Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Womack & Womack - Teardrops

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Cleo

Filmtipp

Cleo

D'Eva Cools ass eng flamännesch Realisatrice an Dréibuchautorin, déi scho wärend hire Filmetuden op der Sint-Lukas zu Bréissel vu sech schwätze gedoen huet. Nom Ofschloss 2007 a bis 2014 sinn nach zwee priméiert Kuerzfilmer bäikomm. Doriwwer eraus huet si Museksclippe fir eng ganz Rei bekannt belsch Bands gedréit, zum Beispill fir Intergalactic Lovers, Mauro Pawlowski oder The Sophomore Jinx. Elo kënnt Dir hiren éischte Long-Metrage "Cleo" op www.vod.lu gesinn. E Filmtipp vum Kerstin Thalau.

auto_stories

4 min

Wann d'Cleo erausgeet, dann ass hatt nees déi Zatz vu viru sechs Méint: souverän, oppen, impulsiv, expérimentéierfreedeg. Op der Danzpist fält hatt op. A wann deen Typ, deen hatt nach grad draguéiert hat, sech op eemol un eng aner erumécht, da gëtt d'Cleo och alt handgräiflech. Erstaunlecherweis schléit sech deen Owend spontan e Friemen op seng Säit, gëtt um A blesséiert, flitt aus dem Club. D'Cleo, 17 Joer al, ass charméiert, hëlt dee Friemen, gutt an déi 30, mat bei sech heem, an de Bréisseler Quartier Anderlecht, fir seng Wonn ze versuergen. Hie stellt sech als Leos vir, weist sech verwonnert iwwer den almoudeschen Interieur vum Haus. Hatt géif mat sengem klenge siwe järege Brudder Bruno bei senger "Bobonne", senger Boma, liewen, seng Eltere wieren als Diplomaten zu Washington, äntwert d'Cleo huerteg a léisst de Leos net zéien, éier hien him net seng Telefonsnummer ginn huet.

Duerch de Leos realiséiert de Spectateur kuerz drop, datt "Washington" Synonym fir déi Rees ass, vun där een net zeréckkënnt. Zeréck a senger Wunneng scrollt den Deelzäit-Kart-Mecanicien sech nämlech duerch eng Rei Zeitungsartikelen, an deene rieds geet vun engem trageschen Autosaccident, bei deem de bekannte Pianist Van Daele, seng Fra an hir Duechter Cleo mat hirem Gefier am Bréisseler Kanal gelant sinn. D'Eltere sinn erdronk, hiert Meedchen huet iwwerlieft. En zweete Won wier doranner verwéckelt gewiescht, de Chauffer hätt Farerflucht gemaach. Dobäi handelt et sech, kloer, ëm de Leos. Ausser him weess dat awer keen; mee hien ass net talentéiert am Iwwerspillen, gëtt ëmmer méi schwiereg an zougeknäppt a wéi d'Cleo bis Messagen op hirem gemeinsame Repondeur hannerléisst, verléisst seng Partnerin hien. Dem Leos seng introvertéiert Aart zitt d'Cleo dergéint magesch un.

Kontrollverloscht

D'Teenagerin war grad amgaang sech vun den Elteren ze emanzipéieren an op eemol ass alles an de Koup gefall, huet si keng Kontroll méi iwwer hire Kapp. Dee fillt sech zäitweis invincible, schliisslech huet en en déidlecht Accident iwwerlieft, dann iwwerfält en d'Cleo nees mat kannereger Trauer, mam Verlaangeren no den Elteren, mat Scholdgefiller, well d'Koppel - no engem Concert vum Papp - en Detour gemaach hat, fir hatt op eng Party sichen ze fueren; hatt meeschtert ganz alldeeglech Situatiounen net méi: kann an der Schoulschwämm net an de Basseng sprangen, sech net duschen, panikéiert am Beruffstraffic. Dat alles kritt hatt sengem gewinnten Ëmfeld net vermëttelt, mee hatt mécht sech no an no ausgerechent beim Leos op, dee säi Geständnis a Form vun engem perséinleche Bréif scho laang verbrannt huet, mee deem awer kloer ass, datt d'Cleo wësse muss, wat deen Owend geschitt ass, fir eng Etapp weiderzekommen.

Esou wéi d'Realisatrice an Zenaristin Eva Cools mam Theema Deuil ëmgeet, muss si dem Sujet, a wéi en an eiser Gesellschaft behandelt gëtt, ganz no gewiescht sinn. Si hëlt all hir Fiedem bis un d'Enn op a mat, a weist, datt, och wann d'Bouclë sech schléissen, den Ausgang am Liewen ëmmer ongewëss ass. Dëst gëtt och vun de Kameramouvementer ënnerstrach, wann e Fixe - op eng harmlos Situatioun - am Ralenti an eng Rotatioun glëtscht, wéi wann eppes onkontrolléiert entgleise kéint.

Eng glécklech Hand beim Casting

Interessant och der Eva Cools hire Choix, eis dat ze weisen, wat d'Cleo bewosst erlieft. Seng 1.001 Repetitioune fir e Pianosconcert, wou hatt sengem Papp säi Liblingskomponist, de Rachmaninov, interprétéiert, fir déi et och 1.001 Schoulstonne schwänzt, schéngt seng Trauerdemenz eliminéiert ze hunn a sinn deemno net am Film.

Zum Schluss nach e Wuert zum Casting: och do hat d'Eva Cools keng onglécklech Hand. Déi héich dekoréiert belsch Actrice Yolande Moreau - als Bobonne - an den Roy Aernouts - als Leos - iwwerzeegen, mee d'Anna Franziska Jaeger als Cleo ass souzesoen d'Rachmaninov vum Film ... an dat an engem Ramones-T-Shirt. A wou kënnt dat Talent dann hier? Mee, aus dem Joer 1996, d'Mamm ass déi belsch Dänzerin a Choreographin Anna Teresa de Keersmaeker, de Papp den éisträichesche Konschtvermëttler Gerhard Jäger.