Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ënnerierdesch Souveniren

Étienne Davodeau, Le Droit du sol

Ënnerierdesch Souveniren

Den Étienne Davodeau notzt a sengem Wierk wuel d'Zäit op de Wanderweeër, fir ze meditéieren. D'BD-Reporatge "Le Droit du sol" ass dobäi awer net einfach Balsam fir gestresste Séilen. Dem Davodeau seng Reflexioun ass nämlech manner op sech selwer geriicht, mee méi op d'Welt ronderëm hien. Seng Route féiert hie vun der Grott vu Pech Merle an Okzitanien bis op Bure, engem klengen Duerf eng 60 Kilometer vun Nanzeg ewech. De Jeff Thoss mat Detailer iwwer "Le Droit du sol - Journal d'un vertige"

auto_stories

5 min

Wie vun enger Rees zeréckkënnt, deen huet eppes ze erzielen. Ronn 800 Kilometer ass den Étienne Davodeau mam Rucksak queesch duerch Frankräich spadséiert, huet an der fräier Natur gezelt a mat Leit ënnerwee gepotert.

D'BD, déi als Resultat vun dëser Wanderung entstanen ass, kéint een als typesche Produit vun eiser Kultur verstoen, wou vill Leit dovun dreemen, eng Auszäit vum hekteschen Alldag ze huelen a fir eng kuerz Zäit am Aklang mat der Natur an sech selwer ze verbréngen.

Iwwerleeungen, wéi de Mënsch mat der Natur ëmgeet

Allerdéngs bitt Le Droit du sol net einfach Balsam fir gestresste Séilen. Wuel notzt den Étienne Davodeau d'Zäit op de Wanderweeër, fir ze meditéieren, mee seng Reflexioun ass manner op sech selwer geriicht a méi op d'Welt ronderëm hien, op d'Aart a Weis, wéi d'Mënschen mat hirer Ëmwelt ëmginn, wéi et mat der - fir elo awer e moudescht Wuert ze benotzen - Nohaltegkeet vun hirem Liewensstil ausgesäit.

Wann de Zeechner duerch Wisen trëppelt, fir de Buedem ënner de Féiss ze spieren, dann och, fir d'Geschicht an d'Bedeitung vun deem Bueden ze erfuerschen - an deem, wat dorënner läit.

Seng Route féiert den Davodeau vun der Grott vu Pech Merle an Okzitanien bis op Bure, engem klengen Duerf eng 60 Kilometer ewech vun Nanzeg. Zu Pech Merle kann een onvergläichlech Hölemolereie bewonneren, déi eis Virfaren do viru circa 25.000 Joer hannerlooss hunn. Zu Bure lafe schonn säit enger Zäit Virbereedungen, fir an enger Déift vu 500 Meter radioaktiv Offäll ze stockéieren, déi nach an 100.000 Joer strale wäerten - eng aner Zort vu "Souvenir" fir zukünfteg Generatiounen.

Wat hu prähistoresch Biller mat engem Depot fir Atommüll ze dinn? U sech net vill, an trotzdeem geléngt et dem Étienne Davodeau, aus där am Ufank e bëssi willkürlecher Associatioun eng räichhalteg BD ze erschafen. Dat läit och dorun, dass de Zeechner op sengem Wee vu verschiddene Leit ëmmer erëm e Stéck begleet gëtt, vu Frënn a Bekannte genausou wéi vun Aktivist*innen oder Expert*innen aus Beräicher wéi Paleontologie, Agrarwirtschaft a Nuklearpolitik.

Allerdéngs si si net all wierklech mat him iwwer Feldweeër getrëppelt. Den Davodeau huet sech kënschtleresch Fräiheete geholl an Interviewen, déi hien am Virfeld vu sengem Tour opgezeechent huet, op verschidden Etappe vu senger Route transposéiert. Esou wiesselen sech Episoden, wou vill Natur ze gesinn ass, mat dialoglastegen Zeenen of, an deenen Hannergrondwësse presentéiert gëtt. Begleet gëtt dat alles vum ongudde Gefill, dass e weidere Schued un der Ëmwelt net ze evitéieren ass.

