Radioen

On air

Notturno  |  Miki Yamanaka & Mark Turner - That Ain't Betty

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et leeft alles smooth"

Food For Your Senses

"Et leeft alles smooth"

No zwee Joer Paus hätt d'Organisatioun vum Food For Your Senses alles fest am Grëff, seet de Luka Heindrichs. Nodeems een Deel vun der Affiche bekannt gemaach gouf, ass Zäit fir een éischten Ausbléck.

auto_stories

3 min

D'Equipe vum Food For Your Senses (Foto: Sam Flammang)

21 Nimm hunn d'Organisateure vum Food For Your Senses Festival bekannt gemaach. Dat wier een Drëttel vum musikalesche Programm vun der Editioun 2017, seet de Luka Heindrichs. Den Organisateur ënnersträicht, datt dee musikalesche Volet awer just en Deel vum Festival ausmécht. Donieft géif eng grouss Konschtausstellung an eng Serie vu Workshoppen a kollektiven Aktivitéiten gebueden. An och de Festivalsite selwer wier mat senge villen Detailer Deel vum Programm.

Konscht um "Food" (Foto: Isabella Finzi)

An deem Kader maachen d'Organisateuren een Opruff u Kënschtler, déi sech un der Gestaltung vum Site wëlle bedeelegen. Bis den 20. Mäerz kënnen interesséiert Artisten hir Iddien erareechen. Wann de Projet vun der asbl zeréckbehale gëtt, géif eng Commande gemaach ginn, erkläert d'Vanessa Cum. "Dat heescht si kréie Produktiounsfraisen zeréckbezuelt, a si kréien och e klenge Cachet." Och Gruppen a Museker, déi wëllen optrieden, kënne sech nach mellen.

Lëtzebuerger Artisten en Valeur setzen

"Et war eis ëmmer wichteg ee Mix ze kreéieren tëschent Lëtzebuerger Kënschtler an internationale Kënschtler, tëschent Newcomers an etabléierte Saachen", seet de Luka Heindrichs. Déi lokal Kënschtler géifen dobäi richteg en Valeur gesat ginn. Bands, déi d'Kompetenzen dofir hätten, kéinten och zu besseren Auerzäiten optrieden.

Stagediving um "Food" (Foto: Cédric Letsch)

Et wier ongewinnt, datt op enger Affiche Nimm wéi Scarred an d'Sascha Ley mam Laurent Payfert openeen treffen. Oder Edsun a Los Duenos. Et wéilt ee weisen, wat momentan zu Lëtzebuerg an an Europa musikalesch alles géif lafen, seet de Luka Heindrichs. Enn Abrëll an am Juni géif all Kéiers ee weideren Deel vun der Affiche devoiléiert ginn. Stilistesch géif et dann nach méi breet gefächert ginn.

Eng motivéiert Equipe

Nodeems de Food For Your Senses déi zwee lescht Joren ausgefall war, géif elo alles "smooth lafen", seet de Luka Heindrichs. Fir de Site um Kierchbierg wier ee vum Fonds Kirchberg kontaktéiert ginn. "Do hate mir Chance mat Leit ze schaffen, déi viru maachen, an déi éischter Léisungs- wéi Problems-orientéiert sinn." D'Coordinateure wieren awer och erstaunt gewiescht, datt d'Equipe no deenen zwee Joer Paus quasi komplett nees ugetruede wier.

Nei ass d'Iddi vun engem Off-Festival. D'Proximitéit zu der Stad géif et erlaben, Aktivitéiten unzebidden, déi net um Site iwwer d'Bühn ginn. De Food For Your Senses ass vum 4. bis de 6. August um Kierchbierg.

Internetsite: ffys.eu