Dem italienesche Cineast Roberto Andò säi virleschte Film "Viva La Liberta" war eng Metapher iwwer déi politesch Situatioun. Dem Realisateur säin neie Film, "Le Confessioni", géif doriwwer erausgoen, confirméiert de Roberto Andò. An dësem Film geet et ëm deen eenzege politesche System, deen d'Liewe vun alle Länner bestëmmt: D'global Ekonomie, déi sech transparent gëtt, et awer net ass. De Cineast erzielt, et wier him virun allem dorëm gaangen, de Politiker als individuelle Mensch ze verstoen. De Roberto Andó wollt ënnersichen, wéi dës Leit reagéieren, wann eppes Schreckleches geschitt – wann ee vun hiresgläiche sech d'Liewen hëlt. Dat war den Ausgangspunkt fir säi Film, esou de Roberto Andò.
Eng Bréck tëscht Realitéit an Imaginatioun
De politesche Film, deem de Roberto Andò sech vun Ufank un zourechent, huet dem Realisateur no eng immens laang Traditioun am italienesche Kino. Eng vu senge Figures-phare vum politesche Kino wier de Francesco Rosi, iwwert deen den Andò virun 12 Joer en Documentaire "Il Cineasta e il Labirinto" gedréint huet. Fir de Realisateur vu "Le Confessioni" goung et beim Rosi, mee och a a Filmer wéi "Salvatore Giuliano" oder "Main Basse sur la ville" an éischter Linn ëm d'Rekonstruktioun vun Tatsaachen. Do häzz besonnesch de Francesco Rosi ee ganz héije Grad vu Realismus erreecht.
Haut wier dat net méi méiglech, bedauert de Roberto Andó. Dëst, well d'Realitéit verstoppt wier. Duerfir misst de politesche Film haut eng Bréck sinn, tëscht der Realitéit an der Imaginatioun. Et misst een och dat rekonstruéieren, wat verstoppt an wat onsiichtbar wier. "Et gëtt haut keng kloer Tatsaache méi." Trotzdem mengt de Cineast, datt de politesche Film och an Zukunft eng ganz staark Traditioun am italienesche Kino géif bleiwen.
De Pater ass Fiktioun
Et ass genee dës Bréck tëschent dem Imaginären an dem Realisteschen, déi een an "Le Confessioni" erëm fënnt. D'Figure sinn zwar abstrakt gehalen, verweisen awer däitlech op reell Persounen. An et gëtt ganz konkret mat Begrëffer ewéi G8, Griicheland, FMI an Heiligendamm gespillt. De Roberto Andò erkläert, datt hie vun enger realistescher Virlag ausgaangen wier. Hien hätt Interviewe mat Persoune gemaach, déi sech ëm esou ee Sommet gekëmmert hätten. Déi hätten him erzielt, datt fir gewëss Geleeënheete speziell Invitéen ageflu gi wieren: Zeien aus der Welt vum Spektakel, Perséinlechkeete wéi de Bono oder de Bob Geldof.
Wéinst dem Realismus hätt hie säi Film och an engem Hotel gedréint an deem wierklech ee Sommet ofgehale gi war, erzielt de Roberto Andó. Et ass een Hotel an Däitschland, d'Land an Europa, dat déi gréisste Responsabilitéit an der Wirtschaftspolitik huet. "Le Confessioni" bewegt sech deemno ëmmer tëschent Visioun a Realismus. De Personnage vum Pater allerdéngs wier eng fräi erfonnt, esoud e Cineast: Et wier ni virkomm, datt un esou engem Sommet ee Vertrieder vun engem ganz aarmen italienesche Monastère derbäi gewiescht wier.
Den Acteur fétiche: Toni Servillo
Spéitstens zënter "La Grande Bellezza" ass den Toni Servillo der internationaler Kinoswelt e Begrëff. De Roberto Andò huet hien am "Le Confessioni" eng zweete Kéier – nom Publikumssuccès vu "Viva La Liberta" – virun der Kamera inzenéiert. Hie spillt d'Haaptroll, de Pater. Aller guten Dinge sind drei: Ass do eppes an der Pipeline? Ganz sécher, seet de Roberto Andò. Hie géif d'nächst Joer erëm e Film dréinen an och nees mam Toni Servillo zesummeschaffen. Hie wéisst nach net, ob dat den Ofschloss vu senger Filmtrilogie wäert ginn, "mee egal wéi ass den Toni Servillo en Acteur, deen ehc gäer hunn." Den Toni Servillo hätt dem italienesche Kino eppes Neies bruecht, an dat hättt mat deem Verstoppten ze dinn, erkläert de Roberto Andó. Hie wier en Acteur, dee vun deem Onsichtbare schwätze géif.
Den Interview mam Roberto Andó gouf am Kader vum Festival du Film Italien de Villerupt, vum 28. Oktober bis den 13. November gefouert.