Radioen

On air

Notturno  |  Airship81 - Glow

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Finding Gobi

Buch-Tipp fir de Summer

Finding Gobi

Et kéint am Fong eng schéi Filmgeschicht sinn, mee se ass reell, awer esou schéin, datt se elo tatsächlech verfilmt gëtt. Wéi déi Renconter säi ganzt Liewen op d'Kopp geheit huet, wollt d'Angie Maquil erausfannen an huet d'Buch gelies.

auto_stories

4 min

Datt en Hond oder iwwerhaapt en Déier engem säi Liewen zum Gudde verännere kann, ass fir mech keng Iwwerraschung, awer dës Geschicht huet mech scho beandrockt. Den Extremsportler Dion Leonard huet sech nämlech wierklech net nëmmen zu engem absoluten Held fir Dausende vu Leit gemaach, mee hien ass bis an d'Zéiwespëtzten e bessere Mënsch ginn, wéi hie selwer seet. An dat spiert een och am Buch, dat dacks op den Tréinekanal dréckt.

D'Geschicht ass gutt geschriwwen, an et kritt een och vill Explikatiounen, wat sou Extremsportler iwwer sech ergoe loosse mussen oder wëllen. Déi extrem haart Trainingsstonnen, déi ee mat Momenter bal net novollzéie kann an och déi Courssen, déi Strapazen, déi de Kierper do matmaachen, aushale muss.

Ech hunn zäitweis mat gelidde mam Ultra Runner, wéi den Australier genannt gëtt, deen am léifsten duerch d 'Wüst leeft, do wou et batter kal an extrem waarm ass, do wou kee Mënsch ënnerwee ass, do leeft hien am Léifsten, stellt sech ëmmer neien Erausfuerderungen, ass immens éiergäizeg a wëllt ëmmer deen Éischte sinn, wëllt weisen, datt hien deen Allerbeschten ass.

Vum onséchere Mënsch zum Spëtzesportler

Dobäi war den Dion Leonard fréier weider net sportlech, hat Iwwergewiicht, hat Komplexer, war en onséchere Mënsch, deen op eng schwiereg Kandheet zeréckkuckt an hie war alles anescht, wéi deen Éischten am Liewen.

Eréischt mam Sport, mat de Coursse koumen déi éischte Medailen, déi éischt Succèsen, déi hien aus sengem bis dohin triste Liewe geholl hunn.

Mee alles dat war nach näischt mat deem, wat d'Renconter mat deem klenge Mupp fir hie brénge sollt, dem Gobi, e mini Mupp vu knapp e puer Kilo, deen hien sou genannt huet wéi do, wou hien him zougelaf ass, an der Wüst Gobi, dat war virun dräi Joer.

Beim Wüste Marathon am Nordweste vu China huet e klenge wuschelegen Hond, dee sech an der Wüst verluer hat, de Sportler erbléckst an hie keng Minutte méi aus den Ae gelooss.

Hond a Mënsch wuessen zesummen

Dee war ufanks guer net begeeschtert, war wéi sou dacks just mat sech a senger Course beschäftegt a wollt mam Hond guer näischt ze dinn hunn, an hien huet deem klenge Mippchen dat och gewisen. Mee deen huet sech net beaflosse gelooss, an de Sportler op Schratt an Tratt suivéiert. De Gobi huet nieft him giess a geschlof an ass mat him gelaf, esou wäit a vill, datt de Sportler schlussendlech zeréckgeschrauft huet mam Lafen, fir datt de Gobi mathale konnt.

250 km sinn déi zwee zesummen duerch d'Wüst gelaf, hunn zesumme gelidden a sech gefreet, an dee klenge Mini Mupp huet lues a lues eng ëmmer méi wichteg Roll am Marathon Alldag vum Sportler Dion Leonard iwwerholl. Deen huet och ugefaangen nom Hond ze verlaangeren, wann hien en net direkt gesinn huet, an hie krut Angscht, datt eemol ee kéint opdauchen, deem den Hond gehéiert.

Déi zwee sinn zesummegewuess, wéi eng kleng awer staark Famill, an dat ass sou wäit gaangen, datt den Dion Leonard e ganze Programm op d'Bee gestallt huet, fir de Mupp mat heem a Schottland ze huelen.

Mee aus China en Hond exportéieren, och wa kee weess, wou en iwwerhaapt hierkënnt, ass alles anescht wéi einfach a gëtt d'Geschicht vu sengem Liewen.

"De Gobi ass en Engel"

Den Dion Leonard huet alles, wierklech alles a Beweegung gesat. Hien huet Hëllef gesicht a krut se. Aus allen Ecke vun der Welt hunn d'Leit iwwer déi sozial Netzwierker reagéiert. Hu Sue gespent a gehollef, dee klenge Mupp ënner ganz schwierege Konditiounen aus China erauszekréien. Et ass hinne schlussendlech gelongen, an den Dion a seng Partnerin, déi de Gobi genee sou séier akzeptéiert huet, konnten de Gobi adoptéieren. Am Fong misst ee soen, d'Gobi, well et ass ee Meedchen.

Am Buch an och a villen Interviewen, betount den Extremsportler ëmmer nees, wéi dee klengen Hond säi Liewe verännert huet. "De Gobi ass wéi en Engel a mäi Liewe komm. Hien huet aus mir e bessere Mënsch gemaach."