Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Weyes Blood - Everyday

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Amazing Grace vum Sidney Pollack an Alan Elliott

Filmkritik

Amazing Grace vum Sidney Pollack an Alan Elliott

Am Summer vum leschte Joer koum déi traureg Nouvelle, datt d'Aretha Franklin, d'Queen of Soul, gestuerwen ass. Mee och nom Doud huet si nach laang net dat lescht Wuert gesot - respektiv gesongen. A bis dato inédite Filmopnamen, déi viru bal 50 Joer op Pellicule gebrannt goufen, léisst d'Aretha net just eng Kierch, mee och d'Kinossäll erzidderen.

auto_stories

4 min

D'Moundlandung vun der Apollo 11 an den 72er Gospelalbum vun der Aretha Franklin verbënnt op den éischte Bléck awer iwwerhaapt guer näischt. Mee: virun e puer Méint koum mam soberen Titel "Apollo 11" en Documentaire eraus, deen zu 100 Prozent aus bis dato inédite 70mm Archivbiller aus dem NASA-Archivkeller zesummegestallt war.

Epoustouflant, dat ass d'Adjektiv, mat deem een d'Resultat beschreiwe kann. Op eng änlech, an awer ganz anescht Manéier ass och elo "Amazing Grace" epoustouflant.

De meeschtverkaafte Gospelalbum

E puer Joer no der Moundlandung, 1972, huet sech déi deemools 29 Joer al Aretha Franklin - déi bis dohi carrement all hir bekannten Hitten an der Këscht hat - virgeholl, e Gospelalbum opzehuelen. Net am Studio, mee live. Mat Gospelchouer a Public inklusiv.

Foto: IMDb

Nom Succès vum Wadleigh sengem Mammutdocumentaire iwwer de Woodstock Museksfestival hu sech Marketingsfuzzie bestëmmt geduecht, datt do eng Méiglechkeet wier, fir mat dokumentareschem Material eventuell méi Unitéite vum Disk un d'Leit ze bréngen.

De Realisateur Sidney Pollack ass ugestallt ginn, fir mat enger Ekipp vu Kameraleit d'Opnamen anzefänken. Dat war 1972. Den Disk "Amazing Grace" gëtt bis haut de wichtegsten a meeschtverkaafte Gospelalbum vun der Museksgeschicht.

50 Joer méi spéit

Datt de Film "Amazing Grace" elo awer bal 50 Joer méi spéit eréischt d'Dagesluucht, voir Kinosdäischtert gesäit, huet méi mat rechtleche Streidereien ze dinn, wéi mat soss eppes. Louchen d'Bobinne bei der NASA ganz einfach iergendwou am Keller, huet sech an dësem Fall zum Beispill d'Aretha ëmmer nees dogéint gewiert, d'Opname public ze maachen.

Anerersäits - well de Pollack a seng Ekipp ouni Klapp geschafft hunn, war et deemools absolut onméiglech, déi Stonnen a Stonne vu Filmmaterial mam Sound ze synchroniséieren.

Mat der Aretha Franklin "aus de Féiss" - si ass bekanntlech am August vum leschte Joer gestuerwen - an Technik sei Dank, ass et awer elo geschitt. And what an Amazing Grace it is indeed!

Huet "Amazing Grace" bei Wäitem net de formellen Usproch vun engem "Woodstock" - dee jo am Director's Cut véier Stonnen dauert - punkt e genee do dran. An der Restrainte. Natierlech hëlt de Realisateur Alan Elliott - deen dem Sidney Pollack säi Material haut arrangéiert huet - verschidde Songs eraus, déi um Album fantastesch sinn, mee dorëms geet et him net. Ëm wat et geet, ass ganz einfach um Bild ginn.

An der Kierch, der Bühn an dem Studio zugläich, huet een dräi Elementer. Hanner dem Altor d'Aretha! Hanner der Aretha de Gospelchouer. A virun der Aretha de Public. An do dertëscht ganz vill Gekabels a Mikrofonerie. An ouni, datt si et deemools woussten ass am Film e véiert Element an der Form vun der Filmekipp.

Et kéint e grousse Museksfilm ginn

Et ass dat Zesummespill aus all deem, wat "Amazing Grace" mat ganz vill Retard kéint zu engem vun deene ganz grousse Museksfilmer maachen. Mol kucken, wat d'Posterioritéit seet. D'Zesummespill aus der himmlescher Prestatioun vun der Aretha, déi net just nëmmen de Public an aner Sphäre bréngt. Also de Public net nëmmen deemools an der Kierch, mee natierlech och elo de Public virum Kinosecran.

Foto: IMDb

Alles a jiddweree brécht a Schweess an Tréinen aus. Och de Chouer, deen am Fong do ass, fir d'Aretha ze begleeden, léisst et sech net lompe fir opzesprangen, eranzejäizen an zesummenzebriechen. De musikalesche Leeder, deen op d'mannst esou expressiv ass wéi d'Franklin, dirigéiert e Chouer, an deem e puer Personnagë sinn, deenen ee bal op d'mannst esou gären nokuckt, wéi dem eigentleche Star vum Owend.

A bei all deem gesäit ee Pollack a Co. ronderëmwuselen, wéi si versichen, alles dat anzefänken. Si këmmere sech en Dreck, fir net am Bild ze sinn, dat gesäit een emol, wann een deem anere mam Fanger weist, e sollt d'Kamera séier do oder dohinner dréien. Hei do do do, film de Mick Jagger an de Charlie Watts, do hanne lénks am Sall! Et ass foutraque Chaos, mee de Cinéma vérité Charakter a Combinaison mat der Pellicule ass wonnerwonnerschéin!

Foto: IMDb

Wärend all deem steet d'Aretha Franklin an aller Rou, konzentréiert a fokusséiert wéi e Monolith hanner deem Altor an ass op der Héicht vun allem. Iwwer allem.

Hunn d'Whiteys on the moon, wéi de Gil Scott-Heron si genannt huet, den Himmel mat enger Rakéit wollte upaken, esou huet d'Aretha Franklin et zu L.A. an enger Kierch hikritt. An zwar just mat hirer Stëmm. Loosst Iech et net entgoen.