Radioen

On air

Notturno  |  Ben Sloan - Philistine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et ass e Genozid dee jidderee concernéiert"

Hate Radio

"Et ass e Genozid dee jidderee concernéiert"

De "Radio-Télévision Libre des Mille Collines" war e Laboratoire fir eng rassistesch Ideologie. Hei gouf tëschent Pop-Musek a Sportreportagen de ruandesche Genozid proklaméiert. Am Stéck "Hate Radio" gesäit de Public e Radio-Studio mat Schauspiller, déi déi ganz Manipulatioun materlieft hunn.

auto_stories

5 min

An "Hate Radio" gëtt eng Emissioun vun RTLM nogestallt. Foto: Daniel Seiffert

Dout! Dout! D’Griewer mat de Läiche vun den Tutsien sinn eréischt hallef gefëllt. Maacht séier, fir se ganz ze fëllen

Dësen Opruff ass e puer mol den Dag op der Radiostatioun "Radio –Télévision Libre des Mille Collines" gesent ginn. Mille Collines ass e Synonym fir Ruanda.

An der Ëmgangssprooch "Hate Radio" genannt, ass de RTLM e Sender, dee scho laang virum Genozid un den Tutsien a moderéierten Hutuen zum Haass a Gewalt opgeruff huet. De Sender war e bedeitend Instrument an der Propagandamaschinerie fir déi gréisstendeels analphabetesch Populatioun ze manipuléieren. Iwwert de Sender ass eng regelrecht Gehierwäsch duerchgefouert ginn.

Et gëtt geschat, datt am Ruanda am Laf vun de Méint Abrëll, Mee a Juni 1994 tëschent 800.000 an enger Millioun Mënschen ëmbruecht gi sinn.

E Stéck iwwert de Genozid

De Schwäizer Regisseur, Theaterauteur a Journalist Milo Rau huet eng Emissioun vun der RTLM rekonstruéiert an op d’Bühn bruecht.

2005 war de Milo Rau gefrot gi fir e Stéck iwwer Afrika ze schreiwen. Bei senge Recherche wier hien op de Radiosender gestouss, erkläert de Schwäizer Regisseur. "Dat war fir mech d'Méiglechkeet fir an de Genozid eranzekucken."

De Radiosender hätt déi nämmlecht Lidder gespillt, ewéi aner Sendere ronderëm d'Welt. De Milo Rau erënnert sech drun, datt hien genau dës Lidder an der Schwäiz héieren hätt. Nëmmen datt d'Lidder op RTLM vu Messagen ofgeléist goufen, déi zum Haass opgeruff hunn. "An op eemol war do dee Genozid", erzielt de Milo Rau. "Ech hu mir geduecht: Asou, dat ass also e Genozid deen an enger globaliséierter Welt geschitt."

Vill Recherche a Schauspiller déi alles mat erlieft hunn

Fir säi Stéck war et dem Milo Rau dofir wichteg, de globale Charakter vum Genozid ze weisen. Den éischte Projet, deen hie konzipéiert hat, hätt hie verworf. Hien hätt probéiert, e fiktiivt Stéck ze schreiwen. Mee de Milo Rau huet bei senger Recherche misse feststellen, datt d'Zeienaussoe vill méi intensiv ware wéi dat, wat hien sech konnt ausdenken.

Dofir hätt hie sech mam Radio a mat den Aussoen déi um RTLM gemaach goufe beschäftegt, esou de Milo Rau. Am Kader vu senge Recherchen hätt hien zwee Méint am Ruanda verbruecht an do mat Reporter geschwat, déi de Genozid iwwerlieft hunn. Dobäi ass déi hallef fiktiv an hallef reell Emissioun vun "Hate Radio" entstanen.

Besuch zu Den Haag

D'Schauspiler, dräi vun hinne mat ruandesche Wuerzelen an ee mat belschen Originnen, hunn effektiv beim Sender RTLM geschafft. Si kéinten sech nach genee un d’Aussoe vun de Animateuren erënneren, erzielt de Milo Rau.

