Radioen

On air

Notturno  |  Lucio Battisti - Ami Ancora Elisa

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat wier, wann de Spike Lee "Back to the Future" produzéiert hätt?

See You Yesterday vum Stefon Bristol

Wat wier, wann de Spike Lee "Back to the Future" produzéiert hätt?

"Back to the Future" gëllt net zu Onrecht zu den amerikanesche Filmklassiker aus den 1980er Joren. Mee stellt Iech emol vir, datt net de Steven Spielberg, mee de Spike Lee dee Film produzéiert hätt. Genee dës Virstellung kann een zanter e puer Deeg op Netflix gesinn. "See You Yesterday" heescht dësen éischte Film vum Stefon Bristol an den Tom Dockal huet en de Weekend gesinn.

auto_stories

3 min

D'Haaptprotagoniste vu "See You Yesterday" - zwee schwaarz Teenager an der New Yorker Bronx, d'CJ an de Sebastian - verbrénge vill Zäit mateneen. Virun allem kuerz virun der grousser Vakanz. Et gëllt de Wëssenschaftsprojet am Lycée fäerdegzemaachen a virzestellen. Déi zwee Jonker sinn drop an drun, mat Rucksäck, e puer Schläich an engem Molekular-Ëmkéier-Prozess, e kuerzzäitegt schwaarzt Lach opzemaachen fir - Dir wësst elo, wat kënnt - duerch d'Zäit ze reesen.

No e puer mësslongene Versich geléngt dann iergendwann déi Zäitrees. De Sprong no hanne geet zwar just ëm een Dag, an d'schwaarzt Lach bleift just knapp zéng Minutte bestoen, éier déi zwee nees zeréckgeschoss ginn. No der éischter enormer Freed stellen déi zwee sech natierlech d'Fro, wat fir eng Finalitéit esou eng Zäitrees soll hunn. Dem Ex eng auszewëschen däerf jo awer net genuch sinn.

Eng hallef Stonn am Film geschitt, wat an der Bronx, an an den USA, dagdeeglech quasi geschitt. Bei enger Konfrontatioun mat der Police kënnt dem CJ säi grousse Brudder ëm d'Liewen. Et dauert net laang nom Begriefnes, bis datt déi zwee Teenieen decidéieren, zeréck an d'Zäit ze reesen, fir deen onnéidegen Doud vum Brudder ze verhënneren.

Am popkulturelle Kontext gehéieren Zäitreesen zanter Joerzéngten zum zäitlosen Inventaire. Vun der éischter H. G. Wells "The Time Machine" Filmadaptatioun iwwer "Back to the Future" - natierlech - bis zu "Interstellar" a ganz rezent den "Avengers", fir just déi Kinosfilmer ze nennen. Beim Stefon Bristol sengem éischte Film steet am Kär genee dat nämmlecht am Mëttelpunkt, wat och schonn am Wells senger Geschicht am Mëttelpunkt stoung. Verloscht. An de Versuch, deem Verloscht Paroli ze bidden.

Ausernanersetzung mat Realitéiten amplaz langweileg Dommheeten

Fir da "See You Yesterday" nach deen Aktualitéitsspin ze ginn, huet scho bal eppes Ongemittleches. Et ass üblech, datt sech Zäitrees-Filmer zu engem groussen Deel mat Dommheet ophalen, déi mat engem Feeler grouss opgeblose ginn an da gëllt et, dat nees riicht ze béie fir blouss nëmmen d'Zäit-Raum-Kontinuum net op de Kapp ze geheien. Dee vum Spike Lee produzéierte Film gëtt senge Protagonisten awer net deen - entre Guillements - Luxus. Keng Sportwetten, mat deene retroaktiv Millioune gehort ginn, keng Minipizzaen, déi an zwou Sekonnen an der Mikrowell grouss grouss gebak ginn. Schwaarz Jonker aus der Bronx ginn och a Science-Fiction Filmer vu Realitéiten ageholl, déi si dagdeeglech liewe mussen. D'Realitéiten an Notioune vu Police brutality, Rassismus a Chauvisnismus. De Filmkascht ass op den zweete Bléck net dee verdaulechsten, mee wann ee weess, dat dem Realisateur säin Zéipapp de Spike Lee ass, ass "See You Yesterday" an dëser Form net méi esou verwonnerlech.

Tëschent Iwwerwältegung a Frustratioun

De Film spillt nämlech ganz bewosst mat de Codë vun engersäits dem juvenile Spaass vu "Back to the Future" an anerersäits dem Spike Lee Univers, an deem vum "Boyz n the Hood" vum John Singleton - deen iwwregens ganz rezent gestuerwen ass. Dat zweet hëlt awer esou Iwwerhand, datt et dem Bristol zu engem gewëssene Grad egal ass, wéi seng Zäitmaschinn visuell funktionéiert an auszegesinn huet. Dee ganze Volet huet nämlech eppes vun engem Studentefilm. Esou häerzeg donieft a vu virgëschter sinn zum Deel d'Effekter. D'Exekutioun vum Volet Science-Fiction Film huet esou eppes Plompes u sech, dat de Film riskéiert, de Spectateur ëmmer op bal ze vill Distanz ze loossen. Fakt ass awer, datt de Film, och a virun allem mat sengem leschten Akt, de Spectateur entweder iwwerwältegt oder frustréiert. "See You Yesterday", dësen éischte Film vu sengem Realisateur lieft vu sengem Charme vun ongläichem dramaturgeschen Opbau a Schauspillféierung, an deem ganz klore sozio-politesche Message. E Film, dee säi jonkt Zilpublikum esou seriö hëlt, wéi wéineg Filmer soss a sengem Genre.