Radioen

On air

De Weekend  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Exodus of Storks" - eng Metapher fir de Verloscht vun der Heemecht

Literaturpräis vun der Europäescher Unioun

"Exodus of Storks" - eng Metapher fir de Verloscht vun der Heemecht

De maltesesch-palestinensechen Auteur Walid Nabhan schreift iwwert eng Famill, déi 1967 vu Palestina a Jordanien flücht. E fiktiivt Wierk, dat awer eng Partie Parallelle mam Liewe vum Nabhan huet.



auto_stories

3 min

Dem Walid Nabhan säin "Exodus of storks" erzielt also iwwert d'Geschicht vun enger Famill, déi 1967 vu Palestina aus a Jordanien flücht. Den Erzieler Nabil a seng Zwillingsschwester sinn an deem Joer, also an der Zäit vum Krich vu sechs Deeg, op d'Welt komm.

Exodus vun de Storchen

Exodus, e biblescht Wuert, beschreift d'Flucht vum jiddesche Vollek aus dem alen Egypten a Richtung Palestina. "Ech benotzen hei dat nämmlecht Wuert, awer op déi ëmgedréint Manéier", seet den Auteur. Nämlech fir d'Flucht vun de Palestinenser an déi aner Richtung ze beschreiwen.

Den Exodus vu Storchen wier op eng Erënnerung aus senger Kandheet zréckzeféieren. Deemools wier hie mat senger eelerer Schwëster op den Daach vum Haus geklommen, well de ganzen Himmel voll mat Storche gewiescht wier.

"Mä meng Schwëster huet net emol an den Himmel gekuckt, wat do lass war. Wou mir vum Daach erofkoumen, huet si just hire Schleier riicht gezunn a wéi zu sech selwer gesot: 'Souguer d'Vulle wëllen net an arabesche Länner bleiwen!' An dee Saz ass bis haut a menger Erënnerung bliwwen."

Parallellen tëscht Fiktioun a Realitéit

Den Haaptpersonnage an "Exodus of Storks" huet de gréissten Deel vu sengem Liewen baussent senger Heemecht verbruecht. Dat war och beim Nabhan de Fall. A grad wéi dem Narrateur ass och dem Auteur seng Mamm fréi gestuerwen.

Hien hätt seng eege Geschicht bis op e gewësse Punkt am Roman verschafft, seet de Walid Nabhan. Dem Nabil seng Zwillingsschwëster géif senger eegener Schwëster gläichen. "Awer de gréissten Deel vun der Erzielung, bis op déi historesch Fakten, ass Fiktioun."

Am Buch huet dem Nabil seng Zwillingsschwëster den Numm Nakseh. Dat ass no um arabesche Wuert Naksa, dat de Joresdag vum Ausbroch vum Krich vu sechs Deeg bezeechent.

Synopsis

D'Mamm vun Nabil an Nakseh stierft 1969, wou d'Zwillingen sou just vun der Mammemëllech ofgewinnt goufen. No Ënnersichunge fannen d'Dokteren eraus, datt d'Mamm un engem Gëft gestuerwen ass. A sengem Buch schreift de Walid Nabhan, wéi wann Nakseh fir d'Gëft responsabel wier. Allerdéngs géif den Nabil nawell d'Schold zougewise kréien.

"Wéi de Bouf geniert gouf, huet seng Schwëster, déi fir déi zerstéierend arabesch Nidderlag vun 1967 steet, e Gëft un d'Mamm weiderginn. Natierlech ass dat eng grouss Metapher. Mä ech mengen, datt déi meescht arabesch Fraen an ähnlech zerstéierte Situatiounen am Krich vu sechs Deeg waren."

Am Roman stierft d'Mamm vun den Zwillingen de 14. Juli 1969. Si hätt sech net vum Verloscht vu Palestina erholl, seet de Schrëftsteller. Den Doud vun der Mamm steet fir de Verloscht vun der Heemecht. Vun deem Land, an deem och dem Nabhan seng Wuerzele sinn.

De Walid Nabhan huet "Exodus of storks" op Maltesesch geschriwwen. Hien huet op Malta am Exil gelieft. "Ech hunn dëst Buch fir meng maltesesch Matbierger geschriwwen."