Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Sylvain Luc - Giant Steps/Goodbye Marylou

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Francofolies, en neie Musekfestival zu Esch

Musek

Francofolies, en neie Musekfestival zu Esch

D'Francofolies vu La Rochelle, 1985 lancéiert, ass e Festival dee virun allem d'franséisch Sprooch a franséisch-sproocheg Artisten an de Mëttelpunkt stellt. Speziell un de Francofolies sinn och hir Dependancen oder hiert "Netzwierk" an anere Länner. Et ginn deemno Francofolies a Kanada, Bulgarien, Île de la Reunioun, Neikaledonien an elo vun 2020 un och zu Esch/Uelzecht, an zwar vum 12. bis de 14. Juni 2020.

auto_stories

2 min

2018 gouf et zu Esch en éischte Versuch fir Francofolies. De Projet ass dono iwwerduecht ginn, an d'nächst Joer soll dann en definitiven Depart mat de Francofolies Esch/Uelzecht geholl ginn. D'Philosophie vun de Francofolies wär et de franséische Chanson respektiv och déi franséisch Sprooch iwwer d'Grenze vum Hexagon eraus ze propagéieren, esou de Gerard Pont, Direkter vun de Francofolies vu La Rochelle. An hie weist sech zefridden iwwert all nei "Gebuert" vun der Francofolies. Wat dann der Sprooch géif ze gutt kommen, eng franséischer Sprooch, déi de Gerard Pont "La langue des amoureux" nennt.

Francofolies am Häerz vun Esch an um Gaalgebierg

D'Francofolies vun Esch solle matten am Häerz vun Esch en Doheem fannen an zesumme mat de kulturellen Institutiounen wéi d'Kulturfabrik, de Theater an de Conservatoire schaffen. D'Concerte ginn am Park Gaalgebierg ofgehalen. Dernieft géif et e Projet ginn deen "eco-responsabel" ass, deen op d'Ëmwelt oppasst mat manner Dreck, méi recyclabelem Material a mat manner Energieopwand. Den Escher Kulturschäffen Pim Knaff betount datt Francofolies net nëmmen e Festival ass wou e Musek lauschtere kënnt.

Mais c'est également un projet écologique. Les Francofolies seront accompagnés d'une campagne de sensibilisation au respect des ressources naturelles. C'est un projet social qui va contribuer à la cohésion sociale. Le CIGL sera un des partenaires des Francofolies d'Esch.....Les Francofolies auront un impact évident sur le tourisme.

D'Francofolies passe bei Esch 2022

D'Gemeng Esch liberéiert e Budget vun 1,3 Millioune Euro fir Francofolies 2020, an et wär fir de Pim Knaff och e Projet deen bei Esch europäesche Kulturhaaptstad 2022 passt, well bei Esch 2022 och 10 franséisch Gemenge mat involvéiert sinn.

Et sinn och schonn Nimm bekannt vu Kënschtler déi bei de Francofolies 2020 zu Esch op der Bün stinn. Ënnert anere sinn dat déi franséisch Sängerin a Songwriterin Véronique Sanson, de belsche Sänger a Museker Arno oder déi Kap Verdianesch Sängerin Mayra Andrade, déi a Portugal vill Succès huet. Vu Lëtzebuerg sinn et de Chaild an de Ryvage.

Francofolies hunn de Label "Green Event"

D'Francofolies Esch déi nächst Joer vum zwielef bis de 14 Juni iwwert d'Bün ginn, hunn och de Label als "Green Event", dat heescht et gëtt besonnesch op d'Protektioun vum Site opgepasst, an et ginn Efforte gemaach ënnert anerem beim Choix vun nohaltegem Material, eng adequater Gestioun vum Offall oder och nach enger Verbesserunge vum Transport.

Vum 9 Dezember un kann een Ticketen iwwert d'Internet Säit francofolies.lu