Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et muss een de Publikum respektéieren"

Film

"Et muss een de Publikum respektéieren"

E Gespréich mam rumänesche Realisateur Radu Jude, Laureat vum Gëllene Bier op der leschter Berlinale. Säi kontroverse Film "Bad Luck Banging or Loony Porn" ass de Moment am Kino ze gesinn.

auto_stories

1 min

Eng Professesch gëtt vun der Elterevereenegung geschleeft, nodeems e private Sextape vun hir an hirem Mann zoufälleg an den Internet geroden ass. Dorëms geet et an der Lëtzebuerger Co-Produktioun "Bad Luck Banging or Loony Porn" (Paul Thiltges Distributions).

Eng trivial Handlung, wéi de Realisateur selwer zougëtt. Dem Radu Jude goung et ëm eppes aneschters: nämlech d'Liene mat der rumänescher Geschicht, mam allgemenge sozio-politesche Kontext.

Am Oktober war de rumänesche Realisateur zu Lëtzebuerg, fir d'Jury vum CinEast-Festival ze presidéieren. Do hu mer eis mat him getraff, fir iwwer säi Film a seng ganz apaart Opfaassung vu Kino ze schwätzen.

De ganzen Interview mam Radu Jude héiert Dir hei:

Lauschterenplay_arrow