Radioen

On air

Espresso Beats  |  Isaac Delusion - Magicalove

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Enrico Lunghi: Disziplinarinstruktioun ofgeschloss

MUDAM

Enrico Lunghi: Disziplinarinstruktioun ofgeschloss

auto_stories

1 min

Enrico Lunghi (Archivphoto radio 100,7)

D’Instruktioun an der Disziplinarprozedur géint den Enrico Lunghi ass eisen Informatiounen no ofgeschloss. Wéinst sengem Verhalen am RTL-Interview den 13. September, soll den Nach-MUDAM-Direkter mat enger Verwarnung, enger Réprimande oder enger Amende vu bis zu engem Fënneftel vu sengem Brutto-Gehalt sanktionéiert ginn. Dat huet den zoustännege Regierungskommissär decidéiert.

Duerch d’Instruktioun wier e Verstouss festgestallt ginn, deen eng Sanktioun néideg mécht, esou de Commissaire. Elo ass et um Kulturministère fir ze decidéieren, wéi eng Suiten et an dësem Dossier wäerte ginn. Wéini dës Decisioun fällt, wier nach net gewosst, heescht et aus dem Ministère. No der Entscheedung fir eng eventuell Sanktioun huet dee Concernéierten e Mount Zäit fir Recours ze maachen.

An der RTL-Emissioun “Den Nol op de Kapp” waren den 3. Oktober Extraiten aus dem Interview vun enger RTL-Mataarbechterin mam Enrico Lunghi diffuséiert ginn: dora war ze gesi, wéi de Muséesdirekter d’Mataarbechterin menacéiert. Een Dag no dëser Diffusioun hat de Premier-, Medien- a Kulturminister Xavier Bettel eng Disziplinarprozedur géint den Enrico Lunghi ugekënnegt.