Radioen

On air

Notturno  |  This Is The Kit - All Written Out In Numbers

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Héich qualitativ Filmer

Festival de Cannes 2019

Héich qualitativ Filmer

Héich qualitativ Filmer konnten an de leschten Deeg um Film Festival hei zu Cannes hir Premièrë virun engem grousse Publikum feieren. Dem Terrence Malick säin neit Wierk "A Hidden Life", déi jonk senegalesesch Realisatrice Mati Diop, d'Crossover Band Rage Against The Machine an de Ken Loach hunn eng Verbindung zu enger Friddensbeweegung, déi d'Yoko Ono an de John Lennon 1967 mat engem e Slogan gegrënnt hunn.

auto_stories

4 min

Déi zentral Fro, déi de Filmemaacher Terrence Malick mat sengem neie Wierk "A Hidden Life" opwerft, an déi den Albert Camus sech scho viru 70 Joer gestallt huet, sief dat mat "La peste" oder uschléissend mat "Les justes", ass déi, op et der Wäert ass fir eng politesch Iwwerzeegung ze stierwen.

Dem Terrence Malick säin neie Film zielt d'Geschicht vum Franz Jägerstätter, en éisträichesche Familljepapp vun dräi Kanner, deen direkt nom Anschluss gewielt huet net mat de Nazien ze collaboréieren. Eng politesch Resistenz, déi him zu där Zäit säi Liewe kascht huet. De Jägerstätter hat nämlech d'Wiel: entweder hien decidéiert sech fir d'Léift zu senger Fra a senge Kanner, an deem hie seng politesch Iwwerzeegung ënnerdréckt. De Faschismus wäert souwisou alles zerstéieren, wat hie gären huet. Oder hie gëtt zum Märtyrer, an an enger gewësser Weis zum Jesus, an deem hien zwar anonym, mee als Symbol vun der Resistenz stierft, a sou bewosst wielt, näischt ze maachen, wat déi Onmënschlechkeet, déi am Gaangen ass sech breet ze maachen, ënnerstëtze géif. Deen Akt huet him zu Recht no sengem Doud eng Hellegspriechung zum Märtyrer vum Poopst Benedikt dem XVI am Joer 2007 bruecht.

"The Tree of Life", "The Thin Red Line" an "A New World": et gëtt keen anere Realisateur, deen haut esou e gutt Verständnis vun der bescheidener Plaz huet, déi de Mënsch op dëser Äerd soll hunn. Et ass ëmmer eng gefillsvoll Approche, an där d'Bestietnis tëschent der Kamera an der Natur eng ganz besonnesch Roll spillt. Sou gëtt de Mënsch beim Terrence Malick ëmmer als en Deel vum Ganze gewisen, an ni als Zentrum vun Allem.

Et ass am Numm vun enger Iddi, an och am Numm vu Gott, wou sou munch Kricher ugefaangen hunn, mee ni am Numm vun der Léift. Wäit fort vun den Institutioune seet all Relioun, an hirer Kärausso, just eppes aus, an dat ass Léift. An deem mir haut d'Leit dovunner iwwerzeegen, datt een erëm soll fir eng Iddi stierwen, bereede mir am Fong jiddwereen erëm lues awer sécher op en neie Krich vir.

Dofir kucken ech de Moment léiwer op e klengt onscheinbart Wierk, dat an der Niewesektioun Un certain regard leeft. Eng Komedie vum franséische Realisateur Christophe Honoré. Mat sengem Film bréngt hien et nämlech fäerdeg de Leit ze weisen, wéi ee seng al Relatioune verdaut, fir voll a ganz d'Léift zu deem Mënsch ze liewen, fir dee mir eis decidéiert hunn. Et kléngt simplistesch, mee et ass déifgrënneg: make love, not war.

Et ass erstaunlech, datt et bis ewell just déi jonk senegalesesch Realisatrice Mati Diop ass, déi dëse Message vun der Léift un d'Leit virundréit. Et ass wuel duerch d'Aarmut, datt op dësem Kontinent eng Bescheidenheet an eng Liewensfreed bei de Leit regéiert, déi hei alt mol erëm beweist, datt se keng Grenzen huet. Vill Realisateuren an dëser offizieller Competitioun hunn nämlech eppes Beängschtegendes gemeinsam, an zwar datt si alleguer eng Iddi oder en Objet iwwer déi Léift setzen. Ganz esou wéi wa si net richteg verstanen hätten, ëm wat d'Lidd "Killing in the Name of" vu Rage Against The Machine wierklech geet. Et geet dorëm eng Autonomie ze behale fir fräi kënnen ze denken. Well et ass just duerch d'fräit Denken, wou mir fir d'éischt mol eis intim Léift zu eiser Fra oder eisem Mann kënne weider kultivéieren. An et ass just déi Léift, déi eis et a schwéieren Zäiten erméigleche wäert, och eng Verbonnenheet zu eise Matmënschen ze spieren.

An deem Sënn brauche mir haut e Franz Jägerstätter, dee sech, esou wéi déi virdru genannten amerikanesch Grupp, rebelléiert, ganz an der Traditioun vum Camus. An deem Sënn si mir haut all dem Ken Loach säin Ricky Turner, deen am "Sorry We Missed You", trotz de ganzen Ongerechtegkeeten, déi op hien afalen, ni opgëtt mat friddleche Mëttele fir d'Léift ze kämpfen.