Radioen

On air

Notturno  |  Hania Rani - Hello

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vill Potenzial, ze vill Ego

Kino

Vill Potenzial, ze vill Ego

Vun der Kritik héichgeluewt an direkt vum "Sundance-Filmfestival" aus de Rocky Mountains, ass dem Matt Ross säi Roadmovie "Captain Fantastic" elo och hei am Kino gelant. Ee Film mat Potenzial, deem manner Ego gutt gedoen hätt.

auto_stories

3 min

(Foto: © Bleecker Street / Kathy Canavy)

De Roadmovie kann een dramaturgesch zeréckféieren op déi al griichesch Soen an op de Bildungsroman. Mir sinn awer net an engem literatur-historesche Cours, mä bei enger Filmkritik: Den amerikanesche Kino huet eng immens laang "Roadmovie"-Traditioun. Dëse Genre kennzeechent sech duerch déi metaphoresch Duerstellung vum Initiatiounswee a Form vun der Rees zu Fouss, mam Auto oder mat aneren Transportmëttel aus.

Den David Lynch huet scho virun 20 Joer ee Roadmovie mat engem Bop op enger Méimaschinn realiséiert. "Easy Rider", "Bonnie & Clyde" si Beispiller fir emblematesch "Roadmovies". En zäitgenëssescht Beispill ass "Little Miss Sunshine". A vun den europäesche guer net ze schwätzen. "Captain Fantastic" vum Schauspiller an neierdéngs och Realisateur Matt Ross ass och kloer e Roadmovie, ganz an der Inspiratioun vun engem "Little Miss Sunshine" vermëscht mat enger "Mosquito Coast" vum Peter Weir.

Sief datt en zu Cannes de Realisatiounspräis an der Kategorie "Un Certain Regard" krut, sou ass de Film honnertprozenteg e Produit vum Robert Redford sengem "Sundance-Festival" uewen an de Bierger. D’Kritik iwwerschléit sech bei dësem Film.

D'Liewe vun "Outbackers"

De Viggo Mortensen spillt eng Pappefigur, dee seng sechs Kanner wäit ewech vun enger Konsumgesellschaft am déiwen, amerikanesche Bësch, quasi am Hannergaart vu Sundance, probéiert ze erzéien. Dagsiwwer gëtt geléiert Hirschen ëmzeleeën, Fielsmaueren eropzeklammen a Feier ze leeën. An owes mussen d’Kanner Dostojevski an Nabokov liesen. Amplaz vu Chrëschtdag feiert d’Famill hir Alternativ, en "Noam-Chomsky-Day". Verschenkt ginn dann "Crocodile Dundee"-ähnlech riseg Messeren, fir de "Survival-Skills" weider Rechnung droen.

Enges gudden Daags klappt d’Tragedie un der Dier an d’Famill vun "Outbackers" ass gezwongen, mat engem coole Bus duerch d’USA ze reesen. Ënnerwee a bei "B" ukomm gëtt dem Mortensen seng Pappefigur awer ëmmer nees domadder konfrontéiert, seng "Homeschooling"-Erzéiungsmethoden a Fro ze stellen. Iwwerdeems d’Kanner - an dat ass keng Iwwerraschung - a viller Hisiicht komplett mat der Welt iwwerfuerdert sinn.

Den Zeenarist, deen ze vill weess

Maache mer eis näischt vir, dem Mortensen säi Personnage mengt et gutt mat senger Alternativ a Saachen Erzéiung, mä hien ass en "Eso-Faschist", ënnert deem seng sechs Kanner tatsächlech just nëmme kënne leiden. De Matt Ross a säi Zeenarist versichen deem de ganze Film Rechnung ze droen.

Tatsaach ass, datt d’Gesellschaftskritik, déi am Film gezeechent gëtt, zum Deel esou schwaarz-wäiss a platt ass, dat dat engem Kontinentaleuropäer zum Deel batter opstéisst. Dem Mortensen senger Figur no, ass organiséiert Relioun den Däiwel op der Äerd, mä hie pocht drop, dat seng Fra eng buddhistesch Verbrennung kritt.

D’Dialogen hëllefen och net. D’Kannerpersonnagë ginn och just nëmmen zum Deel ausgeschafft. D’Meedercher hunn esou gutt ewéi iwwerhaapt näischt ze soen. An awer, de Mortensen rappt mat senger Prestatioun de Film aus der Onerträglechkeet, säi roude Kostüm an enger moralesch bedenklecher "Scène phare" ass grouss an et ass ëmmer schéin, wann e Film mat sengem Titel en Elton-John-Album aus de 1970er Jorern referenzéiert. "Captain Fantastic" huet esouvill Potenzial, hätten de Ross an den Zeenarist hir allwëssend Egoen e bëssi erofgeschrauft, da wier de Film super ginn.