Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Daniel Balthasar - Got What You Wanted

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fashion oder Food? Zwou Bloggerinnen an hir Passioun

Blogger zu Lëtzebuerg

Fashion oder Food? Zwou Bloggerinnen an hir Passioun

Zu Lëtzebuerg gëtt mëttlerweil eng Communautéit vu Leit, déi um Internet Andréck an hir Passioun liwweren. Zum Beispill fir Scheinheetsproduiten oder gesond Ernährung. Zwou Bloggerinnen erziele vun hirer Approche a Motivatioun fir ze schreiwen.

auto_stories

4 min

D'Carmen Baustert ass d'Grënnerin vum Moud- a Beauty-Blog "Clothes and Camera". Ursprénglech war hire Blog op Moud fokusséiert. Mat der Zäit koumen awer ëmmer méi sougenannte "Beauty reviews" dobäi. Fir dës Kritike schafft si dacks mat Produzente vu Schéinheetsproduiten zesummen an test hir Wuer.

Fir si ass et eng Chance kënne Produiten ze testen, déi si sech normalerweis net géif kafen. Am Ufank hätt si alles ëmmer getest wat si geschéckt kritt huet. Mat der Zäit wier si awer méi selektiv ginn, well hir Haut sensibel wier. Elo géif si Marke proposéieren, déi op si zoukommen.

Obwuel Blogger net ëmmer fir hir Kritike bezuelt ginn, stellt sech dach d'Fro vun der Neutralitéit vun dësen Artikelen. D'Carmen Baustert ënnersträicht, datt si ëmmer hir eege Meenung an hire Kritike géif ënnerbréngen. Natierlech wier et flott wann een e frëndlechen E-mail-Kontakt mat de Partner hätt. Da géif si bei der negativer Kritik hiren zousätzleche Pefferkär ewech loossen.

Perséinlech Theme méi generell upaken

D'Lieser kënnen um Blog och mam Auteur a Kontakt trieden. Also zum Beispill e Kommentar hannerloossen oder eng Fro stellen. Do wiere vill Leit dobäi, déi just fir hiren eegene Blog Reklamm maache wéilten. Et wieren awer och heiansdo Demanden dobäi. Virun allem am Beräich vun der Hochzäit hätt si der ëmmer méi. D'Bloggerin gëtt am August nämlech selwer bestuet. Dëse méi perséinleche Sujet kéint een awer op eng méi generell Aart a Wéis upaken, an de Lieser zum Beispill Informatiounen iwwer d'Brautkleed oder d'Dekoratioun ginn.

D'Froen iwwer d'Artikelen an d'Reaktiounen dorop ginn awer jee no Blog wäit ausernaner. Déi geléiert Architektin Pascale Neuens huet ee Blog, op dem si ënner anerem Rezepter publizéiert. Si huet no Intoleranzen op verschidde Liewensmëttel eng Ausbildung als Ernährungsberoderin no traditioneller chinesescher Medezin gemaach an hir Ernährung ëmgestallt. Op hirem Blog géif d'Pascale Neuens wéinst hirer Ausbildung net just op Rezepter ugeschwat ginn, mee och ëm Rot gefrot ginn. Si mécht geziilt Blog-Bäiträg no de Wënsch vun hire Lieser, fir hinnen och Informatiounen ze gi fir déi si net bezuele mussen.

Fotoen als visuell Stäip

Am Géigesaz zum Carmen Baustert, huet d'Pascale Neuens bis elo nach net mat Marken oder Produzenten zesummegeschafft. D'Ufroe wieren nämlech fir Produiten gewiescht, déi net bei d'Konzept vum Blog gepasst hätten, seet d'Ernährungsberoderin.

Prinzipiell wier si awer net géint d'Iddi fir iwwer Produiten ze schreiwen oder se an hir Rezepter anzebannen.

Déi zou Bloggerinne gräife vill op Fotoen zeréck. Si ënnersträichen, datt dat e wichtegen Aspekt vun hirem Blog wier. Am Iess-Beräich wieren d'Fotoen zum Beispill eng visuell Stäip fir dem Lieser Informatiounen iwwer d'Liewensmëttel ze ginn, déi ee fir ee Rezept brauch. Hautdesdaags kéinte vill Leit sech näischt ënnert verschiddene Geméiszorte virstellen, sou d'Pascale Neuens. Ausserdeem géif een och léiwer vun engem schéinen Teller iessen. Fir d'Carmen Baustert wier et souguer dee wichtegste Volet vun engem Blog, well deen éischten Androck ziele géif. Nieft de Fotoe géif och de Layout an den Design zum wichtegen, visuellen Aspekt gehéieren.

D'Blogger Communautéit zu Lëtzebuerg géif den Ament méi wéi 200 Memberen zielen, seet d'Carmen Baustert. Si ass eng vun de Fondatrice vun der Grupp "Blogger_LU", an där Blogger hir Erfahrungen kënnen austauschen. Bloggen u sech géif et schonn eng ganz laang Zäit erfollegräich ginn. A souguer Moudezäitschrëfte géifen dorop agoen. Blogs wiere keng direkt Konkurrenz zu den Zäitschrëften, well de Contenu een anere wier. Et kéint awer sinn, datt Marken an Zukunft léiwer just nach mat Blogger zesummeschaffe wéilten. Dat kéint eng grouss Gefor fir Zäitschrëfte sinn, esou d'Carmen Baustert.

D'Pascale Neuens gesäit am Beräich vu Food Blogs awer nach eng aner Entwécklung: Aus de Rezept-Blogs géifen dacks Bicher entstoen. De Blogger-Domaine géif dowéinst sou bal net ausstierwen.