Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Fréier war méi Buch!"

Kultur

"Fréier war méi Buch!"

Ass d'Buch um Enn? Wie liest nach zu Lëtzebuerg? A wéi gesäit d'Zukunft vun der Literatur aus? An Zäite vun der Printkris ginn dës Froen ëmmer méi dacks gestallt. Amplaz bei dësem Sujet awer ëmmer méi haart ze blären, sollt een éischter méi genee hikucken, mengt de Samuel Hamen a senger Kulturchronik.

auto_stories

3 min

Samuel hamen (Foto: Archiv)

Déi däitsch Dageszeitung "FAZ" huet viru kuerzem d'Debattenthema "Lies- a Buchkris" lancéiert - mat deels wuchtege Polemiken. Een Dossier vum "Börsenverein des Deutschen Buchhandels" huet weidert Fudder geliwwert: Tëscht 2012 an 2016 huet den däitsche Buchhandel 6,1 Millioune Buchkeefer verluer. Aner Zeitungen hunn dëst Schwaarz-Wäiss-Bild e bësse méi faarweg gemoolt an dorops higewisen, datt méi Leit a kommunal Bibliothéike ginn, datt Literatur-Festivalen immens beléift sinn, datt méi Leit Hörbicher lauschteren. Insgesamt ass eng Literaturkonsum-Praxis skizzéiert ginn, déi net méi nom klassesche Modell Ech-kafen-een-Editeursbuch-an-enger-Librairie ofleeft.

Un d'Krisen-Narrativ vun der "FAZ" huet elo d' "Wort" pünktlech zu de Walfer Bicherdeeg ugeknëppt. Et géif fir d'Buch zu Lëtzebuerg vun allem manner ginn: manner Keefer, manner Librairien, manner Valorisatioun. Gepeffert gëtt den Artikel mat enger bizarrer Form vun Essentialismus: De Lëtzebuerger parkt an der Strooss vun der Librairie a geet laanscht d'Vitrinn, ouni sech d'Bicher unzekucken. De Lëtzebuerger jettet an d'Ausland, ouni sech Zäit ze huelen. De Lëtzebuerger ass ze gestresst, hie kuckt just nach op den Handy oder steet am Stau.

Denkfaule Kulturpessimismus

Fir d'éischt: Wie soll deen ominéise Lëtzebuerger sinn? Ech sinn deem op jiddwer Fall nach ni begéint. A wat ass mat all den Net-Lëtzebuerger? Spillen déi wéi sou dacks keng Roll, wann et ëm gesellschaftlech Analyse geet? Fir d'zweet: Datt een um Handy eBooks liese kann, datt ni sou vill geschmökert gëtt wéi an der Vakanz, datt een am Auto Hörbicher lauschtere kann - geschenkt, dat spillt fir dësen denkfaule Kulturpessimismus keng Roll.

Mee eng genee Diagnos vun der Buch-, Lies- a Literatursituatioun - an déi dräi Elementer hänken noutwennegerweis zesummen - kann ee sou net liwweren. Dozou misst ee vill méi Parameter berécksiichtegen: Wéi beléift si Schreifatelieren? Wéi eng Bicher ginn online bestallt? Gi méi Leit op Liesunge wéi virun zéng Joer? Wéi vill Säite Literatur goufen 1998 an 2018 vun eenheemeschen Editeure publizéiert? Gëtt méi op Blogs verëffentlecht? Wien dës Froen net stellt, kann net novollzéien, wéi eng Entwécklung de Buchsecteur zu Lëtzebuerg huele wäert.

Op medienökonomesche Verschiebungnen an technologesche Preferenze reagéieren

Wien d'Buch als bildungsbürgerleche Fetisch wäertschätzt, jo, fir deen ergëtt sech aus ville Mini-Observatiounen d'Gefill vun engem Déclin. A wann ee mam moudesche Krise-Begrëff schaffe wëll, da gëtt et eng Verlagskris, kombinéiert mat engem flexibiliséierte Mediekonsum. Ma et gëtt onofhängeg vun Alarmismus Schrauwen, un deenen een hei am Land dréie kann: Literatur-Import an d'Schoul, hiren Export an d'Nopeschlänner, virun allem awer eng konsequent Subventiounspolitik. An Éisträich kritt een Editeur scho mol eng staatlech Hëllef vu méi wéi 100.000 Euro d'Joer. An Däitschland soll et vun 2019 un eng Géisskan-Method ginn, insgesamt solle pro Joer eng Millioun Euro un onofhängeg Editeure verdeelt ginn.

Un enger Saach ännert dat näischt: D'Buch huet seng Gatekeeper-Funktioun verluer, sou huet et den Jo Lendle, de Chef vun "Hanser", ausgedréckt. Et ass net méi de Mëttelpunkt vun der Wëssens- a Kreativgesellschaft. Ass dat schued? Nawell. Ass dat schlëmm? Scho manner. Literatur kann een och onofhängeg vun der Institutioun Buch ausliewen. Ass et schro? Jo, virun allem fir d'Editeuren. Ma dohannert sti medienökonomesch Verschiebungen an nei technologesch Preferenzen, op déi ee präzis a realistesch reagéiere muss - a keng Dekadenzgeschichten, wéi d'Kregéiler se sou gären erzielen.