Radioen

On air

Resonanzen  |  Frédéric Chopin - Waltz Nr.1 a Ré bémol Majeur, Op.64 - Jean Muller (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Existenzialismus an de Ruine vun der k.u.k. Monarchie

Kroatien

Existenzialismus an de Ruine vun der k.u.k. Monarchie

De Miroslav Krleža gëllt als dee wichtegste kroateschen Auteur vum 20. Joerhonnert. Mat sengem Kënschtler-Roman vun 1932 "Die Rückkehr des Filip Latinovicz" hat de Krleža de "mal-être" thematiséiert, sechs Joer viru "La Nausée" vum Jean-Paul Sartre.

auto_stories

5 min

Miroslav Krleža

Laang viru sengem Romanzyklus aus de 1960er Joren mam Titel "Die Fahnen" - wéi en an der däitscher Iwwersetzung heescht - hat sech de jugoslawesche Schrëftsteller an Intellektuelle Miroslav Krleža mat "Die Rückkehr des Filip Latinovicz" en Numm gemaach. 1932 war dëse Roman verëffentlecht ginn. En erzielt d'Geschicht vun engem kroatesche Moler, deen no 23 Joer am Ausland, dorënner erfollegräich Joren zu London, zeréck a säin Heemechtsduerf am deemolege jugoslawesche Kinneksräich reest.

Mee de Filip Latinovicz triumphéiert net. Hien ass e melancholeschen, komplexéierte Personnage, dee permanent u sech zweiwelt a kee Sënn méi am Liewen erkennt:

"Das Leben begann in Filips Bewuβtsein, sich in seine Bestandteile aufzulösen. (...) Diese kontemplative Vernichtung von allem, was ihm unter die Hand oder vor Augen kam, verwandelte sich allmählich in eine Idee, die ihn von Tag zu Tag intensiver verfolgte: unter seinem eigenen Blick, mit dem er sein eigenes subjektives Leben wahrnahm, verlor sich allmählich jeglicher, selbst der allergeringste Sinn."

Virun allem jugoslaweschen Auteur

De Miroslav Krleža, 1893 zu Zagreb gebuer an 1981 do gestuerwen, Veteran vum Éischte Weltkrich, gëtt dacks zesumme mat anere grousse mëtteleuropäesche Schrëftsteller wéi Robert Musil, Hermann Broch oder Italo Svevo genannt. Och wann de Krleža haut als dee gréissten zäitgenëssesche kroateschen Auteur unerkannt ass, huet hie sech selwer als jugoslawesche Schrëftsteller gesinn. Seng Kritik vum "sozialistesche Realismus" zugonschte vun enger individueller Opfaassung vun der Konscht goung nom Zweete Weltkrich och nëmmen duerch, well d'Jugoslawien ënner dem Tito mat der Sowjetunioun gebrach hat ...

Mat sengem Roman "Die Rückkehr des Filip Latinovicz" gëllt de Miroslav Krleža als Virleefer vum sougenannte "mal-être existentiel", d'Thema vum Jean-Paul Sartre sengem éischte Roman "La Nausée" vun 1938, also sechs Joer méi spéit:

"alles ist unfruchtbar und es gibt keinen höheren Grund für das Dasein. So sitzt Filip im Café und sieht die Menschen auf der Straβe dahergehen und denkt darüber nach, daβ dieses Hin und Her auf den Straβen eigentlich sonderbar und rätselhaft ist. Die Leute gehen daher und tragen in ihren dunklen Gedärmen gekochte Hühnerköpfe, traurige Vogelaugen, Rinderviertel, Pferdekeulen, aber gestern abend schlugen diese Tiere noch fröhlich mit dem Schwanz und die Hühner gackerten am Vorabend ihres Todes in den Hühnerställen, und heute hat das alles in menschlichen Gedärme sein Ende gefunden, und dieses Hin- und Herlaufen und Fressen heiβt mit einem Wort: Leben in westeuropäischen Städten, in der Abenddämmerung einer alten Zivilisation."

Wie war dem Filip säi Papp?

Fir dem pechschwaarze Stëbs vu London, dem allgemenge Verfallsprozess, ze entkommen, decidéiert de Filip Latinovicz, "intellektueller Abenteurer ohne besonderes Ziel", "[e]r, der atheistische, westlerische, irritable Tölpel, Neurotiker und Décadent", no 23 Joer, wéi de verluerene Jong aus der Bibel, zeréck bei seng Mamm ze goen, zeréck an déi zentraleuropäesch Géigend, déi hie selwer nach Pannonien nennt, nom ale réimeschen Territoire, dee sech deemools iwwer Éisträich, Ungarn, d'Slowakei, Slowenien, Kroatien, Serbien a Bosnien-Herzegowina erstreckt hat.

