Radioen

On air

Resonanzen  |  John Williams - The Flying Theme, aus 'E.T.' (Film) - Hollywood Bowl Orchestra, John Mauceri (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Horse Girl vum Jeff Baena

Filmkritik

Horse Girl vum Jeff Baena

Liicht iwwerduerchschnëttlech kleng budgetéiert Genre-Indiefilmer fannen an der Reegel net méi de Wee op de groussen Ecran. An am Festivalscircuit ass wierklech kee Su ze maachen. Dofir ass de Wee op eng Streamingplattform méi einfach. "Horse Girl" ass esou e Film, deen zanter eppes méi wéi enger Woch op Netflix disponibel ass.

auto_stories

3 min

D'Duplass-Bridder sinn Dausendsassaen. Allebéid si si Schauspiller, allebéid produzéieren si an hu scho mol déi eng oder aner Serie kreéiert. Den Jay Duplass huet z. B. an "Transparent" matgespillt, de Mark Duplass huet "Togetherness" kreéiert an allebéid hu sech elo als Produzenten hanner de Film "Horse Girl" gestallt.

Dës nei Realisatioun vum Jeff Beana, dem Mann hanner de relativen amerikaneschen Indiehits wéi "The Little Hours" a "Life After Beth", huet net just nëmmen um Regiestull gesiess. D'Dréibuch huet hien zesumme mat der Alison Brie, der Vedette vum Film, geschriwwen.

Iergendeppes stëmmt net

Si inkarnéiert déi introvertéiert Sarah. Introvertéiert sief op dëser Plaz einfacherhalber dat ausgewielten Adjektiv. Hir sozial Kompetenze sinn net déi ausgeräifsten. D'Sarah schafft mat vill Freed an engem Bastelbuttek, bréngt vill Gedold a Sensibilitéit mat Clienten op an huet e gudde Rapport mat hirer Cheffin, vun der Molly Shannon gespillt.

Mee do dernieft schéngt si wéineg Frënn ze hunn. Si ass zwar am Zumba-Cours an huet eng Colloque, mee esou richteg connecten deet si mat kengem. Mee et ass net just dat. Iergendeppes stëmmt net mat hir. Spéitstens wéi de Frënd vun der Colloque d'Sarah nuets gesäit schlofwandelend op eng wäiss Mauer ze stuerken, ass dat kloer. Mee wat et ass, dat versicht de Film zum Theema ze maachen.

"Horse Girl" versicht Froen an de Raum ze stelle wéi: Wéi fillt et sech un, wann een eppes wouerhëlt, wat manifestement soss kee wouerhëlt? Wéi ass et, wann ee mam Gefill lieft, datt engem säi Gehier massiv Streech spillt? An esou weider an esou virun.

D'Alison Brie, wéi gesot Co-Zeenaristin vum Film, huet sech anscheinend autobiographesch un hirer eegener Familljegeschicht inspiréiert an där hirer Vergaangenheet mat Geeschteskrankheeten.

Vag an diffus

Dat ass u sech e ganz éierbare Sujet fir d'Actrice. A si gëtt och eng méi wéi zolidd Prestatioun of. Just: dat geet leider net duer. Well wann d'Dréibuch bei esou eppes net stëmmt, da kënnen de gudde Geste an duerch an duerch motivéiert Schauspiller d'Saach an der Reegel och net retten. An ze verantworten huet dat zum Deel d'Alison Brie och selwer.

Déi éischt hallef Stonn etabléiert sech de Film nämlech als e Film, deen eng sozial mëttelméisseg kompetent Fra am Mëttelpunkt huet, mat där een zimmlech séier zähneknirschend Matleed empfënnt, laang éier si vu Verschwierungstheorien, Paranoia an Angschtzoustänn iwwerrumpelt gëtt. Well genee an déi Richtung geet de Film iergendwann. Et gëtt ëm Alien-Entféierungen, ongekläerten Zäitspréng a Paralleluniversumen. Mee dat alles bleift immens vag an diffus.

Wat wëllt de Film?

An deementspriechend diffus bleift dann och, op wat de Film erauswëllt. Ass et e Kommentar an/oder Ausernanersetzung zum Theema Depressioun an Angschtzoustänn, verpaakt an engem Film, deen d'Genrecodë vun enger Plaz op eng aner schift oder ass et de geneeë Géigendeel?

Et ass net kloer genuch, wéi bei "A Beautiful Mind" vum Ron Howard, dee Schizophrenie zum Theema hat, mee et ass och net konsequent duerchernee genuch, fir datt ee sech wéi d'Haaptprotagonistin an de Realitéitsniveaue verléiere wëllt. An ob et herno Ausserierdescher sinn um Schluss, déi fir alles verantwortlech sinn, ass dem Spectateur just nach egal.