Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tëschent Heldenhymn an "I'm a passenger"

Filmtipp La Gomera - The whistlers

Tëschent Heldenhymn an "I'm a passenger"

De Mëttwoch sinn nees nei Filmer an eise Kinoen ugelaf: zum Beispill de Biopic "Judy", an deem d'Actrice Renée Zellweger d'Ikon Judy Garland interpretéiert, oder dem Belsch Fabrice Du Welz säi Coming-of-age-Thriller "Adoration", deen an der grandioser Kuliss vun den Ardenne spillt. D'Kerstin Thalau huet de rumänesche Film "La Gomera" am meeschten iwwerzeegt.

auto_stories

3 min

"La Gomera - The Whistlers" start genee do: op der Kanareninsel "La Gomera" a bei de "Whistlers". Op et sech dobäi ëm Päifen handelt, dierf jiddweree fir sech decidéieren, si beherrschen op alle Fall El Silbo, e Kommunikatiounssystem, bei deem Wierder net geschwat, mee haart gepaff ginn, fir datt se wäit iwwer d'Insel, iwwer Bierg an Dall, ze héiere sinn. An dat ass tatsächlech keng Fiktioun: d'Unesco schätzt, datt et haut nach iwwer 20.000 Silbadores, also Benotzer vum Silbo Gomero, ginn; d'Sprooch ass mëttlerweil Flichtfach an alle Schoulen op der Insel La Gomera an 2009 gouf se an d'Lëscht vum immaterielle Weltkulturierwe vun der Unesco agedroen.

Mee zeréck bei de Start: de rumänesche Polizist Cristi soll op La Gomera El Silbo léieren. Tatsächlech ass d'Sprooch vun den Urawunner an enger Iwwerwaachungsgesellschaft, an dësem Fall Rumänien, méi sécher wéi Handyen, déi ouni Problem ofgelauschtert kënne ginn. De Cristi ass awer net a berufflecher Missioun; nodeems hie sech jorelaang fir 1.000 Euro de Mount geplot huet, ass hien ewell méigleiseg ënnerwee. Seng spuenesch Päifproffen op La Gomera mëschen am internationalen Drogeschäft mat, ënner anerem och a Rumänien.

Hire Kontakt do: de jonke rumänesche Matrassefabrikant Zsolt, dee Sue fir d'Drogemafia wäscht. Dommerweis ass deen ugeschmiert, op däitsch "verpfiffen", ginn a kënnt an de Prisong. Allerdéngs huet hie virdrun nach 30 Milliounen Euro op d'Säit schafe kënnen, an un deenen ass net just d'Police interesséiert. Mat Hëllef vun El Silbo soll den Ermëttler Cristi de spuenesche Verbriecher hëllefen, de Zsolt aus dem Prisong ze befreien. Ufanks päift de Cristi op La Gomera aus dem leschte Lach, mee mat e bësse Sport an alldeeglechem Päifunterrecht kléngt hie relativ séier wéi en onschëllege Villchen.

Eng vertrackte Geschicht

Domm just, datt seng Cheffin, no e puer Widderspréch an dem Cristi sengem bizare Verhéier vum Zsolt, hirem Beamte schonn eng Zäitchen net méi traut. De Cristi hat matkritt, datt seng Wunneng verwanzt ass, mee och de Büro vu senger Cheffin gëtt ofgelauschtert. Wie schafft also fir wien?

Säin Undeel um Drogegeschäft verstoppt de Cristi dowéinst léiwer bei senger Mamm, déi d'Geld natierlech prompt entdeckt an der Kierch spent. Si mécht sech scho laang Suergen ëm hire Fils, deen net bestuet ass a keng Kanner huet. Awer och nach korrupt? Héich Zäit deemno, datt de Paschtouer intensiv fir hire Fils biet. Nach méi komplizéiert gëtt d'Geschicht fir de Cristi doduerch, datt hie sech an d'Gilda, dem Zsolt seng iwweraus attraktiv Frëndin, verkuckt huet, déi hirersäits de Polizist éischter als Loser gesäit. Mee de Cristi schéngt keng Idealer, keng Iwwerzeegunge méi ze hunn; déi nei Gefiller fir d'Gilda sinn op eemol alles, wat bleift.

Tëschent Heldenhymn an "I'm a passenger"

De Cristi gëtt gespillt vum Vlad Ivanov, aktuell ee vun de gefrote rumäneschen Acteuren. De rumänesche Realisateur Cristian Mungiu hat hie fir säi priméierte Film "4 Méint, 3 Wochen, 2 Deeg" als Ofdreiwungsdokter Dr. Bebe engagéiert; an der Marion Ade hirem "Toni Erdmann" war en den Ueleg-Geschäftsmann Illiescu; säi Charakter Cristi positionéiert hien iergendwou tëschent engem Bill Murray a "Lost in Translation" an engem tragesch rouegen, finnesche Kaurismäki-Held. Warscheinlech developpéiert zesumme mam Realisateur vu "La Gomera", dem Corneliu Porumboiu, zanter 2005 ee vun den neien "Darlingen" zu Cannes.

D'Kritik u Machismus, Korruptioun, u blannem Glawen, de Bléck fir absurd Situatioune schéngen zwar déi typesch Ingredienze vum moderne rumänesche Film ze sinn, mee de Porumboiu spillt gekonnt mat dësem Mix, réiert nach d'Desillusioun a Saache Korruptioun ënner, schafft mat cinematographesche Referenzen, blent zum Beispill amerikanesch Westernfilmer an, déi zanter den 1960er a Rumänie besonnesch beléift, allerdéngs och staark zenséiert waren. Oder, fir et mam Soundtrack auszedrécken: Op d'Hymn vum Ennio Morricone, geschriwwe fir Helden, déi fir d'Gerechtegkeet kämpfen, äntwert den Iggy Pop fir de Cristi mat "I'm a passenger".