Radioen

On air

Tockcity  |  The Scaners - Wipeout

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Erzwonge Solidargemeinschaft

Netflix

Erzwonge Solidargemeinschaft

De spuenesche Thriller ''Below Zero" (Bajocero) vum Lluís Quílez ass eng net oninteressant Variatioun op de klassesche Genre vum Fluchtfilm - bis d'Theema vun der Selbstjustiz mat erakënnt.

auto_stories

2 min

Eng Handvoll héichgeféierlech Prisonéier sollen transferéiert ginn. Guidéiert vun engem Policewon fiert de gepanzerte Camion duerch déi äiskal Nuecht.

Op eemol gëtt de Convoi mat Gewalt gestoppt. Et ass engem arméierte Mann gelongen, de Camion ënner seng Kontroll ze bréngen, woubäi d'Detenuen an e Polizist dra festsëtzen. Dem Mann seng Fuerderung: e bestëmmte Prisonéier soll him ausgeliwwert ginn, soss stierwen se alleguerten.

Et dauert net laang, bis ee voll am Film dran ass. De spuenesche Thriller ''Below Zero'' (''Bajocero'' am Original) vum Lluís Quílez verzicht op eng laang an iwwerflësseg Aleedung, an dat ass scho mol e Pluspunkt.

De bekannte Genre vum Fluchtfilm, mat senge Klassiker mee och senger Hellewull u standardiséierte B-Movien, gëtt hei liicht variéiert, doduerch datt de Prisong mobil ass.

Grozon

Fir d'Handlung weider opzepeppen gëtt eng erzwonge Solidargemeinschaft an Zeen gesat.

Datt d'Detenuen un engem Strang zéie fir sech aus där Situatioun ze rette läit op der Hand, ëmmerhi steet fir si d'Fräiheet um Spill. Dem Polizist (Javier Gutiérrez, bekannt als rabiate postfranquistesche Flic aus ''La Isla Mínima'') seng Situatioun ass scho méi delikat: engersäits ass hien op d'Prisonéier ugewisen, anerersäits muss en hir Flucht verhënneren.

A scho si mer an der Grozon: do wou et ëm dat plakegt Iwwerliewe geet, si Prozeduren a Gesetzer ausser Kraaft gesat. Vun do un zielt just nach Charakter. Dat erlaabt et, den Tri ze maachen tëschent Männer, déi kapabel sinn eng iwwerparteilech Loyalitéit ënner Beweis ze stellen, an aneren, op déi ni wäert Verlooss sinn.

Thema Selbstjustiz, leider...

A sengem éischten Deel hält de Film nach d'Strooss, an e bleift relativ interessant, esou laang de Killer eng anonym Menace bleift.

Ongeféier an der Hallschent da gëtt de Spectateur iwwer deem seng Motivatiounen opgekläert. Wéi esou dacks an esou Filmer beweege mer eis beim Thema vun der Selbstjustiz um Glatäis: iergendwann zerbréckelt de Buedem ënnert de Féiss an et lant een am äiskale Waasser.

Et ass eng duerchaus mënschlech Reaktioun, säi perséinlecht Leed virun alles ze stellen a sech dofir iwwer d'Gesetzer wëllen ewech ze setzen. An awer ass et net ze rechtfäerdegen, wat dee Film leider zum Deel mécht.

Dobäi passt dann och eng onnéideg explizitt Gewalt: e Kapp, deen zerdrätscht oder eng Hand, déi ewech geschoss gëtt, gesinn ech net ongär an engem onrealistesche Gore-Film - hei bréngt et awer guer a glat näischt, et ass einfach nëmme ruckelzeg.