Radioen

On air

De Moien  |  Jungle - Keep Moving

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Eppes erzielen, wat Hand a Fouss huet"

Expo

"Eppes erzielen, wat Hand a Fouss huet"

Fir d'Expo "Displacement" huet d'Fotojournalistin Ann Sophie Lindström Flüchtlinge bei Theaterprouwe begleet. Hir Stëmmungs-Fotoe, déi am Ettelbrécker CAPE ausgestallt sinn, sollen d'Hoffnungen an d'Dreem vu Krichsflüchtlinge festhalen.

auto_stories

3 min

D'Oeuvre Grande-Duchesse Charlottee subventionéiert während zwee Joer de groussen nationale "Mateneen"-Projet fir d'Integratioun vu Flüchtlingen. Dëse gëtt vun dräi verschiddene Fotografe begleet. D'Foto- a Videojournalistin Ann Sophie Lindström ass eng vun hinnen. Fir si ass all Zort vu Fotojournalismus e Stéck wäit subjektiv.

"Säi Gepäck, wat een dobäi huet, déi Erfahrungen, déi ee gemaach huet, déi Iddien, déi een huet. Déi spillen ëmmer mat era wann een e Bild mécht. Déi selwecht Situatioun géif vu fënnef verschiddene Fotografen aneschtes fotograféiert an aneschtes interpretéiert ginn."

Ee Gefill festhalen

Fir d'Flüchtlingsfro zu Lëtzebuerg ze visualiséiere géif si deemno éischter ee Gefill festhalen, mengt d'Ann Sophie Lindström.

"Grad déi Foto wou de Roland an den Himmel kuckt an e steet virun enger Mauer mat Glas mat engem Sticker-Villchen dran. Uewe fléien déi richteg Villercher. Et ass e Gefill vu wat et heescht entwuerzelt ze sinn. Wat et heescht an enger anerer Kultur unzekommen. Fräiheet, de Villche. Et ass awer eng Mauer do. An dann ass do dee falsche Villchen."

D'Ann Sophie Lindström krut fir d'Commande eng Lëscht vun de Bénéficiaire vum Programm. Si war awer fräi an der Aart a Weis wéi si wie fotograféiert, respektiv approchéiert huet. Als Ausgangspunkt huet si sech fir d'Theaterprouwe vu "Letters from Luxembourg" entscheet. Beim Projet géif et dorëms goen,"datt jiddereen eng perséinlech Geschicht matbréngt aus sengem Land, vu senge Frënn oder senger Famill", seet d'Ann Sophie Lindström.
Ee Resultat vun hirer Aarbecht ass e Portrait vun zwee Männer, déi vun den Theaterkulissen aus hire Bléck a Richtung Bühn drifte loossen.

"Den Omar huet grad erzielt, wéi hie seng Kosenge verluer huet, well hiren Auto bombardéiert ginn ass. Wéi hie quasi d'Kierperdeeler zesumme gesammelt huet. Déi Foto ass entstane just nodeems hien dat op der Bühn erzielt huet. Dofir war en dunn och wéi wäit ewech an ugespaant. Dee méi Jonke kënnt bei hie fir en ze tréischten."

E Stéck Alldag deelen

Wann Objektivitéit schonn net méiglech ass, dann awer wéinstens eppes zielen, wat Hand a Fouss huet, esou d'Ann Sophie Lindström. An dofir muss ee vill Zäit mat de Leit verbréngen, sech op se aloossen an e Stéck Alldag deelen. A net just hir Theateropféierunge kucke goen.

"Zu dem Zäitpunkt war dat fuerchtbart Attentat zu Bagdad. Vill vun de Leit, déi ech fotograféiert hunn, hu Frënn oder Famill verluer. Wann een op eemol Leit kenneléiert, déi betraff sinn, da kritt een e ganz anert Gefill a Verständnis dofir. Et kritt een och eng aner Kommunikatioun zu de Leit wann een ob eemol hir Suergen an hir Ängscht mat erliewe kann."
Klischeeë wuchere bei Minoritéiten, Subkulturen, Randgruppen, esou séier wéi Onkraut oder Champignonen. Dat ass bei de Krichsflüchtlingen net anescht. Do dergéint, souzesoen als Géigemëttel, huet d'Ann Sophie Lindström "Mateneen" Stëmmungen an Entwécklungen agefaangen. Dofir géif sech de Medium Fotografie gutt eegenen, mengt d'Fotojournalistin.
Fir den Ofschloss vum "Matenee" Projet Enn 2017 ass ënnert anerem eng gemeinsam Foto-Ausstellung vun den dräi Fotografen geplangt.