Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Chet Baker - Alone Together

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ The King vum David Michôd

Filmkritik

The King vum David Michôd

Wie keng Zäit a Loscht huet, d'"Henriad" vum Shakespeare ze liesen, kann doheem op der Couch Netflix umaachen an "The King" kucken. Den neie Film mam Timothée Chalamet bréngt Versatzstécker aus fënnef Theaterstécker vum Immortal Bard an engem Film zesummen.

auto_stories

4 min

Shakespear'ianesch gëtt et am Kino esou laang wéi et dat beweegtent Bild gëtt. Mol méi, mol manner direkt a wuertwiertlech. X Filmer vum Akira Kurosawa sinn zwar Gangster- oder Samurai-Filmer, am Esprit an an der Konstellatioun vu Personnagen an Intrig fräi Shakespeare-Adaptatiounen. Op där anerer Säit steet e Kenneth Branagh, dee bis ewell bal eng hallef Dosen eent zu eent Shakespeare-Stécker fir de groussen Ecran adaptéiert huet. Dorënner och ganz fréi a senger Carrière "Henry V.". "Henry V." war och d'Stéck, dat sech de Laurence Olivier 1944 fir säi Realisatiounsdebut virgeknäppt huet.

"The King", dem David Michôd seng zweet Realisatioun fir Netflix steet e bëssi tëschent deenen zwou Approchen. Engersäits fräi, anerersäits guer net. Mam Schauspiller Joel Edgerton huet de Michôd sech dem Shakespeare seng komplett "Henriad"-Tetralogie zur Hëllef geholl, fir d'Geschicht vu "The King" ze erzielen.

Foto: IMDb

An déi ass bei der Längt vum Film vun am Ganzen 2h20 séier erzielt. Am 15. Joerhonnert ass den Henry IV. net méi ganz 100 prozenteg bei Verstand a seng Gesondheet ass och net méi déi Bescht, an et ass just eng Fro vun der Zäit, bis datt de Successeur um Troun sëtze muss. An dat wier dee jonken Hal - gespillt vum Shootingstar vum Ament, dem Timothée Chalamet. Den Hal huet awer esou eppes vu keng Loscht op den Troun. Hie géif am léifsten dagan dagaus mat sengem gudde Frënd Falstaff weider drénken an houeren, mee bei aller Beniwweltheet weess de Falstaff, datt de jonke Prënz der Geschichtsschreiwung net entkomme kann.

Frësch um Troun geschitt mam Hal, dem Henry V., wat jiddwerengem virdru geschitt ass. D'Muecht mécht aus him en anere Mënsch. Käpp rullen an d'Iddi schläicht sech a säi Kapp, dat et awer héich Zäit wier, d'Fransousen ze iwwerfalen an ze bekrichen. Mee ass et wierklech hien, de jonke Kinnek, deen iwwerleet an agéiert oder sinn et seng Conseilleren, déi mat enger verstoppter Agenda schaffen?

Eng Manéier fir mat de Schëlleren ze spillen, fir ze weisen, datt ee mat fette Budgeten hantéiert, ass, en enorme Ritterfilm ze produzéieren. Dat huet Netflix an zwee Joer zweemol gemaach. D'lescht Joer war et de "Sequel" zu "Braveheart Outlaw King", elo also "The King". An däischtere, geäerten Naturtéin a Faarwe versicht de David Michôd mat Präzisioun d'15. Joerhonnert nees operstoen ze loossen. Um Production Design ass guer näischt auszesetzen, dofir awer um Rescht.

De Film huet zwou grouss Schwieregkeeten. D'Schwéierfällegkeet, mat där sech d'Dramaturgie vun A op B schleeft ass dacks zéngmol esou schwéier wéi e Ritterkostüm. D'Motivatiounen an d'Personnage si kloer erëmzëerkennen, well een hir Gerüster an enger Abberzuel vu Filmer a beim Shakespeare souwisou ëmmer an ëmmer nees gesinn huet, mee d'Exekutioun vun eeben deene Motivatiounen an d'Entwécklunge vun de Personnagen rennt am fënnefte Gang duerch de Film, sou datt ee Schwieregkeet huet alles nozevollzéien. A gläichzäiteg fillen sech déi zwou Stonnen 20 vill méi laang un. Geet dat op d'Kap vun der Realisatioun oder vum Schreiwes? Et ass net ganz kloer.

Foto: IMDb

Enttäuschung Nummer zwee ass leider de Chalamet. Den Timmy wiesselt am Film tëschent genee dräi Gesiichtsexpressiounen, an déi sinn agedeckt an en anachronistesche Emo-Goth Mantel, dee sengem Henry net hëlleft glafwierdeg ze ginn. An dobäi ass säi Casting absolut interessant. Zwee Personnagë retten de Film: dat ass engersäits den Edgerton, dee selwer an d'Haut vum Falstaff eraklëmmt.

Anerersäits ass et de Robert Pattinson, deen a ganzen 3,5 Zeenen däerf de franséischen Dauphin ofginn. An zwar mat engem franséischen Accent à la Your mother is a hamster Monty Python Ritter der Kokosnuss. En Optrëtt, deen net nëmmen als Ventil déngt, an dem Film e bëssi Loft gëtt, mee dee beweist, wéi charismatesch Schauspiller mat wéineg Effort jiddweree widder d'Mauer spille kënnen.

"The King", ausser Kompetitioun op der Mostra gewisen, ass Héichglanz-Netflix vum Feinsten, deen awer net wierklech weess, wat en Neies ze erzielen huet, wat déi aner Filmer a Beaarbechtungen nach net erzielt hunn. Mee bon, egal wat op dëser Plaz gesot gëtt, d'Chalamet Fans, därer et wierklech genuch gëtt, wäerten hiren Timmy am Ritterkostüm weiderhin opfriessen.