Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Poppy Ajudha - Watermelon Man (Under The Sun)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Welt ouni modern Technologien

European Union Prize for Literature

Eng Welt ouni modern Technologien

Mat sengem éischte Buch huet de sloweneschen Auteur Jasmin B. Frelih direkt den European Union Prize for Literature gewonnen. A séngem Roman mussen d'Personnage sech an enger Welt erëm fannen, an där all Kommunikatioun brooch läit.

auto_stories

4 min

D' Europadeputéiert Anneli Jääätteenmäki an de Jasmin B. Frelih. Foto: EUPL

Maacht emol d'Aen zou a stellt iech vir, wéi et wier, wa mir keen Telefon, kee Smartphone, kee PC an och soss keen elektronësche Support hätte fir via Mail, Chat, Messenger oder Facebook mateneen ze kommunizéieren. Da wier déi eenzeg zwëschemënschlech Kommunikatioun déi, déi ee mat Leit a sengem direkten Ëmfeld kéint hunn.

Dësen Zeenario ass den Hannergrond vum sloweneschen Auteur Jasmin B.Frelih sengem Buch "In/Half". Zu Bréissel huet de Jasmin B. Frelih Enn Mee den European Union Prize for Literature iwwerreecht kritt.

Eng Dystopie?

Wéi ass et an enger Welt ze liewen, an där déi global Kommunikatioun zesummegebrach ass? Déi Fro stellt sech de Jasmin B. Frelih a sengem Buch. "Ech si selwer an enger staark vernetzter Welt grouss ginn. Ech hu mir virgestallt, wéi et wier, wann de Géigendeel de Fall wier", erkläert den Auteur.

Dësen Zoustand ass fir de moderne Mënsch eigentlech en Albdram, well haut alles iwwer konnektéiert Weeër leeft. Wollt de Frelih domat eng Katastroph oder eng Dystopie schreiwen? Wat sinn a sengem Buch d'Ursaache fir den Zesummebroch vun der globaler Kommunikatioun?

Dat wier schwéier soen, esou de Frelih. "Et gi vill méiglech Interpretatiounen." D'Grënn fir den Zesummebroch vun der Kommunikatioun wieren nämlech am Buch net erkläert. Et kéint eng Allegorie zu der Roll vum Eenzele sinn. Genee esou plausibel wier awer e Science-Fiction Zeenario. "Ee Lieser hat zum Beispill d'Theorie opgestallt, datt déi kënschtlech Intelligenz d'Kontroll iwwerholl huet. Aus deem Grond hätt d'Mënschheet missten all d'Kommunikatiounsweeër kappen."

Ganz ouni modern Technologië liewen, dat wier och eng romantesch Virstellung, fënnt de Jasmin B. Frelih. "Ech ka mir virstellen an engem Haus am Bësch ze wunnen, a meng Zäit domat ze verbréngen op Pabéier oder enger Schreifmaschinn ze schreiwen." An awer wier hie en "digital native" . De Computer wier en Deel vu sengem Liewen, esou de Jasmin. B. Frelih. "E gehéiert zu menger Identitéit an dat gesäit een och a menge Wierker." Mat de neie Medie géif och d'Literatur sech veränneren. D'Technologie géif d'Konscht definéieren, seet den Auteur. "Deem dierfe mir eis net verschléissen. Mir musse mat deem schaffen, wat mir hunn".

"Ech hat déi fix Iddi, Schrëftsteller ze ginn"

De jonke Schrëftsteller ass 1986 gebuer. Hien huet vergläichend Literaturwëssenschaft, Literaturgeschicht - an theorie op der Universitéit vu Ljubljana studéiert. De Jasmin B. Frelih seet, hien hätt sech scho säi ganzt Liewe fir Literatur interesséiert. "Ech hu schonn ëmmer geschriwwen a virun allem vill gelies. Zënter menger Kandheet wëll ech Schrëftsteller ginn". Dofir wier säi Computer voller Fichiere mat ugefaangene Geschichten. Hien hätt vill geüübt. "Iergendwann hat ech genuch Selbstvertraue fir e Roman ze schreiwen."

Datt hien de richtegen Zäitpunkt fonnt hat fir säin éischte Roman ze schreiwe konfirméieren di sëllech Präisser an Nominatiounen, déi de Jasmin B. Frelih fir "Na/Pol", also "In/Half" kritt huet. Op der Slovene Book Fair krut de Frelih de Präis fir de beschte literareschen Debut. Hie stoung op de Shortlists fir Roman a Buch vum Joer, a gouf vu senger Heemecht Slowenien fir den European First Novel Festival 2014 zu Budapest an Ungarn an d'Fënster gestallt.

Fir de jonken Auteur ass et eng grouss Éier, Deel vun der europäescher Literatur ze sinn. Zënter datt hien de Präis gewonnen huet, géif vill ëm hien erëm passéieren. "Mee ech wëll mir och Zäit loosse fir ze Schreiwen", seet de Jasmin B. Frelih. Well d'Schreiwe wier dat, wat hien ausmécht.

D'Literatur verbënnt

A Slowenien wieren d'Literatur an d'Poesie enk mat der nationaler Identitéit verbonnen, seet de Jasmin B. Freilih. Slowenien ass eréischt zënter 1991 en onofhängege Staat. D'Literatur an d'Kultur géifen déi jonk Natioun zesummeschweessen. Et misst een déi grouss Auteure vum 19. Joerhonnert gelies hunn, "fir ze verstoen, wou een hirkënnt". Zum Beispill d'Wierker vum Romantiker France Prešeren oder dem Ivan Cankar. Dem Jasmin B. Frelih ass et wichteg, vu fréiere Schrëftsteller ze léieren. Op der Uni huet hie sech mat Auteuren aus dem 20. Jorhonnert, wéi dem Aleš Debeljak an dem Andrej Blatnik ausernee gesat. Well hien deemools un enger literarescher Zeitung matgeschafft huet, konnt de Frelih iwwerdeems vill vu Leit aus senger Generatioun liesen. "D'Literaturkultur a Slowenien ass lieweg. Et geschéie vill interessant Saachen a mir léieren ee vun dem aneren."

Dem Jasmin B. Frelih säi Buch "In/Half" ass 2013 am slowenesche Verlag Cankarjeva založba publizéiert ginn. D'Wierk ass amgaangen an d'Englescht iwwersat ze ginn. Eng zéng friemsproocheg Editiounshaiser hunn Intereressi ugemellt, fir weider Iwwersetzunge vum Buch ze maachen. Wie sech wëllt an déi Englesch Extraiten vun "In/Half" eraliesen, fënnt se um Site vum European Prize of Literature.