Radioen

On air

Resonanzen  |  Giovanni Battista Sammartini - Sinfonie a La Majeur, JC. 60, III. Allegro Brillante - Accademia d'Arcadia, Alessandra Rossi Lürig (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng zweegleiseg literaresch Carrière

Roald Dahl

Eng zweegleiseg literaresch Carrière

De briteschen Auteur Roald Dahl ass éischter duerch Zoufall bei d'Schreiwe komm. A senger schrëftstellerescher Carrière huet hien zweegleiseg geschafft. Engersäits huet hie Geschichte fir Kanner geschriwwen. Anerersäits méi däischter Kuerzgeschichte fir Erwuessener. Hei steet deschwaarzen Humor am Mëttelpunkt.

auto_stories

3 min

Roald Dahl (Foto: picture alliance)

Dem Steven Spielberg säi Film "BFG - Big Friendly Giant" war rezent an de Lëtzebuerger Kinoen ze gesinn. Eng sëllechen Adaptatioune vu Bicher a Geschichte vum Roald Dahl hunn et op de groussen Ecran gepackt. "Big Friendly Giant" wäert sécher net dee Leschte sinn. "BFG" ass e Kannerbuch. Dat ass och dee Beräich, mat deem déi meescht Lieser de Roald Dahl associéieren. Weider Klassiker aus der Fieder vum engleschen Auteur mat norwegeschen Originne sinn "Charlie and the Chocolate Factory", "Matilda", "Fantastic Mr Fox" oder "James and the Giant Peach". Den Auteur huet awer och eng ganz Rei Texter fir Erwuessener geschriwwen.

Schoulzäit a Pilot am Zweete Weltkrich

A Wales ass den Dahl opgewuess. D’Famill war immigréiert, well de Papp wollt, datt d'Kanner eng Ausbildung an englesche Schoule géife kréien. Déi ware fir hien déi Allerbescht. An senge Memoirë beschreift de Roald Dahl eng schwiereg Schoulzäit mat vill Brutalitéiten an Ongerechtegkeeten. A senge Geschichte fir Kanner verschafft hien dës Zäit.

No der Schoul zitt et hien net op d'Uni. Hie wëll d'Welt gesinn. Nei Länner, aner Plazen an aner Mënschen entdecken. Hie kënnt bis an Afrika an Tansania a mécht do Bekanntschaft mat engem Léif.

Kuerz nom Ausbroch vum zweete Weltkrich engagéiert hie sech an der Arméi a gëtt Pilot. Hie gëtt zwar net ofgeschoss, mee muss wéinst enger Bensins-Pann an der Wüst noutlanden a gëtt dobäi blesséiert. Knapp sechs Méint méi spéit ass hien nees am Asaz. De Krich verbréngt hien dono just zum Deel un der Front. Hie kritt d'Geleeënheet an der britescher Ambassade zu Washington ze schaffen. Do kënnt et zu enger ganz wichteger Renconter, déi dem Dahl säi spéidert Liewen entscheedend beaflosst.

CS Forester, Roosevelt, Fleming an Hitchcock

De CS Forester, Auteur vun den "Horatio Hornblower"-Romaner an "The African Queen", sollt dem Dahl säi Wüstenaccident an enger amerikanescher Zeitung thematiséieren. Domat war d'Carrière lancéiert. 1943, dat Joer drop, huet den Dahl d'Geschicht vun "The Gremlins" publizéiert. Déi huet dozou gefouert, datt dem Roosevelt seng Fra hie kenne léiere wollt. Doduerch ass hien méi héije politesche Kreesser verkéiert, an hat op eemol mat Spiounen an Agenten ze dinn.

An dëser Period huet hien d'Bekannschaft vum Ian Fleming gemaach, fir deen hie spéider zwee Dréibicher sollt schreiwen: "James Bond-You only live twice" an den "Chitty Chitty Bang Bang". An den 1960er Joren war den Dahl Presentateur vu Kuerzgeschichte fir Televisiouns-Produktiounen. Méi spéit goufe vill vu sengen eegene Geschichten an der Serie "Alfred Hitchcock presents..." um klengen Ecran diffuséiert. Hie gewënnt u Popularitéit a symboliséiert perfekt de britesche schwaarzen Humor.

Esouwuel bei senge Geschichte fir Kanner, wéi bei deene fir déi Grouss huet den Dahl ëmmer mat den Erwaardunge vu senge Lieser gespillt, a se dacks op nei Weeër matgeholl. Bei de Kannergeschichten huet hien aus der Perspektiv vun deene Klengen erzielt an domat en neie Point de vue adaptéiert. A bei deene Grousse war de klasseschen Happy End einfach net virgesinn. Wee Spaass un ongewéinleche Geschichten huet, ass beim Dahl beschtens opgehuewen.