Radioen

On air

Resonanzen  |  Luigi Boccherini - Concerto fir Cello Nr.2 a Ré Majeur, KV 479, III. Allegro Assai - Françoise Groben (Cello), Solistes Européens, Luxembourg, Jack Martin Händler (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Frankfurter Buchmesse 2015

Literatur

Frankfurter Buchmesse 2015

Et war anescht wéi d’Joere virdrun. Den iranesche Kulturministère huet d’Buchmesse boykottéiert, well de Salman Rushdie d’Ouverturesried gehalen huet. Den iranesche Schrëftsteller steet nach ëmmer ënnert enger Fatwa vum deemolegen Ajatollah Ruholla Chomeini. Dowéinst stoung d’Frankfurter Buchmesse ënnert dem Zeeche vun der Meenungsfräiheet a vun der Fräiheet an der Muecht vum geschriwwene Wuert. Den däitsche Buchpräis, de britesche Man Booker Prize oder nach Indonesien als Land vu Literatur, ware weider Themen op der Frankfurter Buchmesse dëst Joer.

auto_stories

4 min

Besonnesch erausgestrach huet dëst Joer d’Meenungsfräiheet. Den Iran war d’läscht Joer mat 282 Editeuren an 1200 Titelen op der Bicherfoire vertrueden, mee huet dëst Joer, aus Protest géint d’Ouverturesried duerch e condamnéierten iraneschen Auteur, d’Foire boykottéiert. Entspriechend traureg war d’Bild op där Plaz wou iranesch Editeuren hätte solle sinn, esou d’Journalistin Nathalie Bender no hirer Visite vun der Buchmesse.

De Jürgen Boos, Direkter vun de Frankfurter Buchmesse, an den Heiner Riethmüller, de Gérant vum Börsenverein des Deutschen Buchhandels, hu béid deklaréiert, datt d’Meenungs- a Publikatiounsfräiheet op kee Fall negociabel Wäerter wieren. D’Buchmesse wier eng Plaz, wou d’Welt méi grouss gemaach gëtt, fir datt an där Welt Plaz fir Gedanken ass.

Highlight vun der Foire war dem Nathalie Bender no an deem Sënn den däitsch-iraneschen Auteur a Journalist Navid Kermani, deen de Friedenspreis des deutschen Buchhandels krut. Dem Heiner Riethmüller no, well de Navid Kermani sech a senge Romanen fir Toleranz a Versteesdemech asetzt, dem Koran seng Schéinheet beschreift a sech vehement géint reliéis Ideologen wiehrt, déi d’friddlech Aussoen vun de Weltreliounen diskreditéieren a mëssbrauche wëllen.

Den däitsche Buchpräis

Den daitsche Buchpräiss ass dëst Joer un de Fränk Witzel gaang, fir säi Wierk Die Erfindung der Roten Armee Fraktion durch einen manisch-depressiven Teenager im Sommer 1969. D’Nathalie Bender huet sech op der Buchmesse zu Frankfurt mam Auteur ennerhal.

Man Booker Prize

Dee wichtegste Präis aus der britescher Literaturwelt ass dëst Joer un de jamaikaneschen Auteur Marlon James gaang, fir säi Roman A brief history of seven killings, e Roman dat sech op d’Attacke an de 70er Joeren op de Reggae Museker Bob Marley a seng Equippe inspiréiert. E weidere Beweis, esou d’Nathalie Bender, datt de Bichermaart am Beräich vun der Belletristik eng ganz politesch Dimensioun huet.

D’Editrice vun Oneworld publications, d’Juliet Mabey sot am 100,7-Interview, si wier der Meenung gewiescht et wier ee grousst Buch, een ambitiéist Buch. Mee si wier net sécher gewiescht wat de Jury um Enn géing zeréckbehalen, well ëmmerhinn sechs aner grouss Bicher am Renne wieren. “Wéi huet d’Equippe op d’Nouvelle reagéiert?”, esou d’Nathalie Bender. “Rather noisy”, esou d’Äntwert vum Juliet Mabey.

Indonesien

Indonesien, dat si 17.000 Insele vun der Imaginatioun, esou d’Nathalie Bender. E Land mat enger Literatur, déi gréisstendeels onbekannt ass, awer esou villschichteg, datt et sech lount sech méi genee fir déi Literatur z’interesséieren. D’Nathalie Bender huet sech mam Matgrënner vun der Lontar foundation, den John McGlynn, ënnerhal. Eng Stëftung, déi d’Promotioun vun Indonesien iwwert de Wee vun der Literatur mëscht.

Indonesien huet ronn 250 Milliounen Awunner. 1368 Editeure publizéieren 23.000 Bicher, esou d’Zuele fir 2014 vun der Indonesian Publishers Association.

Dem John McGlynn no, spigelt dat net déi richteg Gréisst vun der indonesescher Literatur rëm. D’indonesesch Literatur huet d’Particularitéit, datt se manner duerch kommerziell Editeure publizéiert gëtt wéi am Westen, mee vill méi an den Zeitungen, an der Presse, verëffentlecht gëtt. Der indonesescher Literatur steet am Moment virun allem d’Traditioun vun der mëndlecher Iwwerdroung am Wee, esou den John McGlynn.

AUDIO

D’Nathalie Bender, no der Frankfurter Buchmesse, am Gespréich mam Jean-Claude Majerus (19. Oktober)

De Bäitrag mam Gespréich mam Juliet Labey (Oneworld publications)

De Bäitrag mam Gespréich John McGlynn (Lontar foundation)