Eng Rees duerch d'Zäit

D'Rees vu Pech Merle op Bure ass eng Rees duerch d'Zäit, aus enger Vergaangenheet, déi wäit ewech läit, an eng Zukunft, déi zimmlech ongewëss ass. Dobäi geet et och ëm eng Fro, déi an Diskussiounen zur Klima-Kris ëmmer erëm gestallt gëllt, nämlech, wéi Mënschen et iwwerhaapt packe kënnen, an Zäitraim ze denken, déi hir eege Liewenszäit em e Villfacht iwwersteigen.

An der Grotte léiert den Étienne Davodeau, dass verschidde vun de Zeechnungen op de Wänn an engem Ofstand vu méi wéi 2000 Joer gemaach goufen. Mee wat heescht dat, wann dat alles méi wéi 20.000 Joer zeréckläit? Et bleift eng abstrakt Zuel, ënner där een sech schwéier eng geschichtlech Entwécklung ka virstellen, en Zäitmooss, bei dem engem ka schwindeleg ginn, wéi den Ënnertitel vun der BD, Journal d'un vertige, et seet.

Dat gëllt ëmsou méi, wann een de Bléck no vir riicht. Wéi soll ee fir Zéngdausende vu Joer sécherstellen, dass d'Mënsche mat den Offäll ënner dem Buedem richteg ëmginn? Wéi soll een eisen Nofueren eppes doriwwer matdeelen, wann d'Wëssenschaft hautdesdaags mol net genau weess, wat Zeechen, déi "just" 25.000 Joer al sinn, bedeiten? Doriwwer ënnerhält sech den Étienne Davodeau ënner anerem mat enger Semiotikerin, déi zwar och keng Äntwert op d'Froen huet, dem Zeechner awer ëmmerhin de klengen Trouscht bidde kann, dass d'Kommunikatioun éischter iwwer Biller wéi iwwer Wierder funktionéiere wäert.

Et gëtt vill ze erzielen

Mat klengen Anekdote vu der Rees suergt de Davodeau fir Ofwiesslung tëschent de Gespréicher an Erklärungen. Well hien am Ufank de berüümte Jakobswee an déi aner Richtung, also vu Süden no Norde geet, krit hien zum Beispill vun de Leit, déi him entgéintkommen, reegelméisseg erkläert, e wier falsch a misst ëmdréien. Den Zeechner gefält sech natierlech ganz gutt an der Roll vun deem, deen hei géint d'Stréimung schwëmmt.

Spéider, wann et duerch de Massif Central geet, begéint de Protagonist awer och mol deeglaang kengem anere Wanderer, an da sinn et roueg Naturpanoramaen, déi engem erlaben, sech kuerz ze erblosen. Hei kommen och dem Étienne Davodeau seng fein an douce monochrom Biller am beschten zum Virschäin.

Mee vill Zäit, fir Landschaften oder Zeechentechniken ze studéieren, huet een am Fong ni. Le Droit du sol huet vill ze erzielen: vum Buedem als liewege System, vum Opkommen a vum Ausbau vun den franséischen Atomkraaftwierker a vum ëmmer méi dréngende Problem, wat ee mat den ale Brennstief ufänke soll.

Zum Schluss beschäftegt sech den Étienne Davodeau mam Widderstand géint den Depot zu Bure an der Aart a Weis, wéi probéiert gëtt, d'Géigner vum Projet an d'Illegalitéit ze dreiwen. Mat de responsabele staatlechen Agence huet de Zeechner iwwregens net geschwat. Hie bekennt sech zu engem "parteiesche" Bléckwénkel a wëll mat sengem Buch opklären iwwer de Präis, dee mer fir e puer Joerzéngte Stroum bezuele mussen - respektiv de Präis, deen déi, déi no eis kommen, dofir bezuele mussen.

Le Droit du sol: Journal d'un vertige, erauskomm bei Futuropolis, ass eng absolut liesenswäert BD-Reportage zu engem aktuellen Theema, genausou informativ wéi ënnerhalsam.