Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Chromeo - Words With You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Feliz aniversário António Lobo Antunes!

75. Gebuertsdag vum Schrëftsteller

Feliz aniversário António Lobo Antunes!

Seng Literatur ass kee liichte Kascht an dat soll se och net sinn. Mat sengem éischten, staark biographesche Roman iwwer seng Zäit als Militärdokter am Angola "Memória de Elefante", ass hie bekannt ginn. Dës Erliefnisser an Erënnerunge mat alle Konsequenzen, grad wéi säi Beruff als Psychiater, sinn ëmmer erëm d'Themen a senge Wierker. Den António Lobo Antunes feiert seng 75 Joer.

auto_stories

3 min

Nieft dem José Saramago kann een den Antonio Lobo Antunes zu de bedeitendsten zäitgenëssesche Schrëftsteller aus Portugal zielen. Villes verbënnt déi zwee, och wann hir Historiquë ganz ënnerschiddlech sinn.

Den Antonio Lobo Antunes gouf 1942 zu Lissabon an enger groussbiergerlecher Famill gebuer, huet Medezin studéiert an als Psychiater geschafft. Zënter 1985 huet hien d'Schreiwen zu sengem eenzege Beruff gemaach. 27 Bicher huet de villschreiwenden Dokter publizéiert. Wat hie méi al gëtt, wat hie méi produktiv ass. E Schrëftsteller, dee keen Auto a keen Handy, kee Computer a mol keng Schreifmaschinn besëtzt.

"Si hate mir mäi Kand geklaut."

Portugal haut a gëschter, Angola bal ëmmer dertëschent. Dat sinn d'Ingrediente mat deenen hie seng Blieder handgeschriwwe fëllt. Disparat Perséinlechkeeten an dystopeschen Erzielungen, an deenen Zäit a Raum sech vermëschen.

"Ech hätt mir net kënne virstellen, datt ech zu sou enger Roserei fäeg wier. Well si hate mir souguer mäi Kand geklaut. Dat kanns du net verzeien. An doriwwer schreiwen ech an alle Bicher, op déi eng oder déi aner Manéier. Et erfënnt een näischt, et schwätzt ee just vu sech."

Doriwwer schreift hien, iwwer seng Zäit als Militärdokter am Angola-Krich an de Joren 1971 bis 1973, sou den Antonio Lobo Antunes, kierzlech an engem Interview um ZDF an der Emissioun Kulturzeit. An där Zäit ass seng éischt Duechter gebuer, an den Antonio Lobo Antunes huet säi Kand kennegeléiert, wou et schonn iwwert ee Joer al war.

Kritesch Sätz a poetescher Sprooch

Dat alles kann hien net verzeien, sou wéi hien den Angola-Krich an d'Salazar-Diktatur net verzeie kann. Als Member vun der kommunistescher Partei souz hie während dem totalitäre Regimm am Prisong.

Als eng Zort "Nestbeschmutzer" gëtt den Antonio Lobo Antunes genannt, hie léisst kee gutt Hoer un der politescher a sozialer Entwécklung vu Portugal, och net un der post-sarazinescher. Seng kritesch Sätz schreift hien awer an enger ganz poetescher Sprooch, wou ee mol net tëscht Dram a Realitéit a Gedanken a Fabuléieren ënnerscheede kann.

Déi éisträichesch Literaturkritikerin Sigrid Löffler fënnt ganz akkurat Wieder fir dem Antunes seng aussergewéinlech Literatur:

"Seng Romaner entfale präzis a ganz differenzéiert Zoustandsbiller vun der portugisescher Gesellschaft an iwwersteige se dobäi an d'höllesch Fratzenhaft, an d'Apokalyptescht. Wat hien erbäi halluzinéiert, wiem hien d'Stëmm gëtt, dat sinn dem Portugal seng Dämonen, esou grotesk wéi och fierchterlech."

E Favorit fir de Literaturnobelpräis?

Däischter an dicht si seng Geschichten, komplex an déifgrënneg seng Personnagen, opwullend a grausam seng Stëmmen. Et ass keng Ënnerhalung, déi den Antunes produzéiert. Duerch seng morbid Zeenen am marode Raum fléisst awer esou vill Humanismus, Sënnlechkeet a subtille Sarkasmus, an duerch seng lyresch Sprooch entsteet eng Melodie, déi een op eng grausam an awer wonnerschéi Manéier verzaubert.

Nous ne partageons que le goût du silence et nous nous regardons comme des étrangers séparés par une distance impossible à abolir, que penses-tu en fait de moi, de mon désir informulé de retourner dans ton utérus pour un long sommeil minéral sans rêves, pause de pierre dans cette course qui m'épouvante et dont j'ai l'impression qu'elle m'est imposée de l'extérieur, galop frénétique de l'angoisse vers le repos qui n'existe pas. (Mémoire d'éléphant)

E Kandidat a Favorit fir de Literaturnobelpräis, deen 1998 un de José Saramago gaang ass. Stockholm huet do gewisen, datt si och emol e gudde Choix mécht. Dat kéint déi schwedesch Akademie nach emol beweisen, mä e bëssen Zäit huet si, well den Antonio Lobo Antunes plangt op alle Fall nach dräi Bicher ze publizéieren. An da wier awer Schluss.