Et ass awer och eng Rees an d'Vergaangenheet, eng Vergaangenheet, déi hie belaascht, d'Quell vun sengem "mal-être". Vun der Mamm, der Proprietärin vun engem Tubaksbuttek, war hien deemools verstouss ginn, eng Fra, mat där hien ni richteg waarm gi war, virun allem och well ni richteg kloer war, wien eigentlech dem Kand säi Papp war. De Filip mengt, datt seng Mamm sech am Buttek prostituéiert hat. Et gouf eng Rumeur, hie wier d'Kand vun engem Bëschof, "Kind der Lust und der Sünde", eppes wat dem Jong d'Liewen onméiglech gemaach a seng zukünfteg Relatioune mat Frae behënnert hat:

"Die ganze Atmosphäre um den Tabakladen war ungesund, besonders in körperlich-sinnlicher Hinsicht, und bei diesem nervösen Kind, das schon der Veranlagung nach eine Neigung zu Eigenheiten hinsichtlich des Körperlichen hatte, muβte die Berührung mit der gewaltigen und düsteren Frage des Fleischlichen in ihm zu Spannungen, Verzärtelung und unerträglicher Beunruhigung führen."

D'Molerei, iwwer déi am Roman sëlleg Reflexiounen entwéckelt ginn, war fir de Filip Latinovicz eng wichteg Stäip:

"wenn es überhaupt etwas Klares innerhalb der Existenz gibt, dann die malerischen Emotionen. Formale Beherrschung der Materie in emotionalen Umsetzungen - und sonst nichts!"

Cherchez la femme

D'Molerei, mee och Frae kënnen de Romanheld op eemol an en euphoreschen Zoustand versetzen. A sengem Heemechtsduerf Kostanjevec, dat am haitege Slowenie läit, léiert hien Ksenija, genannt Bobočka, kennen, eng Fra, déi fréier emol um grousse Fouss gelieft hat mee sozial deklasséiert ginn ass. Elo ass si Caissière an enger Wiertschaft, an och d'Hoer fänken esou lues u gro ze ginn, mee hir blo Aen an och hir Liewensastellung zéien de Filip wéi e Magnéit un:

"Bobočka hat Recht, wenn sie behauptet, der gröβte Fluch unseres zeitgenössischen Lebens sei die systematische Vernichtung all dessen, was in uns unmittelbar, tief, phantastisch ist. Man müβte frei leben, so wie die Affen in den Tropenwäldern!"

D'Faszinatioun fir déi Fra huet awer hire Präis: d'Bobočka ass wuel dat, wat een eng Femme fatale nennt. Si huet scho sëllege Männer, déi si verféiert huet, an de Ruin gedriwwen, zulescht hire Mann, de fréieren Affekot Vladimir von Ballocsanszky:

"Man hatte ihn danach durch Gerichte, Krankenhäuser, Irrenanstalten, Gefängnisse geschleift, und dann war er eines Tages zu Bobočka zurückgekehrt, und jetzt sitzt er jeden Abend vor der Kasse in der Krone und liest Zeitungen. Er spielt Schach, schreibt Gedichte und spricht mit Filip über Malerei und künstlerisches Schaffen."

Interessant am Miroslav Krleža sengem Roman ass dann och d'Galerie vu Portraite vun där klenger Duerfgesellschaft, dorënner dee vum Sergije Kirilovič Kyriales, engem misanthropeschen Intellektuellen, an deem de Filip en existenzielle Kontrahent gesäit. An dann ass do de Personnage vum deklasséierten Adelegen, deen dem Filip seng Mamm wëllt bestueden. Iwwer hie behandelt de Krleža de grousse Sujet vu sengem ganze Wierk, den Zerfall vum éisträichesch-ungaresche Keeserräich:

"Silvije Liepach von Kostanjevec kam mit den Ereignissen und den Dingen nicht mehr zurecht: das Lebenstempo zu begreifen überstieg allmählich seine Kraft. Er träumte still über seine Reliquien und den Wertpapieren und betrachtete die blaβblauen Papiere der österreichischen Silberrenten, die Pfandbriefe der Österreichischen Kreditanstalt wie Spielkarten phantastischer, weit zurückliegender und längst verlorener Partien."