Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Men I Trust - Air

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Exotismus an Nostalgie

Televisioun

Exotismus an Nostalgie

"Star Trek", op Däitsch "Raumschiff Enterprise", ass vun allen Serien aus der 1960er Joren, déi mam bis haut gréisste Succès. Schauspiller wéi William Shatner a Leonard Nomoy, an hire pyjama-ähnleche Kostümer, gi fir ëmmer an éiweg mat hire Personnagen aus "Star Trek" assoziéiert. Wéi koum et, datt “Star Trek” esou en enorme populären an finanzielle Succès hat, an nach ëmmer huet?

auto_stories

6 min

De Captain Kirk an de Mister Spock bei der Aarbecht

"Star Trek" – dat si bis elo net nëmme fënnef Televisiouns-Staffelen, et sinn net nëmmen 13 Kinos-Filmer. Mee et sinn och Onmasse vu Merchandise-Produkter. An et ass virun allem eng Fan-Communautéit, déi sech scho laang virun dem Internet 2.0 an de soziale Reseauen opbaue konnt. Fir déi sougenannten "Trekkies" ass dem Gene Roddenberry seng Idee vun engem Raumschëff dat den Universum exploréiert zur fixer Iddi, deelweis zur Liewens-Philosophie ginn.

Wéi vun 1966 bis 1969 déi alleréischten 79 Episoden op engem vun den amerikanesche BIG 3, der NBC, gelaf sinn, waren d’Aschaltquoten nach niddereg. Déi éischten Episode vu "Star Trek" gesi wuel aus wéi Science Fiction, d'Iddi an och d’Ideologie déi hannert dëse Männer-Geschichte stécht, ass awer déif an der amerikanescher Populär-Kultur verankert.

“The final frontier”

An dem haut weltberühmten Intro vun all Episode heescht et :

“Space: the final frontier. These are the voyages of the Starship Enterprise. Its five-year mission: to explore strange new worlds, to seek out new life and new civilizations, to boldly go where no man has gone before.”

"The final frontier", also déi leschte Grenz, war eng Uspillung op di ganz reell "Frontier" vum Amerika vum 19. Joerhonnert. Eng "Frontier", also eng Grenz, war do de Westen vun den Vereenegte Staten, de berühmte "Wild West". An déi éischten déi sech an déi nei Territoiren getraut haten, waren d'"Frontiersmen", eng Mëschung aus Pionéier a Explorateuren. Awer och skrupellos "Bon Vivanten", déi sech aus Profitgier op d’Rees an dat onbekanntent Land gemaach hunn.

Star Trek, e “Space Western”

Den Ausgangspunkt vu "Star Trek" ass keng Liewens-Philosophie aus der Zukunft – et ass eng aus dem 19. Joerhonnert. Ëmmer méi wäit op d’Grenzen erausfléien an erausfanne wat do ass. Wisou? Déi Fro huet sech am Amerika vun de 1960er Joeren net wierklech gestallt.

D'Iddi vum "Wild West" krut bei "Star Trek" nach eng ganz aner Realitéit. Déi éischte "Star Trek"-Episode gehéieren am Fong zu enger Ënnerkategorie vun der Science Fiction, nämlech dem "Space Western". Dëse bizarre Mix vu Western-Motiver a Zukunftsvisioune krut am "Raumschiff Enterprise" nach eng nei Dimensioun. De Captain Kirk schéisst net nëmme mat senger Strale-Pistoul, wéi wann hien en ale "Six Shooter" aus dem Biergerkrich am Grapp hätt. De Kirk selwer ass genee deen Typ vun Dropgänger deen ee schonn aus de klassesche Cowboysfilmer kennt.

Captain Kirk a Mister Spock

D’Raumschiff Enterprise war an deenen éischten Episode virun allem eng Schauspilleréquipe. Serie-B-Acteuren wéi de Kanadier William Shatner oder den Amerikaner Leonard Nimoy, hu mat hire Rollen als Captain Kirk respektiv als Mr. Spock hir Carrière eréischt richteg ugefaangen.

De Leonard Nimoy hat viru "Star Trek", wéi vill aner jonk Acteure vun der Nokrichs-Generatioun, och an der Kult Serie "The Twilight Zone" scho matgespillt. Hien ass 1966 eng éischte Kéier als hallef ausserierdeschen Offizéier Spock um klengen Ecran opgetrueden. Aus senger Roll sollt dunn eng vun deene bekanntesten awer och populäerste Figuren aus der Science Fiction vun haut entstoen. De Spock ass vum Planéit Vulkan, enger geféierlecher Welt déi, wéi hiren Numm et seet, op enger eruptiver Geologie opgebaut ass. De Spock war vun Ufank un dat exotescht Element a "Star Trek". Seng kuriéis Erscheinung war manner eng Saach vu "Special Effects", Kostümer oder Maquillage, mee vun enger Schauspiller-Leeschtung.

