Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Frontalier am TNL

Theaterkritik

Frontalier am TNL

E Mann steet am gewinnte Stau, wéi all Dag, wann hien iwwer d'Grenz fiert fir op seng Aarbecht ze kommen. Hie léisst senge Gedanke fräie Laf an déi féieren hie ganz wäit fort fir ëmmer erëm am Haut an am Hei unzekommen. "Frontalier" heescht d'Theaterstéck vum Jean Portante, dat de Frank Hoffmann inzenéiert huet. Op der Bün de franséische Schauspiller Jacques Bonnaffé. D'Valerija Berdi war op der Première am TNL.

auto_stories

3 min

Wann an de leschte Jore vu Refugiéë Rieds war, dann ass an de Medien an an der Literatur dacks den Ausdrock Odyssee gefall. Et gëtt un enger geféierlecher Odyssee geschwat, enger onendlecher oder enger neier Odyssee. Effektiv war den Odysseus zéng Joer laang ënnerwee, mee, wat vergiess gëtt, et war nodeem hien e Krich gewonnen a sëlleg Mënschen ëmbruecht an a Flucht gedriwwen huet.

Mat dësem Mythos vum heldenhaften Odysseus raumt de Jean Portante a sengem Stéck Frontalier op, et ass awer natierlech net dat zentraalt Thema, säi Sujet ass, wéi den Numm et scho verréit, e Monolog vun engem Mann, deen e Frontalier ass.

An et wier kee Stéck vum Jean Portante, wann hien net géif méi wäit an d'Geschicht zeréck goen, seng eegen an déi vun de Milliounen Emigranten, a méi rezent, déi vun den Dausende vu Refugiéen, déi an de leschte Joren an Europa Hëllef an en neit Doheem probéieren ze fannen.

Eng enorm Leeschtung

Et ass eng Irrfahrt, physesch a gedanklech, aus der griichescher Mythologie bis op Aleppo, aus den italieneschen Abruzze bis an d Loutrenger Minnen, vun Afrika bis op Cattenom, vum Aeneas, dem mythologesche Papp vun de Réimer, bis bei de klengen Aylan, deen am Mëttelmier erdronk ass.

E komplexen, poeteschen an exigenten Text, mee déi beschte Virlag ass net vill wäert, wann d'Ëmsetzung net stëmmt. Déi hei ass se méi, wéi just stëmmeg! Hei sinn dräi Hären um Wierk, déi eng enorm Leeschtung fäerdeg bruecht hunn.

Bal annerhallef Stonn ass de franséischen Theater- a Filmschauspiller a Regisseur Jacques Bonnaffé op der Bün an all senge Formen ze gesinn, rosen a verzweiwelt, nostalgesch a verbattert, douce an aggressiv, an ëmmer iwwerzeegend.

Et gëtt een op dës portantesch Rees esou matgeholl, datt ee mat de Schmuewele matflitt, de gëftege Stëbs vun de Minnen an de Longe spiert, sech agespaart an ausgegrenzt fillt, soit, et ass ee vun all Saz, vun all Gest, vun all Stëmmung op der Bün matgerappt. Dës Inzenéierung léisst een net eng Sekonn opootmen, sech zeréckleeën, mat Gedanken ofschwäifen.

Gudden Theater

Hei ginn Emotiounen an den Intellekt enorm an Usproch geholl an hannert dëser exzellenter Regie stécht de Frank Hoffmann, assistéiert vun der Natalia Sanchez.

Et ass e ganz asketescht Bünebild, e klengen Holzdësch an zwee Still, e Stéck Kräid. Mat dëser Kräid zeechent de Bonnaffé Stricher an e Krees, verdäitlecht d'Banalitéit an déi gläichzäiteg d'Atrocitéit vun de Grenzen a wat et heescht, op der enger oder anerer Säit vun esou enger Linn ze stoen.

Eng Opféierung, déi weist, wat gudden Theater ausmécht, vun engem Auteur, deen eppes ze soen huet an dee weess, wéi een dat seet, enger Regie, déi dësem Manuskript déi passend Déift, Authentizitéit a Respekt bitt an e Schauspiller, deen dësen Erausfuerderungen absolut gewuess ass.

Dozou sief gesot, datt elo grad Frontalier vum Jean Portante bei Hydre Editions publizéiert ass, an do kann ech just d'Lecture virun oder nom Stéck absolut recommandéieren.