Radioen

On air

De Moien  |  Andréck vun engem virwëtzege Reesenden

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fest vun der Heemecht

Kultur

Fest vun der Heemecht

Mir wëllen iech ons Heemecht weisen ass eng Associatioun, déi 2015 gegrënnt gouf, a sech virun allem een Zil gesat huet, nämlech den interkulturellen Echange tëschent Lëtzebuerger a Flüchtlingen unzekierpen. Mat klenge Concerten an de Foyere fir Demandeurs d'asile huet et ugefaangen. Haut, knapps dräi Joer no hirer Grënnung, geréiert d'Asbl e reegelméissege Programm mat Aktivitéiten, déi vu ville fräiwëllege Kënschtler ënnerstëtzt ginn.

auto_stories

3 min

Et war eng Initiativ vum Museker Serge Tonnar, d'Associatioun Mir wëllen iech ons Heemecht weisen an d'Liewen ze ruffen. Um Ufank huet hie kleng Concerten an de Flüchtlingsfoyeren organiséiert an d'Noperschaft vun dësen Haiser häerzlech invitéiert, fir nolauschteren ze kommen an hinnen iwwer dee Wee den direkte Kontakt mat de Leit, déi hei zu Lëtzebuerg Asyl ugefrot hunn, ze erméiglechen.

D'Aktivitéiten, déi de Freideg, 2. November vun der Asbl geréiert ginn, gi vun Theater- a Graffiti-Atelieren, iwwer Danz- a Kachowender, bis zu Concerte vu Lëtzebuerger Museker, wéi zum Beispill vun der Sascha Ley, dem Maxime Bender oder dem Fruz Tonteling. De Samschdeg den Owend gëtt dann d'Fest vun der Heemecht am Atelier an der Hollerecher Strooss gefeiert, mam Serge Tonnar a Legotrip, De Läb an de Cojellico's Jangen. De Benefice vun dësem Concert geet integral un d'Asbl Mir wëllen iech ons Heemecht weisen.

"Eng immens Dankbarkeet"

Datt bei all den Aktivitéiten an de Foyere fir sech ze verstännegen, dacks mat Hänn a mat Féiss geschwat muss ginn, dierft jiddwerengem aliichten. Konscht a Kultur am Allgemenge bidden hei awer e wonnerbare Kommunikatiounswee, deen ebe grad ouni Wierder auskënnt. D'Sarah Ketema, eng vun den zwou Coordinatricë bei der Associatioun, ass dovun iwwerzeegt, dat grad dowéinst dës Aktivitéite bei de Leit an de Foyere gutt ukommen.

"Dee gréisste Feedback, deen ech vun de Leit kréien ass: Merci datt Dir un eis geduecht hutt. Et gëtt hinnen d'Méiglechkeet, fir iwwerhaapt emol Lëtzebuerger Residente kennenzeléieren an eppes zesummen ze schaffen. Sief dat mat den Hänn, oder am Beräich vum Theater, dat ass einfach eng Méiglechkeet, fir d'Äis tëschent Leit ze briechen. Et sinn der vill, déi um Ufank kucke kommen, ob si sech iwwerhaapt géifen interesséieren, mee zum Schluss si se praktesch all dobäi."

Eng gutt Méiglechkeet fir a Kontakt ze kommen

Sämtlech Aktivitéite gi vu Benevollen ugebueden, déi dann iwwer d'Associatioun eng Hëllef bei der Organisatioun erwaarde kënnen. D'Aarbecht vun Mir wëllen iech ons Heemecht weisen bleift net dobäi stoen, wéi d'Sarah Ketema erkläert.

"Et ass wierklech e Mix vu Benevollen a Leit, déi och emol an d'Foyere wëlle kucke kommen. Dat ass e gréisseren Deel vun eiser Aarbecht, Lëtzebuerger Residenten an d'Foyeren ze bréngen an deen éischten Echange ze ënnerstëtzen, well vu bausse weess een net ëmmer, "ass dat e Foyer, ass dat kee Foyer? Wéi kommen ech do eran?" Wann ee wëllt Benevole ginn, da weess een net, wou ee soll ufänken."

D'Associatioun gëtt weider ausgebaut

Zanter 2015 sinn hei eng jett Projeten zesummekomm, esou datt nieft ville Partner wéi der Croix-Rouge, der Caritas oder der Asti, elo och de Kulturministère mat enger Konventioun ënnerstëtzt. Hei ass am leschte September eng Enveloppe vun 100.00 Euro un d'Asbl gaangen, déi gestaffelt iwwer dräi Joer ausbezuelt ginn, fir den interkulturelle Programm vun der Asbl weider kënnen auszebauen.

Et ass jiddwereen, dee sech benevole un dëser interkultureller Integratiounsaarbecht wëllt bedeelegen, invitéiert, de Kontakt mat der Associatioun opzehuelen. Um Benefice-Concert de Samschdeg den Owend (3.11.) am Atelier ass och e Stand vun Mir wëllen iech ons Heemecht weisen opgeriicht, wat eng gutt Geleeënheet bitt, d'Associatioun an engem flotte Kader kennenzeléieren.