De gréissten Ënnerscheed tëscht dem Mr. Spock a senge Mënsche-Kollegen si net seng spatz Oueren, mee seng emotiounslos Logik. Eng Logik, déi alles wat e mécht, steiert. Den Leonard Nimoy huet villes, wat d’Eegenaart vu senger "Star Trek"-Figur ausmaache sollt, selwer erfonnt. Zum Beispill de Grëff an d’Genéck, mat deem de Spock seng Géigner op eng souverän Manéier fäerdeg gemaach huet. Dann och de vulkanesche Grouss deen doranner besteet, dass een d’Hand hieft an dobäi de klenge Fanger zesumme mam Rankfanger, an dann de Mëttelfanger zesumme mam Index ausspreet. Eng ongewinnte Variant op dem Churchill saï "V for Victory".

Dokter Leonard “Bones” McCoy

Eng aner populär Figur am “Star Trek” war den Leonard McCoy. Den Dr. McCoy get an der englescher Versioun "Bones" genannt, op Däitsch "Pille". Hien huet de Géigepol zum Spock verkierpert, en Humanist dee mat Passioun an Energie dem Spock senger kaler Logik entgéint stoung.

De Witz dobäi ass, datt de Schauspiller Forest Kelley als éischt d’Roll vum Mr. Spock ugebuede krut. Hien huet déi Roll refuséiert. Mee de Forest Kelley sollt ni dee Fan-Kult erliewen, deen de Leonard Nimoy mat der Spock-Mania fir sech hat. E sollt och ni déi Haaptroll kréien, déi ëmmer de William Shatner als Captain Kirk krut.

Den Ufank vun der Popkultur op der Televisioun

D'Frënn an Amateuren vun der Serie hu scho bei der zweeter Staffel, 1968, an den USA eng Petitioun gestart, fir ze verhënneren datt hir Helden géifen ofgesat ginn. De William Shatner war vun do un fir ëmmer an éiweg de Captain Kirk, de Leonard Nimoy de Mr. Spock. An dorëms geet et: Wat muss geschéien fir datt Fiktiounsfigure vum kléngen Ecran op eng Kéier e Kultstatus kréien?

Un der schauspillerescher Leeschtung oder der aussergewéinlecher kënschtlerescher Qualitéit vun dësen éischte "Star Trek" Episode kann et net leien. Et muss aner Grënn ginn, wisou ee sech esou gären un déi Figure vum Schlappekino erënnert. Nostalgie ass sécher een. Bal 10 Joer nodeems dee Kanal gegrënnt gi wor, huet den ZDF am Mee 1972 ugefaangen déi éischten op däitsch synchroniséiert Deeler vun "Raumschiff Enterprise" ze senden. Awer nëmme 26 vun am ganzen 79 sinn der fir de Däitschen an och Lëtzbuerger Publikum erausgesicht ginn. D'Receptioun vun dëser Serie war bei eis déi éischten 10 Joer eng ausschliisslech däitschsproocheg. Wéi 1982 "Star Trek" fir d’éischte Kéier an enger franséischer Synchronisatioun op TF1 koum, du war den Zuch scho laanscht.

Kirk, e net-zäitgeméisst Männerbild

Wéi d'Serie awer bis bei eis um Schlappekino op Däitsch gelaf ass, war se an den USA scho laang ofgesat. Alles wat deen Ament vun hannert dem Atlantik bis bei eis eriwwer koum, hat e puer Méint, éischter e puer Joer Verspéidung. Exotesch war et awer schonn, dass den Captain Kirk e Männerbild bruecht huet, dat éischter aus den 1950er Jore koum an net wierklech an d’Bundesrepublik vum Ufank vun den 1970er gepasst huet.

Do hu sech, deen Ament, vill Fraen am Kader vun enger zweeter feministescher Well, awer och wäit doriwwer eraus, zum Beispill géint den Ofdreiwungsparagraf 218 gewiert. De Captain Kirk war a senger däitscher Versioun en Exot, a seng Präsenz um Televsiounsécran vun den 1970er Joere war eng wëllkommen Ofwiesslung an engem Fernseh-Alldag, deen deen Ament – net nëmme wéinst dem Fernseh-Apparat – nach gréisstendeels schwaarzwäiss wor.