Radioen

On air

Notturno  |  Lost Girls - Ruins

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Facéties am Escher Theater

Theater

Facéties am Escher Theater

"Facéties" heescht déi nei Choreographie vun de Bridder Christian et François Ben Aïm. Mat enger Referenz un de Stommfilm suerge sechs Akrobaten an Dänzer fir eng burlesk Ausernanersetzung mat klengen a grousse Momenter aus dem Liewen.

auto_stories

2 min

Et war hiren éischten Optrëtt mat dëser Choreographie virum grousse Public. Un der Presentatioun vu Facéties am Escher Theater hunn d'Bridder Christian a François Ben-Aïm zwee Joer geschafft. Den Danz huet sech am Laf vun de Prouwe weiderentwéckelt, mee deen säin Ufank laang virum Corona a Confinementer erlieft huet an dach esou wonnerbar an des Zäit passt.

Stommfilm als Inspiratioun

Dat Absurd, dat Komescht an dat Tragescht als Danz duerstellen - wéi dat geet, dat hunn déi sechs Interpreten, déi aus dem Danz an aus der Akrobatik komme ganz gekonnt op der Bün gewisen.

Déi grouss Heldinnen a Helden aus dem Stommfilm sinn hei d'Virbiller, mee dës Choreographie geet natierlech wäit iwwer de Slapstick eraus.

E Spill vu klassescher a moderner Musek, gescheiter Beliichtung an enger Onendlechkeet an der virtuoser Beweegung loosse keng Sekonn Langweil zou.

Et ass en Danz voll vu groteske Mouvementer, Kierperverrénkungen a Haltungen, déi an hirer Absurditéit mol u gebrache Mënschen, mol u blesséiert Villercher erënneren. E raffinéiert Zesummespill, ganz lass geléist a liicht, dat a senge Kontraster och seng Stäerkt weist.

Onermiddlech impulsiv

Déi permanent Extremen tëschent vereenzelte Soloen an der ganzer Ekipp, tëschent synchrone, spigelbildlechen a permanente abrupte Changementer vum Partner, vun der Richtung, vum Zesummendanz huelen d'Bün absolut an hire Besetz.

An trotz der onermiddlecher witzeger Impulsitéit, si Momenter vu Rou, vun Trauer an Elengsinn dran.

An de Schluss ass da keen, oder et weess een et net, op emol stinn d'Kënschtler do, de Rideau ass zou, kucken e bësse verluer, e bësse schéi an de Publikum, et klappt keen, well et net kloer ass, war et dat elo, oder geet et weider?

Et geet weider, kuerz, mee och dann... een Zeechen, mir wëllen net goen an de begeeschterte Publikum wollt se och am Fong geholl net goe loossen.