Radioen

On air

Notturno  |  Mathieu Clement Sextet - Coming Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Steve Jobs - e Closed system

Kino

Steve Jobs - e Closed system

"Steve Jobs" ass kee klassesche Biopic. Den Apple-Guru gëtt vum Danny Boyle an Aaron Sorkin entmystifizéiert. Am Film gi Parallelen zwëschent senger Psyche a senger Visioun vum Computer däitlech.

Danièle Wecker / ys

auto_stories

3 min

Dacks verkomme Biopics zu enger simplistescher moralistescher Fabel, déi engem weder mënschlech nach filmesch eppes bréngt. Dem Danny Boyle säi "Steve Jobs" ass awer nëmme vum Numm hier e konventionelle Biopic. Geschriwwe gouf de Film vum Aaron Sorkin. Hien ass bekannt fir säi bësseg-satireschen Toun a Wierker wéi dem David Fincher säi "Social Network". Awer och an Tëleesproduktioune wéi "West Wing" an "Newsroom". Alles anescht wei einfacht Material fir e Realisateur.

Film an dräi Akten

"Steve Jobs" suivéiert net de klasseschen Dickens-Prinzip vun enger Biografie, vu Gebuert bis Doud. De Boyle an de Sorkin ënnerdeelen de Film an dräi Akten, déi sech op d’Hannergrënn, metaphoresch wei visuell, konzentréieren. Mir kréien also de Background-Beräich vun 3 sougenannte Product Launches presentéiert: Vum éischte Macintosh am Joer 1984, iwwert den Next Computer bis zum iMac am Joer 1998.

De Film konzentréiert sech op eng Rei Personnagen, déi virun allem als Spigel fir den Jobs selwer fonctionnéieren. De Sorkin bleift sengem strukturelle Prinzip vum "walk and talk" trei. Besonnesch am Gespréich kristalliséiere sech déi manner sympathesch Qualitéite vum Jobs eraus. Zum Beispill, wéi hie refuséiert sengem Laangzäit-Collaborateur Steve Wozniak seng Aarbecht unz'erkennen. Oder wéi hie seng eegen Duechter net assuméiert. 

Iwwer déi sëlleche Joeren zerbriechen d’Léit entweder un hirer Relatioun mam Jobs oder si bleiwe bal bis an de Masoschismus trei. De Portrait, deen hei vum Jobs gezeechent gëtt, ass een ironeschen. Hie gëtt als Mann duergestallt, deen d’Kommunikatiounsmëttel Computer revolutionnéiert an dorop besteet dass Apple fir en intuitiivt a frëndlecht Produkt steet. Hie selwer ass iwwerdeems sozial a kommunikativ praktesch pathologesch inkompetent.

"Closed system"

Wat um Film awer virun allem interessant ass, ass de strukturellen Opbau, deen am Endeffekt dem Jobs säi Wiese visuell duerstellt. Vill Kritiker hunn d’Struktur als cinematographeschen Theater beschriwwen. Dat ass awer eng relativ simplistesch Iwwerleeung, nëmme well e Film sech an dräi Akte presentéiert.

Méi logesch wier d’Erklärung, datt de Film visuell genau dee "Closed system" duerstellt, deen den Jobs sech sou vehement fir den Apple Computer wënscht. Et kann ee souguer sou wäit goen a soen, datt de Fonctionnement vum Jobs sengen Iwwerleeungen a seng Psyche selwer och e Closed system duerstellt, dee weder Empathie weist, nach e Stimulus vu baussen unhëlt. De Film iwwersetzt seng intern Ofgrenzung visuell, andeems déi bal klaustrophobesch Kameraféierung matt extremer Hektik de Personnagen duerch Couloiren a Raimlechkeeten nohetzt.

E Wierk, wat sech eppes traut

Hei gesäit een, wei zwee esou ënnerschiddlech Charaktere wei de Boyle an de Sorkin sech um Ecran aarbechtstechnesch ergänzen. De Film presentéiert en héich strukturéierte Formalismus, deen ëmmer bal an de Chaos rutscht, mee et packt, duerch déi extrem visuell Kontroll vum Boyle dem séieren Dialog vum Sorkin entgéint ze wierken.

De filmeschen Erfolleg vu "Steve Jobs" huet natierlech och immens vill matt deenen exzellente Schauspiller ze dinn. De Michael Fassbender bréngt et fäerdeg, de Jobs matt all sengen onsympatheschen Eegenschaften a sengem Gott-Komplex als méi komplizéiert wei als egozentresche Genie duerzestellen.

Steve Jobs ass en erwuessenen an intelligente Portrait vun engem Mann, dee mat senge Produkt-Konzeptioune wei wuel keen aneren eis Welt geformt huet. Dem Film säin extreme Formalismus an seng onkonventionell Approche wäerten net fir all Spectateur sinn. Awer hei handelt et sech em e Wierk, wat sech eppes traut. An dat geschitt leider vill ze seelen am Kino.