Eurosonic Festival 2015

csm_Kaleo-Vera-155-Sander_Baks_6005af008a.jpg

Kaleo um Eurosonic 2015. Foto: Sander Baks

Zu Groningen, am Norde vun Holland, ass vum 14. bis de 17. Januar de Eurosonic. E Festival, bei deem talentéiert Pop-Rock Gruppen a Solo-Acts aus ganz Europa kënnen op sech opmierksam maachen: An deenen 3 Deeg, déi de Festival dauert, kënnt déi ganz europäesch Museks-Branche zu Groningen zesummen, fir d'Doléancen aus dem Sectuer op den Dësch ze leeën, ze diskutéieren, an nei Artisten ze entdecken.
e Simon Larosche ass fir de radio 100,7 op der Plaz. Lauschtert seng Korrespondenz vum Freideg:

 

E Samschdeg den Owend diffuséiere mir an der Emissioun Rockultur vun 20 bis 22 Auer exklusiv Live-Matschnëtter vum Festival an Interviewe mat Artisten. Dorënner och Natas Loves You, déi en Donneschdeg op Invitatioun vum radio 100,7 um Eurosonic opgetruede waren. Eng zweet Band vu Lëtzebuerg, déi um Festival optrëtt, ass de Punk-Rock-Quartett Versus You.
en 100,7 ass als Member vun der EBU e laangjärege Partner vum Event.


e Video vu Got To Belong vun Natas Loves You. Gedréint vum Larry Clark

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen