Radioen

On air

De Weekend  |  Pilot - Magic

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Existenziell Strategien an enger rassistescher Gesellschaft

Netflix

Existenziell Strategien an enger rassistescher Gesellschaft

D'Konditioun als schwaarz Fra: verstoppen oder ignoréieren? Déi brittesch Realisatrice Rebecca Hall inzeenéiert mat "Passing" eng tragesch Geschicht an elegante schwaarz-wäisse Biller.

auto_stories

3 min

New York an den 1920er Joren. Eng ganz Zäit laang hate sech déi al Frëndinnen Irene an Clare net méi gesinn. Duerch Zoufall treffen si sech enges Daags an engem Hotel. Déi zwou schwaarz Frae musse feststellen, datt si sech fir ënnerschiddlech Liewensentwërf entscheet hunn : wärend d'Irene mat engem schwaarzen Dokter bestuet ass an d'Koppel mat zwee Kanner zu Harlem wunnt, gëtt sech d'Clare als wäiss Fra aus an ass mat engem wäisse Mann zesummen, deen sech oppen als Rassist z'erkenne gëtt.

Verstoppen...

''Passing'' ass déi getrei Verfilmung a schwaarz-wäisse Biller vun engem Roman vun 1929 vun der afro-amerikanescher Schrëftstellerin Nella Larsen. Den Titel verweist op den amerikanesche Konzept vum ''racial passing'' : Mënsche vu schwaarzer oder soss enger net-wäisser Hautfaarw verleegnen hir Originnen an ziele sech zur majoritärer wäisser Grupp, an der Hoffnung, esou der gesellschaftlecher Diskriminéierung z'entkommen.

Domat ass dann och d'Situatioun vum Personnage vun der Clare (Ruth Negga) beschriwwen. D'Fra huet sech d'Hoer blond gefierft an hält sech en helle Gesiichtsteint. De glécklechen a verspillten Androck, deen d'Fra vermëttelt, ass awer just eng Fassad. D'Renconter mat der Kandheetsfrëndin Irene (Tessa Thompson), déi trotz der heller Hautfaarf zu hirem Schwaarzsinn steet, léisst hiren déiwe Malaise zum Virschäin trieden. Net nëmme muss d'Clare all Reaktioun op déi rassistesch Bemierkunge vun hirem Mann ënnerdrécken. Si leit och drënner, net méi kënnen de Milieu ze frequentéieren, an deem si opgewuess ass.

... oder ignoréieren?

D'Optioun, déi elo hir Frëndin Irene gewielt huet, fir hir Plaz an der grondsätzlech rassistescher amerikanescher Gesellschaft ze fannen, ass och net grad confortabel : si ignoréiert ganz einfach déi Konflikter, am Géigesaz zu hirem Mann, dee seng Kanner scho fréi mat deene Realitéite wëll konfrontéieren.

Mee genee wéi hir Frëndin Clare mécht sech d'Irene eppes vir. Den Habitus vun der Bourgeoisie huet si sech zwar ugëeegent : vun der Bildung iwwer d'Manéieren an den distinguéierten Duktus beim Schwätzen, bis hinn zum - wéi selbstverständlech - schwaarzen Déngschtmeedchen. Mee och dat ass just eng Illusioun. Datt si d'Clare am Verdacht huet, eng Affär mat hirem Mann ze hunn, a se dowéinst vun der Jalousie gepak ass, wierkt ewéi e Virwand. D'Clare ass ewéi d'Spigelbild vun hiren eegene Widderspréch.

Hierarchie vu soziale Stigmaen

Mat hirem Debutfilm ''Passing'' liwwert déi brittesch Actrice an neierdéngs Realisatrice Rebecca Hall eng ganz subtil Duerstellung vum Selbstverständnës vu schwaarze Fraen an enger majoritär wäisser Gesellschaft. Déi elegant Mise en scène steet am schaarfe Kontrast zum pessimisteche Konstat : ob aarm oder bessergestallt, schwaarz bleift schwaarz.

Duerch säin tragesche Schluss schéngt de Film d'Thes ze vertrieden, datt eng schwaarz Hautfaarw an alle Fäll e méi grousse gesellschaftlechen Handicap ass ewéi aarm ze sinn. Dat entsprécht op jiddwer Fall dem aktuellen Tenor an de Black lives matter- oder Cancel culture-Beweegungen. Et ass erstaunlech, vläicht esouguer bezeechnend, datt de Personnage vum schwaarzen Déngschtmeedchen am Film net weider ausgebaut gëtt, jo eigentlech just zum Decor gehéiert.