"Nature writing" nennt een dat, wat d'Esther Kinsky an hire Gedichtbänn zesummestellt. Et sinn hir Reesen, hir Wanderungen, et ass e Flânéieren, wou een net weess, wou et hi geet, e Spadséiergang bei deem villes entdeckt, beschriwwen an a Fro gestallt gëtt.
Si verflecht hir Observatioune mat Froen, déi de Mënsch mat der Natur verbënnt an hie vun hir trennt. En déiwe Lien a gläichzäiteg e Rass, well d'Kraaft vun deem engem op d'Kraaft vun dem aneren trëfft.
Dës Beschreiwung hunn ech scho mol gebraucht fir iwwer der Esther Kinsky hir Lyrik ze schwätzen a genee dës Wierder passen och bei dat neit Band. "Schiefern". Dës Kéier geet d'Rees op déi schottesch Slate Islands, Inselen, op deenen an der Vergaangenheet Schifer ofgebaut gouf.
Et ass dës Vergaangenheet, déi d'Esther Kinsky hei oprifft, awer och déi, wou de Schifer viru ronn 400 Millioune Joer wärend dem techtonesche Prozess entstanen ass.
Op der Rees begleeden
Wéi gewinnt bei der Esther Kinsky hire Wanderungen duerch d'Gelände gëtt och hei all Steen wuertwiertlech ëmgedréit, beschriwwen an de Kontext vu Plaz, Raum an Zäit bruecht. Et begleet een d'Kinsky op dës Rees "so dicht so dicht am rand der furchen tiefer zeit"
"Furchen tiefer Zeit." - esou gëtt och d'Erënnerung a lyrescher Prosaform beschriwwen als e Raum vun Absence, beweegt vun der duerchsiichteger Hand vun onberechenbare Synapse fir sech dann an de Furchen a Falen ze deposéieren ... a scho si mer beim Sedimentsteen Schifer.
D'Rees um Schëff, Ukommen op der éischter Slate Island, d'Absence vu Mënschen, déi hir Spueren hannerlooss hunn ... Prosa a Lyrik wiessele sech of, technesch a botanesch Begrëffer an Erklärungen, Heed a Fuchsia, all Steen, al Bléi, all Rëss a Spléck dréit eng Geschicht, provozéiert Iwwerleeungen a Gedanken iwwer d'Erënnerung, iwwer de Mënsch.
37 Stëmmen
An dann an der Mëtt vum Buch "Siebenunddreiβig Stimmen" - Eng al Foto vu 36 Schoulkanner mat hiren Enseignanten erënneren un déi haart Zäit, wou hei de Schifer ofgebaut gouf, an d'Kinsky kuckt hir Aen a leet hinne Wierder an de Mond, kannereg an einfach an dach esou pertinent.
"Der schieferstein ist unser brot
sagt meine grossmutter
seh ich den fels auch wie schwarzes brot
in scheiben aber nur von weitem"
Mol geet et ëm d'Aarbecht, mol ëm d'Déieren, ëm d'Verlaangeren no enger anerer Welt, dat Wuert "Steen" ass an all den Aussoen dran. 37 Stëmmen, 36 vu Kanner, eng vun der Esther Kinsky.
Et kann een an d'Welt andauchen
Eent muss een der Esther Kinsky loossen, keng aner zäitgenëssesch Dichterin ka mat esou vill Sachlechkeet faszinéieren, d'Lieser an eng absolut friem Welt entféieren an duerno ass een en Deel vun dëser. Eng Sprooch mat neie koherente Wuertkreatiounen, mat engem Bléck op den Detail, deen onerwaart an doduerch inspiréiert sech mat hirer Welt, hirer Manéier vun der Observatioun a Beschreiwung ze beschäftegen.
Op den éischte Bléck ass der Esther Kinsky hir Dichtung net direkt zougänglech, si fuerdert Zäit a Rou, an da gëtt een onmoosseg belount. Um Enn dann e Gedicht aus dësem neie Buch:
"Belnahua
Die Landschaft der zerrüttung
atmet weit
der wind geht durch die scharten
und die kerben streift
vorhandenes bis zur unkenntlichkeit
und atmet nach
mit allem wimmern
rasseln schleifen das mal war
am morgen liegt das wasser
in den groben wie aus rost
am abend blass blassgrün
ein mövenspiegel
bleiern
mit einem trüglein gold"