Radioen

On air

Tockcity  |  Caribou - Honey

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Neruda": Eng nei Zort Biopic

Kino

"Neruda": Eng nei Zort Biopic

De Pablo Larraín huet 2016 fläisseg geschafft. Zwee Filmer huet de chileneschen Regisseur gedréint, dorënner ee "Biopic" iwwert d'Jackie Kennedy an een ongewéinlechen Drama, dee mat Fantasie a Witz eng Episode aus dem chileneschen Poet Pablo Neruda sengem Liewen weist.

auto_stories

2 min

Datt de Pablo Larraín säi Film "Neruda" genannt huet, kéint engem déi falsch Impressioun ginn. Et ass nämlech keen traditionelle "Biopic" deen d’Liewe vum chilenesche Poet Pablo Neruda chronologesch oder vollstänneg weist. Am Géigendeel: "Neruda" ass eng fiktiv Konstruktioun déi sech op dem Poet säin Ënnerdauche bezitt.

Schonn a sengem 2012 Oscar-nominéierten Drama "No" hat de Pablo Larraín Fiktioun a Realitéit op eng ongewéinlech Manéier zesummegewierfelt. De mexikaneschen Acteur Gael García Bernal hat deemools ee Publicitaire während dem Pinochet-Referendum an de spéiden 1980er Jore gespillt.

E kommunisteschen a "geféierlechen" Neruda

Am "Neruda" huet de chilenesche Regisseur d’Talenter vum Bernal nees ugefrot: dës Kéier spillt hien am Film een Detektiv, deen de kommunisteschen, an dowéinst "geféierlechen" Neruda, afänke soll. Doropshi gëtt de Film zu enger fantastescher Verfollegungsjuegd, déi sech duerch d’ganzt Land zitt, vermëscht mat enger Grëtz Film Noir. Et gëtt gewise wéi de Neruda duerch seng Poesie, d’Massen inspiréieren a leede konnt.

A realisteschen Zeene gëtt déi repressiv Politik vum chilenesche Regierung ugedeit, de Pinochet ass och kuerz als Kommandant vun engem Konzentratiounslager ze gesinn. Gréisstendeels bleift de Film awer am Fantasteschen, jo liicht Surrealisteschen. De Neruda gëtt brillant vum chileneschen Acteur Luis Gnecco interpretéiert, deen de Schampes-Kommunist mat Witz a Verrécktheet spillt.

En egoisteschen an iwwerhieflechen Idealist

De chilenesche Poet gëtt als Idealist duergestallt, deen awer grad esou egoistesch wéi och iwwerhieflech ka sinn. Dëse mécht sech och ee Spaass dorausser dem jonken a naiven Detektiv mam Numm Oscar Peluchonneau Krimien um Wee ze hannerloossen an dobäi ze stëppelen.

Dem Poet seng aristokratesch argentinesch Fra (Mercedes Moran) a Membere vun der kommunistescher Partei hëllefen dem Neruda sech virun den Autoritéiten ze verstoppen.

Detektiv: Just ee Niewepersonnage

Déi zäitweis skurril Prisen, dat violett ugehauchte Bild an den ongewéinleche Fokus ginn deem Ganzen eng verdreemte Qualitéit. Doduerch ginn de Poet an den Detektiv an eng Welt versat an där et onkloer ass, wien Iwwerhand huet. Duerch de ganze Film verleeft ee "Voice-Over" mam Detektiv senger Stëmm. Hien hannerfreet sech selwer a stellt lues a lues fest, dass hien am Liewe vläicht ee Niewepersonnage spillt dee vum Neruda kreéiert ginn ass.

"Neruda" ass een ongewéinleche stiliséierte Film deen de Genre vum "Biopic" frësch presentéiert an dobäi Risikoen ageet, déi schlussendlech opginn.