Radioen

On air

De Moien  |  Bruce Springsteen - Atlantic City

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mam Black Panther op Kriminellejuegd zu Manhattan

21 Bridges

Mam Black Panther op Kriminellejuegd zu Manhattan

21 Brécke verbannen zu New York d'Manhattan-Insel mat deenen anere Borroughs-Quartieren. Dës 21 Brécken hunn eng kruzial wichteg Roll am Thriller "21 Bridges", deen zënter leschter Woch am Kino leeft. Den Tom Dockal war de Film kucken an huet versicht nozezielen.

auto_stories

4 min

De Film wëllt sech als no-nonsense cop thriller ginn, dofir och elo hei eng no-nonsense Bespriechung ouni grouss Aféierung.

New York, owes spéit. Zwee maskéiert Gangstere briechen an e Restaurant an fir eng Kokain-Stopp auszeraumen. Natierlech geet näischt no Plang. Wann een och een Ament mengt - nu kuck, do sinn der zwee d'Trapen eropgefall. Der Informatioun no sollten am Keller do 30 Kilo Kokain verpak ronderëm trëllen. Den Informant huet awer eng Null vergiess. 300 Kilo leien do. Ongestreckt. Se raumen a wéi wëll, mee op eemol steet d'NYPD ouni déi klengsten Ukënnegung virun der Dier. D'Situatioun eskaléiert. Ee vun den Gangstere ballert drop lass, wéi wann et kee Moie géif ginn an hannerléisst siwe Flicke-Läichen. Copkillers on the run.

A fir Copkillers gëtt souguer deen häertste Cop spontan op d'Nuetsschicht gesat. Den Chadwick Boseman spillt e Flic, dee mat all Waasser gewäsch ass. Op den éischte Ablack moralesch integer - säi Papp war en dekoréierte Flic, ëmkomm in the line of duty an hie këmmert sech ëm seng dement Mamm - mee iergendeppes stëmmt net. Hien ass och net on-trigger happy.

De Black Panther Boseman setzt e kredibelen amerikaneschen Accent drop - et vergësst ee bal, datt hie vu Wakanda ass - kritt an der Persoun vun der Sienna Miller mat New York Slang e Sidekick zur Säit gestallt an zesumme solle si déi zwee Krimineller fänken. An zwar an e puer Stonnen. Si hu bis fënnef moies Zäit. Eent, zwee, dräi - Manhattan a seng 21 Brécke ginn zougemaach. Kee kënnt eran a keen eraus. D'Auer tickt.

E Film an der Traditioun vum amerikaneschen Thriller

D'Gebridder Russo - d'Realisateuren vun ënner anerem deene zwee leschten "Avengers" Filmer, déi mat Marvel modern Hollywoodgeschicht geschriwwen an d'Konkurrenz platt gewalzt hunn - ginn et elo mol e bëssi méi roueg un a produzéieren. Zu Venedeg ass schonn hir Produktioun "Mosul" gelaf, an där sech Flicke vu Mosul géint Daech Militante stellen. Mat "21 Bridges" also nach eng Flicke-Geschicht, just mat méi Brécken.

Natierlech ass "21 Bridges" elo méi an enger Traditioun vum amerikanesche Thriller geschriwwe wéi "Mosul". Hard boiled, wéi gesot no-nonsense Personnagen, déi just fir hiren Job existéieren a sech mat deem identifizéieren. Alles anescht gëtt zu Kollateralschued. "Heat" vum Michael Mann ass do e perfekt Beispill.

Op de Regiestull hunn d'Russos an déi aner Produzenten den ireschen Televisiounsrealisateur Brian Kirk gesat. "Luther", "Boardwalk Empire", "Game of Thrones" - esou munches huet sech bei him ugesammelt. Een am beschte Sënn vum Wuert Handwierker, dee propper, riicht effikass ze inszenéiere weess. An um Brian Kirk scheitert "21 Bridges" wierklech net.

Onnéideg Viréeën am Dréibuch

Mat engem eent-a Casting bleift d'Story vum Film an de richtegen Hänn, déi wëssen, wéi een aus Manhattan e Huis clos baue kann. Wann de Lockdown vu Manhattan geuerdert ass, d'blo Luuchten am Ausnamezoustand alles verbarrikadéieren an eisen Haaptprotagonist an där nocturner urbaner Hell séier ze agéieren huet - da funktionéiert "21 Bridges" am allerbeschten. Esoulaang de Flic ermëttelt a ronderëm hetzt fir de Kriminelle méi no ze kommen, fält de Film an där Vitess net vun de Been.

Mee d'Krux ass déi heiten. En Handwierker ass just esou gutt wéi d'Material, mat deem hie schaffen däerf. D'Dréibuch hëlt am leschten Akt Viréeën a Richtungen, déi de Film éischter an de Buedem drécken, wéi datt se him guttdoen. An dobäi si se "gutt gemengt". Natierlech weess ee wou et higeet - méi Drogen, d'Police, déi op eemol relax do ronderëm steet an dono ginn Zeien ëm den Eck bruecht. An dann ass den Haaptprotagonist e schwaarze Flic. Dat ass alles net subtil. Zwou Saachen: d'Onsubtilitéit ass net de Problem. Mee de Problem ass, wann den u sech einfach gehalene Genreplot onnéideg verkomplizéiert gëtt. Wat dann der Konsequenz vun der Handhabung an der Mise en scène am Wee steet. "21 Bridges" huet dowéinst op d'mannst dräi Schlussen. Dat ass net super.

Dat ass schued géigeniwwer dem Cast, dee warscheinlech e pulpy Neo-Noir versprach krut. Boseman, Miller, mee och den J.K. Simmons an eng ganz Rëtsch vu Kinosaarbechter, déi ee kennt, mee keen Numm op si setze kann.

Mee dovunner ofgesinn ass "21 Bridges" awer - bis op e gewëssene Punkt halt - e ganz potabelen dreckegen nuts'n'bolt Thriller, och wann déi amerikanesch Kritik iwwerduerchschnëttlech schlecht op de Film reagéiert. Et geet net ëm manner Brécken, mee ëm manner Plot!