Radioen

On air

Notturno  |  Pascal Schumacher - Left Tokyo Right

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Erre" vun der Lisa Kohl zu Arles

Lëtz'Arles

"Erre" vun der Lisa Kohl zu Arles

D'Lëtzebuerger Fotografen Daniel Reuter a Lisa Kohl ware fir déi renomméiert Rencontres internationales de la photographie d'Arles selektionéiert ginn. Fir déi 51. Editioun vun der Manifestatioun, am Summer 2020. Mee wéinst Corona huet déi missen ofgesot an op de Summer 2021 verréckelt ginn. Den 8. Juli ass zu Arles Vernissage. Lëtzebuerg ass, ënner der Leedung vun der Lëtz Arles ASBL, fir d'véiert mat dobäi. An d'Kerstin Thalau ass am Virfeld vun der Lisa Kohl méi iwwer hir Foto-Installatioun gewuer ginn.

auto_stories

2 min

D'Lëtz Arlésiens konnte fir d'Lëtzebuerger Fotografen déi historesch Chapelle de la Charité zu Arles als Ausstellungsraum gewannen. En impressionante Lieu, awer net evident fir e Fotomontage.

Mee fir d'Lisa Kohl, thematesch gekuckt, den idealen Espace. Hir Sujeten "Entwuerzelung, Flucht, Persécutioun" passe perfekt bei eng sakral Plaz, déi fir "Refuge" an "Erléisung" steet. Hier Rauminstallatioun besteet aus dräi Aarbechten: zwou Fotoserie plus de Video "Haven".

D'Realitéit hannerfroen

Kënschtlerresidenzen an der Tierkei an an Amerika hunn d'Lisa Kohl nohalteg an zu interessanten Opnamen inspiréiert. D'Fotoserie "Shelter" huet si zum Beispill vu Los Angeles matbruecht.

Der Lisa Kohl hier Approche: d'Realitéit op eng kënschtleresch Manéier ze examinéieren, ze hannerfroen, an dann eng poetesch Ausso dozou ze maachen, also d'Relatioun tëscht artistescher Kreatioun a sozialer Wierklechkeet ze sichen.

Et handelt sech deemno net ëm eng sozialdokumentaresch, mee ëm Konschtfotografie. Ass do d'Gefor net grouss, datt d'Poesie de politeschen a kritesche Message neutraliséiert?

Kollaboratioune mat anere Kënschtler

D'Lisa Kohl, Joergang 1988, huet zu Bréissel Arts visuels a Skulptur zu Halle studéiert. Si pendelt haut, geografesch, tëscht Lëtzebuerg an Däitschland, an disziplinaresch tëscht Fotografie, Film, Installatioun, Bünekonscht.

Bedeit: si kollaboréiert och mat Theaterkënschtler a Performer. Op www.lisa-kohl.com kritt dir dozou en Abléck. Idealerweis bleift et bei Arles fir d'Lisa Kohl net bei engem Abléck, respektiv Ablack, mee kéint d'Participatioun e wichtege Schrëtt an hirer Karriär ginn.