An den Archiver vum UN-Geriichtshaff fir Ruanda zu Den Haag existéieren Tounopnamen an Transkriptioune vun den RTLM-Sendungen. Och dës huet de Milo Rau consultéiert. Donieft huet hie mam Affekot vun den Animateure vum Radiosender zesumme geschafft. Dësen hätt him vill Informatioune geliwwert, erzielt de Milo Rau.

"Eng ideal-typesch Sendung"

D'Stéck wier trotz allem deels fiktiv, esou de Regisseur. "Dat Fiktiivt, dat ass d'Iwwerteneeleeë vun all de Quellen. Aus zéng Animateure ginn der véier. Aus dausende vu Stonne Sendezäit an Erënnerunge gëtt eng Stonn." Dës Stonn, déi op der Bühn nogestallt wier, dat ass dem Milo Rau no d'ideal-typesch Emissioun vum RTLM. Déi hätt et an där Form zwar net ginn. "Et hätt si awer kéinte ginn", seet de Schwäizer Regisseur.

Gläichzäiteg wier d'Emissioun liicht moderniséiert ginn an de Rhythmus wier méi séier. "Et ass kee Reenactement, keng Nostellung. Mee et muss een novollzéie wat d'Verféierungskraaft an där medial ënnerernierter Situatioun deemools war." Fir dës Verféierungskraaft verständlech ze maachen, hätt een d'Emissioun missen opschaffen, esou de Milo Rau. "D'Spectateure solle verstoen, wat d'Leit deemools dozou bruecht hätt, dem Radiosender esou z'erleien."

"Dat Schrecklecht gëtt net mat Schrecklechem ënnermauert"

Dem Milo Rau seng Produktioun huet vill Succès. Déi Schwäizer Tëlee, esou wéi och den 3sat an Arte hunn iwwer "Hate Radio" bericht. Firwat interesséiert dëst Stéck, dat just an engem Radiosender spillt de Public esou? Et wier de Widdersproch, äntwert dorop de Milo Rau. "Et ass d'Mëschung tëscht Langweil an deem wat gesot gëtt. Et ginn och Pausen, bei deenen een an de Radiosender eragesäit a Musek gespillt gëtt." Et géing schockéieren, datt dat Schrecklecht an dat Alldeeglecht sech ofwiesselen.

Den anere Schock wier, datt d'Stéck universell wier, mengt de Milo Rau. D'Lidder déi gespillt gi géing jidderee kennen. Déi hätt jiddereen an de 1990er Jore gelauschtert. "Et ass en internationaalt Kulturgutt. Jidderee versteet wat an deem Radio geschitt. De Genozid geet jiddereen eppes un."

En Institut fir politesch Konscht

De Milo Rau mécht politeschen Theater. Nieft "Hate Radio" huet hie schonn déi lescht Stonne vun den Ceaucescuen oder d’Veruerteelung vun de Pussy Riot zu Moskau d’Bühn verschafft. Hien huet awer och e Stéck geschriwwen an inzenéiert, dat sech mat der Fro befaasst, wat jonk Europäer motivéiert a Syrien ze reese fir do fir e Gottesland ze kämpfen. D'Jugoslawien-Kricher an de Biergerkrich am Kongo si weider Sujete vu senge Kreatiounen a Produktiounen.

2007 huet de Milo Rau den "International Institute of Political Murder" fir d’Produktioun an international Distributioun vu sengen Theater- a Filmproduktioune gegrënnt. Den Institut steet fir eng nei, dokumentaresch an ästhetesch kondenséiert Form vu politescher Konscht. De Milo Rau a seng Equipe produzéieren och Filmer a publizéiere Bicher, fir di verschidde Sujeten, déi si verschaffen, nach méi ze konkretiséieren.


Am Kader vum Festival "Hate" an der Abtei Neimënster gëtt den 3. an de 4. September d'Stéck "Hate Radio" ënner der Regie vum Milo Rau gewisen.

Iwwert de Projet vun "Hate Radio" gouf och en Documentaire gedréit.