Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fillt den Homard Péng?

Theater

Fillt den Homard Péng?

Wéi mam Leed vun aneren ëmgoen? Mat dëser Fro, déi och schonn e Susan Sontag beschäftegt huet a mat der Méiglechkeet aus deem schlëmmste Leed nach eppes Positives ze zéien, domadder beschäftegt sech dem Ivan Panteleev seng Inzenéierung vum David Forster Wallace sengem "Am Beispiel des Hummers", dat leschte Samschdeg zu Bouneweg ze gesi war. De Frédéric Braun war d'Stéck fir eis kucken.

auto_stories

4 min

Opfälleg laang beschäftegt sech deen Här, dee grad op der Bün seng Schaffschong ausgedoen huet, mat de Stréckelen, déi hien elo säitlech vun de Schong dem Publikum entgéint a V-Form no vir op de Buedem leet. Da stellt hie sech op e Klapphocker, deen hie matbruecht huet a fänkt un iwwer de Maine Lobster Festival ze schwätzen.

Bei dësem Oktoberfestaartegen Event am amerikanesche Bundesstaat Maine ginn all Joer bis zu 25.000 Homarden vertilgt, déi virdrun am weltgréissten Homards-Kocher bei liewegem Léif hirer Bestëmmung zougefouert ginn.

Am Summer 2003 war den amerikanesche Schrëftsteller David Foster Wallace am Optrag vum Iessensmagazin Gourmet op Rockland un der nordamerikanescher Westküst gefuer, fir ënner Pseudonym iwwer dës alljärlech organiséiert Friessorgie ze berichten. Dësen Text war dann och d'Grondlag fir de Monolog, deen den däitsch-bulgaresche Schauspiller Samuel Finzi am Kader vum Monodrama Festival leschte Samschdeg an der Banannefabrik opgefouert huet.

Et verschléit engem d'Sprooch

Geschéckt bréngt hien et fäerdeg d'Onwuelsi vum scheinbar naive forstersche Reporter beim Ubléck vun de verurteelte Mieresbewunner eriwwer ze bréngen. A gluckst et nach am Publik vu Laache bei där enger oder anerer Pointe, esou verschléit et deene Meeschte geschwënn d'Sprooch. Gëtt dach hei d'Fro opgeworf, ob et eigentlech korrekt ass Homarde bei liewegem Leif an d'kachend Waasser ze jummen, allen Ausféierungen zum Trotz déi doropper erauslafe sollen eis dovunner z'iwwerzeegen, datt Homard kee Gehier hätten a folglech och näischt fillen.

Deem stelle sech awer Beobachtung entgéint vun Homard, déi sech mat hiren Zaangen um Rand vum Kachdëppen festklammeren an wuel net komplett averstane kënne si mat där mësslecher Lag, an déi si duerch Mënschenhand eragerode sinn.

Mir spieren, wéi den Här op der Bün dorëm beméit ass, eis net duerch seng Iwwerleeungen onnéideg onwuel fillen ze doen, an dach muss jo gesot ginn, wat ee net anescht unhuele kann, rompelt sech säi Gesiicht all Kéiers, wann en doriwwer schwätzt, pauséiert a beschleunegt seng Berichterstattung, fir eis aner net ze belaaschten, a muss dach virun esou enger erdréckender Beweislag kloer Faarf bekennen, kënnt hie net dorëm sech mat gemarterten Déier ze identifizéieren.

Net duerch Zoufall gesinn dem Här seng Schongstréckelen wéi Homardantennen aus, an hie selwer op sengen trapezfërmegen Klapphocker wéi ëm eng Floss verlängert Zwitterwiesen hallef Mënsch, hallef Homard.

E grousse Bou gëtt geschloen

Dem David Forster Wallace säi Consider The Lobster ass en Text iwwer déi Kompromësser, déi mer als Mënsche bereet sinn ze maachen, fir eis Realitéit unzehuelen. An der Inzenéierung vum Ivan Panteleev geréit de Fokus awer elo op d'Fro vun der Identifikatioun u sech an a wéi fern et méiglech ass friem Erfarungen iwwerhaapt nozevollzéien.

Et gëtt e Bou geschloen zum Holocaust an anere traumatesch Grenzerfarungen, zum Viktor Frankl, Iwwerliewenden vu Konzentratiounslager, Begrënner vun der véierter Wiener Schoul vun der Psychanalys an der Logotherapie a Verfechter vun der Iddi datt och datt d'Resilienz vum Mënsch hien och nach aus deene schlëmmsten Ëmstänn an Erfarungen Positives eraus zéie loossen.

Einfach op de Punkt bruecht: doduercher, datt de Mënsch selwer an esou Situatioune sech selwer géinteniwwer seng Mënschlechkeet behale kann, och wann alles ronderëm hien him dës ofschwätzt an alles dru setzt, fir aus him eng Saach, e Rescht, spréch eng Quantité négligable ze maachen.

Spéitstens hei gëtt awer kloer, datt dës Inzenéierung nach e weideren Text vum Foster Wallace, nämlech "Brief Interviews with Hideous Men", zur Grondlag huet, wou dann och vun enger Vergewaltegung rieds geet, engem Opfer vun engem brutalen Iwwergrëff, méi genee, deen dës Persoun iwwer dat vollt Ausmooss vun der mënschlecher Fäegkeet Béises unzeriichten opgekläert hätt, awer eben och iwwer seng eege Kapazitéit, deem seng Mënschlechkeet entgéint ze stellen, esoulaang wéi si um Liewe wier, an also eppes Positives aus deem Negatiivsten eraus ze zéien.

An och wann dee Bou vum Homard iwwer Konzentratiounslager bis hin zu Vergewaltegungen net esou richteg gelénge wëllt an hei vun zwee oder e puer méi verschidde Schong rieds geet an déi zwee Texter och vum Toun hir am Original net onbedéngt openeen zoulafen, esou ass dem Ivan Panteleev seng Opféierung mam Samuel Finzi op der Bün wann och net onbedéngt ëmmer geschmackssécher dach am Esprit vum Foster Wallace.