Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Kolonialiséierungspolitik spléckt déi israelesch Gesellschaft"

Filmfestival 2016

"Kolonialiséierungspolitik spléckt déi israelesch Gesellschaft"

Mat sengem Documentaire The Settlers erkläert den israelesche Regisseur Shimon Dotan de Problem vun den illegale Siidlungen am Westjordanland. Zu Wuert kommen ënnert anerem d’Siidler selwer, déi sech aus reliéiser Iwwerzeegung eraus op engem Territoire néierloossen, deen - legal gesinn - de Palästinenser gehéiert. Noutfalls mat Gewalt.

Michel Delage

auto_stories

5 min

De 67 Joer ale Routinier Shimon Dotan huet de Wee vum klasseschen Documentaire ausgewielt. D’Geschicht vun den illegale Siidlunge vu Judden am Westjordanland gëtt an The Settlers chronologesch an didaktesch verzielt. De Realisateur benotzt Filmarchiven, gräift op Kaarten zeréck, filmt déi a wonnerschéine Landschaften agebett Siidlungen aus der Luucht. Virun allem verfollegt de Spectateur een Zesummeschnëtt vun enger ganzer Rei Gespréicher, déi den Dotan mat Politologen, Historiker a besonnesch och den Haaptprotagonisten – de Siidler – gefouert huet.

Mat der Complicitéit vu rietse Regierungen

En halleft Joerhonnert ass déi Geschicht al. Nom Krich vun 1967, deen Israel a sechs Deeg géint seng arabesch Nopeschstaate gewonnen hat, hu sech déi éischt jiddesch Siidler an de besatene Gebidder op Käschte vun der arabescher Populatioun néiergelooss.

Mëtt de 1970er Joere gouf déi reliéis motivéiert politesch Bewegung Gush Emunim gegrënnt, déi déi dreiwend Kraaft hannert där, och mat Gewalt duerchgesater, illegaler Kolonialiséierungspolitik stécht. Hiert Zil ass et, Judden op all deenen Territoiren z’implantéieren, déi – an hiren Aen – de Judde géife gehéieren: vum Nil an Ägypten bis zum Euphrat am Irak...

Zersetzungspotential

Wat deemools kleng ugefang huet ass an Tëschenzäit zu engem grave Problem ginn. Dës Entwécklung wier wahrscheinlech net méiglech gewiescht ouni d’Complicitéit vu rietse Regierungen an Israel, wéi déi un der Muecht waren.

De Shimon Dotan ass, eegenen Aussoen no, ee Géigner vun der Siidlungspolitik. Hie kritiséiert och déi aktuell Regierung vum Premier Benjamin Netanjahou, an där verschidde Membere wéi den Naftali Benett vun der riets-extremer Partei Le Foyer Juif d’Kolonialiséierungspolitik riicht eraus ënnerstëtzen. Fir den Dotan ass dës Politik net am Interessi vun Israel, hiert Zersetzungspotential géif déi israelesch Gesellschaft splécken.

De Michel Delage huet sech um LuxFilmFest mam Shimon Dotan ënnerhalen:

 
Dir hutt e Film iwwert méiglecherweis de Schlësselproblem vun der israelescher Politik gemaach. Firwat grad elo?

Elo ass ëmmer de Moment, oder? De Film ass virun allem gemaach gi fir den israelesche Public. An Israel gëtt iwwert de Problem vun de Siidler zwar vill geschwat, mee et ass wéineg driwwer gewosst an e gëtt nach manner verstan. Ech wollt eng ëmfaassend Etude iwwert de Sujet maachen, eng breed Siicht op de Phenomen ginn.”

Wéi wäert d’Situatioun sech – Ärer Meenung no – an den nächste Joeren entwéckelen?

Et wäert schlecht goen ier et gutt gëtt. Hautdesdaags gesäit et net gutt aus. Nee.

Rechent Dir vläicht mat eppes wéi e Biergerkrich?

Viraussoe wat am Mëttleren Oste wäert geschéien ass dat lescht wat ee ka maachen. Mee wat ech weess ass, datt d’Realitéit mat där mer elo konfrontéiert sinn, net nach all ze laang ka weidergoen. Fréier oder spéider explodéiert se eis am Gesiicht. Mier wëssen net wéi, mir wëssen net wéini, mee mir wëssen, datt et wäert geschéien.

Dir kommt net wierklech aus dem Beräich vum Documentaire. War et Äech séier kloer wéi eng Form de Film géif kréien?

Während der Virbereedung hat ech de Film a Kapitelen ënnerdeelt, wéi een dat um Ecran gesäit. Et gouf dunn e puer Ännerungen. D’Struktur ass awer méi oder wéineger déi selwecht bliwwen. Ech wosst, datt ech dräi Aspekter wollt behandelen: fir d’éischt déi historesch Dimensioun. Zweetens de reliéisen an ideologesche Driff, deen zur aktueller Situatioun gefouert huet. An drëttens wollt ech d’Realitéit vun de Siidlungen hautdesdaags ze verstoe ginn. Dat stoung scho vun Ufank u fest.

Dir hutt mat de Siidler selwer geschwat. Wéi Dir u se eru getruede sidd, war et schwéier? Hu se Äech mat oppenen Äerm empfaang oder waren se ganz zeréckhalend?

Am Ufank waren se ganz zeréckhalend, kee wollt mat mer schwätzen. Am Laf vum Prozess hunn ech de Kontakt mat verschiddene geknäppt, an da vun deem engen zu deem aneren. Um Enn hat ech dann een oppent a bal illimitéiert Gespréich. A wien och ëmmer ech wollt interviewe war fir mech zougänglech.

Am Film gesi mer vill Kamera-Astellungen aus der Luucht, d’Landschaften an d’Siidlunge gi vun engem Dron gefilmt. Steet dat net och fir d’Perspektive vu Gott, deen iwwert deem Problem herrscht?

Dir hutt et richteg erkannt!