Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Christina Rodrigues - Back Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fir ze laachen, fir ze kräischen

LuxFilmFest: Blog 1

Fir ze laachen, fir ze kräischen

Op engem Filmfestival sollten d'Filmer am Mëttelpunkt stoen... Déi zwee éischt Documentairen, déi mer gesinn hunn, sinn op hir Manéier traureg. Eng gutt béis Komedie kann do weider hëllefen!

auto_stories

3 min

Mat enger béiser Satire iwwer d'Filmindustrie gouf déi 12. Editioun vum Luxfilmfest um Ouvertures-Owend offiziell lancéiert - ee begréissenswäert Opootmen no de Rieden, mat deene versicht gouf, de Boykott vun de russesche Filmer ze rechtfäerdegen. An "Official competition" (Competencia oficial) vum argentineschen Duo Gastón Duprat a Mariano Cohn, kritt eng extravagant Realisatrice (Penélope Cruz) vun engem Millionär den Optrag, him e filmesche Meilesteen ze setzen. Déi zwee bescht Acteuren um Marché (verkierpert vun Antonio Banderas an Oscar Martinez) gi rekrutéiert, fir eng Brudder-Rivalitéit à la Cain an Abel ze spillen. Well ee wéi deen anere ganz vu sech ageholl ass, mussen déi zwee sech net vill ëmstellen...

D'Mise en scène vun deem ganz witzegen a gutt interpretéierte "Schwanzmoossen" ass brillant: an der iwwerdimensionéierter Villa vun der Realisatrice, wou geprouft gëtt, ass d'Plaz knapp fir zwee iwwerdimensionéiert Egoen. Déi mussen also fir d'éischt emol gebrach, dat heescht - bildlech mee och am richtege Sënn vum Wuert - duerch de Wollef gedréint ginn!

Documentaire-Kompetitioun: "Cow"

Ech hat, menges Wëssens, nach ni a mengem Liewen annerhallef Stonn um Stéck mat Kéi verbruecht. Dat war bis ech den Documentaire "Cow" vun der Andrea Arnold gesinn hunn. A mir sinn no drun, un de Kéi, ganz no drun (vläicht ze no?), a mir ginn eis bewosst, wéi massiv déi Déiere sinn. "Mitten drin statt nur dabei" däerfe mer materliewen, wéi d'Källefcher op d'Welt kommen a wéi se grouss ginn, friessen, saufen, grasen, idderzen, sech géigesäiteg oflecken, reproduzéieren, am Feld doruechter sprangen, am Stall zesummegepercht stinn...

Weesentlech Neies huet mer de Film awer net bäibruecht - an ech schwätzen als een, deen net um Land opgewuess ass! Mee mat den Déieren ass et vläicht genee wéi mat de Mënschen: et léiert een se eréischt richteg gutt kennen, wann een Zäit mat hinne verbréngt. Dat ass natierlech eppes aneschters, wéi se iergendwou am Hannergrond ze gesinn, en passant, als schwaarz-wäiss Flecken op enger grénger Wiss. Mënsche kritt een der (fir eng Kéier) net vill ze gesinn an dann och nëmmen am Hannergrond: e Veterinär, deen d'Kéi ënnersiche kënnt, oder Ziichter, déi d'Déieren op d'Feld dreiwen ("Come on, girls"!).

An awer sinn et mir Mënschen, déi am Mëttelpunkt stinn, ëm eis Relatioun zu dësen Notzdéieren, déi eis total ausgeliwwert sinn, vun den éischte bis déi lescht Momenter vum Liewen. Annerhallef Stonn mat "Cow" ze verbréngen heescht, sech iwwer all déi Saachen emol Gedanken ze maachen. Mee et ass ustrengend...

Documentaire-Kompetitioun: "I Fiori persi"

Dem Italo-Lëtzebuerger Fabrizio Maltese huet et Leed gedoen, datt hie seng Mamm ni gefilmt hat. No hirem Dout 2020 war et ze spéit. Nodeems säi Papp sech dunn no engem duebelen Häerzinfarkt an engem schwéiere Corona-Verlaf a sengem Haus zu Viterbo konnt erhuelen (respektiv de Confinement iwwerstoen), wollt de Realisateur et sech net huele loossen, wéinstens hien a beweegte Biller festzehalen.

"I Fiori persi" (Lost flowers) war net als Film geplangt. Eréischt nodréiglech koum d'Iddi op, déi zimmlech austère Alldags-Opnamen zu engem 72' Minutte laangen Documentaire zesummen ze schneiden, mat enger Zort Collage vun nature mortes a fotografesche Souveniren als Prolog. Dëse ganz perséinleche Film lieft haaptsächlech vun de ganz beréierende Momenter tëschent Papp a Jong, an deene sech déi zwee Männer déi viru Kuerzem verstuerwe Fra-Mamm an Erënnerung ruffen. Souguer an der dréchenster Wüüst (Deuil-Corona) fënnt een, wann ee gutt sicht, Liewen.