierchbierger Park z'erhéijen.

auto_stories

3 min

D'Dendrite soll d'Attraktivitéit vum Kierchbierger Park erhéijen.

Tëscht der Coque an dem Campus Kierchbierg vun der Uni Lëtzebuerg wiisst e grénge Labyrinth. D'Hecke sollten d’Passanten dozou invitéieren, de Kierchbierg net just als Aarbechtsquartier mee och als Liewensraum, als spilleresch Plaz, wouer ze huelen. Mee d’Vegetatioun ass - zemools vun der Strooss aus - de Leit guer net opgefall. Dem Michel De Broin seng Dendrite, déi elo Matten am Labyrinth steet, soll dat änneren.

De Kanadier huet d'Wierk op Basis vu Google Street View an Architektepläng kreéiert. Hien huet d'Skulptur op Pabeier entworf a se a Stol an Eisen zëmmere gelooss. "Ech wollt eng Zort Trap bauen, déi am Zentrum vum Labyrinth steet", seet de Michel De Broin. Gewéinlech wieren Trape bannent engem Gebai an et géing een se net gesinn. Si wieren nëmme funktionell.

Eng Trap fir z'erliewen

Bei der Dendrite wier dat net esou, fënnt de Michel De Broin. D'Skulptur wier net un e Gebai gebonnen an et kéint een d'Trap vun alle Säite betruechten. "Et klëmmt een se net erop fir op eng aner Etage ze kommen, mee fir sech d'Landschaft unzekucken." D’Passante sollen déi knallgiel Skulptur als Testparcours erliewen, op deem alles méiglech ass. Op där si Decisiounen huelen, zeréckginn, nei Weeër aschloen. Fir de Michel de Broin kënnt dat dem Kreatiounsprozess gläich.

Seng Dendrite ass eng Zort Eisen-Labyrinth am Blieder-Labyrinth oder och de Spigel vum Labyrinth. An der Biologie bezeechent een d’Ausleefer vun den Nervenzellen déi extern Stimulatiounen ophuelen als Dendrite.

De Labyrinth bei der Coque gouf dacks iwwersinn. D'Dendrite stécht elo an d'Aen.

Konscht fir den ëffentleche Raum

Mat 45 Joer ass de Kanadier Michel De Broin haut schonn e Kënschtler mat Weltrenommee. Hien huet a Kanada studéiert an tëscht 2005 an 2010 zu Berlin a Paräis gelieft. Zënter 2011 wunnt hien nees zu Montreal.

Seng Aarbechte gi vu bekannte Konschtmuséeë kaaft a vu ville Stied fir den Espace public bestallt. Fir d'Nuit blanche zu Paräis hat de Michel De Broin eng iwwerdimensional Diskokugel entworf. Dës huet hien ënnert dem Titel "La Maîtresse de la Tour Eiffel" un engem 50 Meter héije Kran bommele gelooss. Zu New Orleans huet hien nom Orkan Katrina ëmgerappte Stroosseluuchte gesammelt an zu der Skulptur Majestic verbonnen.

Konscht als Mëttel zum Zweck?

Bei der Dendrite war eng vun de Konditiounen déi, datt d'Skulptur d'Attraktivitéit vum Kierchbierger Park erhéije sollt. Gëtt de Kënschtler vun der Politik instrumentaliséiert?

An där Fro ass de Michel De Broin gedeelter Meenung. Hie géing nëmme Projeten unhuelen, déi him gefalen. Wier e politesche Kader do, da géifen awer gewëssen Erwaardungen un de Kënschtler gestallt ginn, esou de Michel de Broin. "Wat méi Suen am Spill sinn, wat den Drock méi héich ass." Dobäi sollt dat eigentlech net de Fall sinn, fënnt de Kënschtler.