Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et gëtt ee Budgetsproblem"

Luxembourg City Filmfestival

"Et gëtt ee Budgetsproblem"

De Luxembourg City Filmfestival kann ouni méi ëffentlech Ënnerstëtzung net wuessen, seet den Nico Simon vum Selektionscomité. D'Equipe wier un hire Limitten ukomm, sou de Coordinateur Alexis Juncosa.

auto_stories

2 min

Nico Simon an Alexis Juncosa

De Luxembourg City Filmfestival wier op engem Punkt ukomm, wou en ouni zousätzlech Mëttelen net ka wuessen, seet de Programmcoordinateur Alexis Juncosa. D'Equipe wier awer un hire physesche Limitten ukomm. Wann ee wéilt weider evoluéieren, bräicht ee méi finanziell Mëttelen. Kuerzfristeg missten déi privat an ëffentlech Ënnerstëtzer sech d'Fro stellen, wéi de Festival sech soll weider entwéckelen. "Mir si leider Affer vun eisem Succès."

"Et gëtt ee Budgetsproblem", seet den Nico Simon vum Selektionscomité. "Dëst Joer si mir um Developpement vum Festival blockéiert gewiescht, well d'Moyenen net do waren." Et wier net gesond, datt wesentlech Punkte vu private Sponsore géifen ofhänken.

Ënnerstëtzung vu Gemeng a Ministère

D'Stad Lëtzebuerg an de Kulturministère missten definéieren, wéi ee Festival si gären hätten, a wat e sollt kaschten. "An déi Sue musse vum Staat a vun der Gemeng zur Verfügung gestallt ginn, sou wéi dat bei all groussem Festival de Fall ass." De Ministère an d'Gemeng hätten all Kéiers 300.000 Euro zur Verfügung gestallt. Dat wier net genuch fir d'Dynamik, déi de Festival entwéckelt hätt, weider ze féieren.

De Partenariat mat Kinepolis misst net geduecht ginn, seet den Alexis Juncosa. Dat wier normal bei enger "Passation de pouvoir". Et misste Léisunge fonnt ginn, fir déi vill Visiteure vum Festival kënnen ze geréieren. Dëst Joer funktionéiert d'Vente vun den Tickete fir d'éischte Kéier iwwer den Internet. Et misst ee kucken, wéi een Impakt datt dat op d'Spektateuren hätt, sou de Coordinateur.

Déi siwent Editioun vum Luxembourg City Filmfestival leeft vum 2. bis den 12. Mäerz.

Informatiounen: https://www.luxfilmfest.lu/