De Jury begrënnt de Choix, datt de Samuel Hamen de Präis gewënnt, esou:
"An enger souveräner a kreativer Sprooch stréckt den Auteur e raffinéierte Plot, an deem hie géigewaartsrelevant Themen (Ekologie, Gentechnik, Desinformatioun a Manipulatioun) opgräift. Dobäi ginn Elementer vum Kriminalroman an der dystopescher Literatur verknëppt a vun zum Deel skurrillen an zwiilichtege Personnagë gedroen. Fir de Jury ergëtt dëst an der Zomm e gläichermoossen ënnerhalsamen a literaresch usprochsvolle Roman."
"The Ghost Soldier" vun der Olivia Katrandjian gewënnt den zweete Präis, an den drëtte Präis geet un d'Anja Di Bartolomeo fir hiert Buch "Wundholz".
"Net einfach, op stabille Féiss ze stoen"
Fir de Samuel Hamen, deen och Mataarbechter vum radio 100,7 ass, ass d'Valorisatioun duerch ee Präis immens wichteg, wéi hie schrëftlech matdeelt:
"Ze schreiwen ass jo fir vill Leit keen Hobby fir déi lescht Stonn virum Schlofe goen, mee ee Metier. An et ass hei zu Lëtzebuerg genee wéi am Ausland net evident, mat där Schaff op stabille Féiss ze stoen. Dofir si Präisser wéi den NL sou wichteg: well se de Schrëftsteller a Schrëftstellerinnen eng Fräiheet och a finanzieller Hisiicht ginn, fir sech Gedanken ze maachen, déi dobäi hëllefen, d'Ëffentlechkeet wibbeleg ze halen, eng Ëffentlechkeet, déi dës Zort vun Elastizitéit batter néideg huet."
An der Kategorie jonk Schrëftsteller vu 15 bis 25 Joer zeechent de Jury den Antoine Pohu fir säi Buch "La Quête" aus. De Jury hieft virun allem déi grouss stilistesch Maturitéit ervir:
"Hien erzielt fléissend, uspillungsräich a mat grousser Intensitéit eng duebel Initiatiounsgeschicht vun engem Schrëftsteller op der leideger Sich no Inspiratioun a vun zwee Weesekanner op enger onwahrscheinlecher Odyssee zu sech selwer. "