Radioen

On air

Grousse Kino  |  Grousse Kino - D'Liewen ass net ëmmer en Danz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Iwwerraschend kuerzweileg a gutt

La belle époque vum Nicolas Bedos

Iwwerraschend kuerzweileg a gutt

Ënner anerem hors compétition zu Cannes an op de Festivalle vun Toronto an zu London gelaf - eng franséisch Komedie huet dëst Joer den Tour ronderëm d'Filmwelt gemaacht. Et geet ëm de Film "La belle époque" vum Nicolas Bedos, deen zanter leschter Woch ze gesinn ass.

auto_stories

4 min

Wien hätt geduecht, datt een an engem Film vum Genre franséisch Komedie Versatzstécker aus der "Truman Show", "Westworld" a "Midnight in Paris" géif virfannen. Dat kléngt doruechter, mee waart, eng Sekonn.

Den Daniel Auteuil spillt den Zeechner an Auteur vu BDen, deem déi modern Welt an hir Coutumen e bëssi iwwer de Kapp wuessen. Seng Fra, vun der Fanny Ardant incarnéiert, kuckt deem ganze Spill méi schlecht wéi Recht no. Si gëtt däers Gesouers, Gegranz a Gemisanthrops vum Mann midd a gehäit hien enges owes virun d'Dier. Kuerz virdru krut hie vu sengem Filston e Cadeau. E Bong, deen hie bei der Boîte vum beschte Frënd vum Fils aléise kann.

Déi Firma bitt de Leit un, een Dag an enger Epoch vun hirem Choix ze erliewen. Sief dat beim Hemingway a Faulkner, sief dat bei Aristokrate vum 17. Joerhonnert. Dem Auteuil säin technophobe Personnage, deen des Liewens e bëssi midd ass, huet eng ganz präzis Virstellung vun der Epoch an dem respektiven Dag, deen hie rekonstruéiert erëmerliewe wëllt. Et soll deen Dag sinn, op deem hien Ufank den 1970er seng Fra kennegeléiert huet. Am Café mam programmateschen Numm La belle époque.

Den Nicolas Bedos ass engem e Begrëff, wann ee franséisch Tëlee kuckt oder wann engem de Familljennumm - Bedos - eppes seet. Den Nicolas ass dem Humorist Guy Bedos säi Fils an ass selwer en absoluten Dausendsassa. Chroniqueur, Schauspiller, Dramaturg, Theaterregisseur a wéi "La belle époque" weist, Auteur-Realisateur.

Ee frëscht Schreiwes

De Bedos versammelt fir säin zweete Laangfilm also elo Auteuil, Ardant, mee och Guillaume Canet, Doria Tillier, Pierre Arditi a Denis Padalydès. E Casting also, dee ganz an der routinéierter Maschinerie vum franséische Kino steet. Wat "La belle époque" awer ausmécht an tatsächlech aus där zum Deel penibel enormer Masse vu franséische Filmer erausstiechen deet, ass d'Dréibuch mat sengem - vläicht och just fir franséisch Verhältnisser, dat weess ech op dëser Plaz elo nach net ze beuerteelen - frësche Schreiwes.

"Truman Show", well eng inzeenéiert Realitéit ronderëm de Personnage ofleeft. "Westworld", well de Personnage vun där Realitéit weess an iergendwann och bezilt, fir senger Nostalgie fräie Laf ze loossen. An dann - natierlech - "Midnight in Paris" vum Woody Allen. En total ënnerschatene Film, dee vläicht dem Allen säi leschte wierklech grousse Film ass.

Nostalgie: de roude Fuedem

Genee wéi beim Allen, ass d'Nostalgie mat hire ganz lackelegen Dieren a frustréierende Limitte beim Bedos e roude Fuedem duerch de Film. Wéini ass de rosaroude Brëll op der Nues a wéini ass vergiess, dat dee Brëll nach op der Nues ass?

Den Nicolas Bedos superposéiert a senger à la Base nawell einfacher Libesgeschicht vum Boy, dee Girl nees wëllt zeréckkréien, eng ganz Rëtsch vu Realitéiten, déi alleguerten an enger Realitéit spillen.

Den Auteuil leeft der Ardant no, leeft a senger fir hien inzeenéierter Realitéit der Dora Tillier no, dat d'Ardant vun viru 40 Joer reenacte soll. Der Tillier hire Schauspiller-Ardant-Personnage ass u sech och d'Frëndin vum Guillaume Canet, dem Chef vun der Boîte, deen d'Inzeenéierungen opstellt. Just - deenen hir Relatioun ass och eng tumultuéis an de Canet kuckt net just dem Auteuil no, mee och der Fra vu sengem Liewen, déi an enger Roll engem anere Mann méi no kënnt.

Iwwerraschend gutt

Dat alles kléngt total haarsträubend, virun allem, wann een dann och nach weess, datt nach bis viru kuerzem Tillier a Bedos eng Koppel waren an een op eemol am Canet en Alter-Ego vum Bedos gesäit. Mee de Film fetzt vun engem Eck an deen aneren, ass zu engem groussen Deel immens dramaturgesch decoupéiert an deet een zu 90 Prozent vergiessen, wéi um Bord vun der Glafwierdegkeet déi ganz Prämiss déi ganzen Zäit schliddert.

Dem Bedos seng Neurose schweessen duerch den Ecran, wéi dat bei engem richtege Woody-Allen-Jünger muss sinn, an den Daniel Auteuil ass a sengem Understatement zum Deel esouguer richteg witzeg. Voilà, och wann dem Bedos iergendwann am zweeten Akt, wéi beim Allen, iergendwann kuerzzäiteg d'Loft aus dem Ee-Witz-Filmkonstrukt ausgeet, esou ass "La belle époque" awer iwwerraschend kuerzweileg a gutt, a jee nodeem, wéi een drop ass, esouguer existenziell touchéierend.